Et wier nët zu Platzverweiser komm an och keng Protokolle geschriwwe ginn. D’Police hätt mat de Leit geschwat a sie iwwer d’Gesetzeslaach informéiert, an engems hätt een och Informatiounen iwwer deene Betraffenen hir Situatioun gesammelt. Dat wier esou och mat de Responsable vun der Stat Lëtzebuerg an der Police ofgeschwat ginn. D’Aktioun wier am gréissere Kontext vun der Lutte géint d'Drogekriminalitéit, géint déi illegal Immigratioun a fir d'garantéiere vun der Salubritéit ze gesinn, sou nach de Léon Gloden.
arrow_back_ios
search
search
/ Heescheverbuet a repressiver Phas: Bis elo nach keng Plazverweiser a keng Protokoller
Gesellschaft
Heescheverbuet a repressiver Phas: Bis elo nach keng Plazverweiser a keng Protokoller
Sechs Polizisten an zwee Beamte vun der Police judiciaire an zivil ware gëschter an der Stat ënnerwee am Kader vun der Policeaktioun fir d’Heescheverbuet duerch ze setzen. Dat huet den Inneminister Léon Gloden den Dënschdeg de Mëtteg der Froestonn vun der Chamber erkläert.
auto_stories
1 min

(Foto: Michelle Barthel)