search

/ Héichschoulministesch Stéphanie Obertin weist Kritik vun der ACEL zeréck

Plaz vun der Studentefoire

|
headphones

1 min

Héichschoulministesch Stéphanie Obertin weist Kritik vun der ACEL zeréck

Hir Partei stéing hannert hir. Dat sot d’DP-Héichschoulministesch Stéphanie Obertin op eiser Antenn, wéi si dorop ugeschwat gouf, datt si enger méiglecher Regierungsëmbildung zum Affer fale kéint. Si wier iwwerdeems iwwerrascht iwwert d'Kritik vun der Associatioun vun de Studentencercelen ACEL.

headphones

1 min

Wat d'Studentefoire op Esch-Belval ugeet wier ee fir d’Stéphanie Obertin nämlech an engem konstruktiven Dialog mateneen gewiescht. D’ACEL-Kritik, datt d’Uni als Site fir d’Studentefoire net gëeegent wär, huet d’Ministesch zréckgewisen.

"Déi Decisioun ass geholl gi viru menger Zäit, datt een am Fong déi Foire soll op engem Site organiséieren, deen am Fong méi spezifesch dem Objet vun der Foire och gerecht gëtt, an zwar engem Uniscampus. An ech mengen, et ass och do ganz wichteg, deene Jonken, also de Schüler, Deuxième a Première, wat déi Haaptusprochspopulatioun ass, déi mer do wëllen unzielen, fir deenen en Uniscampus ze weisen, wéi gesäit dat aus?"

D’uni.lu géif Asiicht an en Unisliewe ginn, an et géif net drëms goen, si mat där Foire ze promouvéieren, sou d’DP-Héichschoulministesch. Fir déi et schued wär, de Jonken eis Uni net ze weisen, woubäi souwisou 80% vun de Studenten an d’Ausland goe géifen. Op der Uni wären och méi Exposante gewiescht wéi op der leschter Editioun vun der Studentefoire an de Foireshalen um Kierchbierg, an et wär een am reegelméissegen Austausch mat der ACEL, fir ze kucken, wéi de Site Esch-Belval besser kéint organiséiert ginn.