Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Justizministerin: Kee Verbuet fir Mendicité simple zu Lëtzebuerg virgesinn

Annonce no Chamberkommissiounen

Justizministerin: Kee Verbuet fir Mendicité simple zu Lëtzebuerg virgesinn

Et wier net d’Absicht vun der Regierung, d’Mendicité simple um nationalen Niveau ze verbidden, sou d'Justizministerin Elisabeth Margue de Moien no den zoustännege Chamberkommissiounen. Am Laf vun dësem Joer soll de Punkt vun der Mendicité simple bei enger méi globaler Reform vu Code Pénal kloergestallt ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

D'Elisabeth Margue | © Jo Diseviscourt play_arrow
D'Elisabeth Margue (Foto: Jo Diseviscourt)

Zum Schluss vun der Sitzung vun zwou Stonnen hätten d’Deputéiert Kloerheet vun der Justizministerin kritt, a wéi eng Richtung si bei hirer Reform wéilt goen, esou d’LSAP-Deputéiert Paulette Lenert.

„Dat freet mech, dass hei eng kloer Ausso komm ass, vu Säite vun der Regierung, datt se net wëlles hunn, d’Mendicité simple ze verbidden hei zu Lëtzebuerg. Dat déi Kloerheet geet an déi Richtung, wéi mir eis se wënschen.“

Elisabeth Margue: Méiglechkeet fir Mendicité simple plazen- an zäitweis ze verbidden

D’Justizministerin Elisabeth Margue wëllt awer net ausschléissen, datt Gemengen an Zukunft och déi einfach Mendicitéit zu veschiddenen Zäiten op verschiddene Plaze kéinten aschränken.

Et wier néideg, séier z’intervenéieren, huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser verlaangt fir Rechtskloerheet ze schafen a fir de Sécherheetsautoritéiten déi Moyenen ze ginn „déi si offensichtlech brauchen, mee nach net hunn".

Thewes a Reuter fir d'Stad a fir den Inneminstère aktiv, "absolut kee Probleem"

Et wier eng Realitéit, datt et an der Stad aggressiv an organiséiert Heescherei géif ginn, huet d’Buergermeeschterin an DP-Deputéiert Lydie Polfer haut widderholl. Si begréisst, datt d‘Police an d‘Justizautoritéite sech an Zukunft wéilten d‘Moyene ginn fir konkret dogéint virzegoen.

Iwwert déi juristesch Avisen, déi den Inneministère bei der Affekotenetude Thewes a Reuter an Optrag ginn hat, gouf haut nach net am Detail diskutéiert. De Léon Gloden war vun der Oppositioun kritiséiert ginn, datt dat dee selwechte Büro war, deen och fir d’Stad Lëtzebuerg um Theema aktiv war. „Ech mengen, datt dat absolut kee Problem ass“, sou den Inneminister.

Lauschterenplay_arrow