Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Heescheverbuet: Christian Kmiotek vun déi gréng denoncéiert sech selwer bei der Police

Heescheverbuet

Heescheverbuet: Christian Kmiotek vun déi gréng denoncéiert sech selwer bei der Police

De Politiker vun déi gréng, Christian Kmiotek wëll, datt d’Fro vun der juristescher Interpretatioun vum Heescheverbuet séier gekläert gëtt. Aus deem Grond huet hien decidéiert datt hien sech bei der Police selwer wéinst Heescherei denoncéiert.

auto_stories

1 min

Heeschen | © picture alliance dpa Boris Roessler
Heeschen (Foto: picture alliance dpa Boris Roessler)

D’Lëtzebuerger Police, soll den Dossier un de Parquet weiderginn. Bei sengem éischte Versuch sech selwer ze denoncéieren, hat hie vum Kommissär erkläert kritt, datt de Verbuet vum einfachen Heeschen abrogéiert wier, dat heescht gesetzlech ofgeschaaft.

De Christian Kmiotek huet awer insistéiert, well souwuel de Premier Luc Frieden, ewéi och den Inneminister Léon Gloden an d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, allen dräi Juristen net där Meenung sinn.

Lauschterenplay_arrow

De Christian Kmiotek gouf elo offiziell vum Police-Kommissariat “région capitale” fir nächsten Dënschdeg convoquéiert.