Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Haut komme Landwirtschaftsvertrieder an d'Ministerin fir Gespréicher beieneen

Lëtzebuerg

Haut komme Landwirtschaftsvertrieder an d'Ministerin fir Gespréicher beieneen

D’Regierung wëll d’Suerge vun de Baueren eescht huelen an op se lauschteren, sou de Credo vun der schwaarz-bloer Koalitioun. Ugangs Januar war et schonn eng Entrevue op héchstem Niveau mam Premier Luc Frieden. Haut um Méindeg ass de sougenannte Landwirtschaftsdësch beieneen, mat der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen an dem Ëmweltminister Serge Wilmes sollen elo konkret Punkten ugaange ginn.

auto_stories

2 min

headphones

5 min

play_arrow

Véier Punkte gesäit de President vun der Landwirtschaftskummer Guy Feyder als prioritär un: Déi senger Meenung no vill ze vill strikt Oplagë fir d’Bauen an der Gréngzon a fir den Asaz vu Pestiziden a Waasserschutzzonen an eng méi flexibel a praxisno Uwendung vun de Reegele fir Ammoniakemissiounen ze verhënneren.

Et géif net drëms goen Ziler a Fro ze stellen, mee d’Reegelen esou ze gestalten, datt se fir d’Landwirtschaft Sënn maachen, sou de Guy Feyder. Dee géif am léifste souguer nach méi wäit goen. Hie géif sech zum Beispill erwaarden, datt d‘Naturschutzgesetz nach eng Kéier op de Leescht ze huelen. D‘Interpretatioun dovu misst méi am Sënn vun der Agrikultur kënne gemaach ginn.

D'Landwirtschaftsvertrieder si virsiichteg optimistesch

Ee weidere wichtege Punkt wier den nationale Strategieplang wou op verschiddene Punkte misst nogebessert ginn, notamment wat d’Definitioun vun der Bauerenaktivitéit ugeet. De Guy Feyder weist sech am Virfeld vun de Gespréicher zouversiichtlech, de Marco Koeune, President vun der Baueren- Allianz ass e bësse méi virsiichteg. Et kéint ee sécher net op all Punkt direkt Äntwerte fannen, mee deelweis misste méiglech Léisunge fir d‘éischt analyséiert ginn.

D'Biobauere sinn net invitéiert

Mat dem Verband vun de Biobauere gëtt et haut ee groussen Absent um Landwirtschaftsdësch, eng Decisioun déi d’Daniela Noesen, Direktesch vun der Bio-Vereenegung net ka novollzéien. D‘Landwirtschaftsministerin hätt awer kloer gemaach, datt si d‘Landwirtschaftskammer an éischter Linn hir Gespréichspartner wieren.

An der Landwirtschaftskummer sinn och Biobauere vertrueden, sou d‘Argument vun der Ministesch. Si wäert d’Biovereenegung déi Woch drop awer separat empfänken.

Lauschterenplay_arrow