Op Invitatioun vum Groussherzog Henri si vum 29. Februar bis den 1. Mäerz den tschechesche President Petr Pavel a seng Fra Fra, d’ Eva Pavlová, op Visitt zu Lëtzebuerg. Begleet gi si vun enger Delegatioun, déi aus ronn 30 tschecheschen Entreprise besteet.
Wien gëtt iwwerhaapt invitéiert?
D’Maison du Grand-Duc këmmert sech ëm d’Organisatioun an d’Koordinatioun vun de Staatsvisitten am Palais. Den Yves Arend, Direkter vum Buereau du Maréchal de la cour, spillt dobäi eng wichteg Roll. Mee wien decidéiert eigentlech, wien invitéiert soll ginn? Den Yves Arend erkläert, datt de Grand-Duc dat zesumme mat der Regierung kuckt. An der Reegel gi Staatscheffen invitéiert, déi “like-minded” sinn, oder mat deenen de Grand-Duché vill Relatiounen huet, esou den Yves Arend. Wann ee sech op ee Gaascht festgeluecht huet, geet eng schrëftlech Invitatioun raus. Wa bis eng Äntwert komm ass, da fänkt am Hannergrond d’Organisatioun un.
Am Idealfall wéisst een och schonn ee Joer am Viraus Bescheed, mee an der Realitéit sinn et éischter sechs Méint, sou den Yves Arend. Normalerweis ginn et zwou bis dräi Staatsvisitte pro Joer. Et schwätzt een och just vun enger Staatsvisitt, wann et och de Staatschef ass, deen op Besuch kënnt. Entweeder op Invitatioun vum Grand-Duc, oder fir eng offiziell Visitt, respektiv eng Aarbechtsvisitt. Bei engem Premierminister schwätzt een also net vun enger Staatsvisitt.
Wien definéiert de Programm vun der Staatsvisitt?
D’Grondgerüst vun all Staatsvisitt ass dat selwecht. Den Accueil, de Galadinner, an eng Visitt um Kanounenhiwwel gehéieren zum Standardprogramm. Mat der deementspriechender Ambassade gëtt dann de Rescht vum Programm definéiert. Och Wënsch vun de Gäscht ginn dobäi consideréiert. Mee och de Grand-Duc an d’Regierung gi gefrot, ob et eppes Spezielles gëtt, wat si de Gäscht wëlle weisen.
Um Kanounenhiwwel, wou ee Kranz néiergeluecht gëtt, ass déi groussherzoglech Koppel net dobäi. Hei ass et de Premierminister, deen invitéiert. Hien ass och ee vun den dräi politesche Vertrieder, mat deenen déi tschechesch Delegatioun sech duerno am Salon des rois trëfft. Dobäi komme getrennten Audienze mam Chamberspresident Claude Wiseler a mam Ausseminister Xavier Bettel. Iwwer wat wärend den Audienze geschwat gëtt, ass de Gäscht vun der Staatsvisitt iwwerlooss.
Wou schlofen d’Gäscht?
D’Maison du Grand-Duc aktivéiert all Ressourcen, fir eng Visitt ze organiséieren. Vill verschidde Servicer gi mat agebonnen, wéi zum Beispill d’Militärmusik oder d’Police. Si evaluéieren och d’Sécherheetsstuf a passen op d’Presidentekoppel op. Den Yves Arend erkläert och, datt de Palais op extern Ressourcen zeréckgräift: Et ginn Autoen a Chauffeuren ausgeléint an zousätzlecht Personal fir de Service an d’Kichen. Hei gëtt et och eng Kooperatioun mat der Hotelsschoul.
Effektiv funktionéiert de Palais wärend enger Visitt wéi een Hotel. Et gëtt een Appartement am Palais fir d’Presidentekoppel. Dobäi kommen dräi bis véier Zëmmer fir Delegatiounsmemberen, déi no beim President solle sinn. Déi groussherzoglech Koppel invitéiert op d’Iwwernuechtung am Palais, mee heiansdo zéien d’Invitéen et vir, mat hirer ganzer Delegatioun an engem Hotel ze schlofen.
Wat gëtt sech geschenkt?
Zur Traditioun vun enger Staatsvisitt gehéiert och een Échange des cadeaux. De Gaascht bréngt eppes mat, an hie kritt och eppes vun der groussherzoglecher Koppel. Oft handelt et sech hei ëm Konschtobjeten. Den Yves Arend huet eis verroden, wéi eng Kaddoen dës Kéier verdeelt ginn. Sou kritt déi tschechesch Presidentekoppel eppes vu Villeroy et Boch geschenkt. Am Géigenzuch erhält déi groussherzoglech Koppel eppes aus enger bekannter tschechescher Glasmanufaktur.
Um Schluss vum éischten Dag steet dann de Galadinner un. A jiddereen, dee schonn ee Familljefest organiséiert huet, wéi tricky et ass, eng Dëschuerdnung ze maachen. Bei enger Staatsvisitt kann dëst dacks réischt puer Deeg virdru gemaach ginn, wa bis sécher ass, wien alles komme wäert.
An der Reegel ginn et eng 75 bis 80 Gäscht, esou den Yves Arend. Bei der Staatsvisitt vun der tschechescher Koppel sinn et der e puer méi: 86 Leit wäerten um Dinner deelhuelen. Déi groussherzoglech Koppel an d’Presidentekoppel sëtzen op der Table d’honneur. Zousätzlech ginn et nach sechs ronn Dëscher.
Bei där Geleeënheet hält de Grand-Duc och eng Ried. Eng éischt Versioun dovu gëtt vum Conseiller vum Grand-Duc, dem Marc Baltes, geschriwwen. Zesumme mam Grand-Duc an dem Maréchal gëtt d’Ried eng zweete Kéier iwwerschafft. Zu gudder Lescht kuckt d’Regierung och nach eng Kéier driwwer, fir d’Kohärenz vun de Messagen ze garantéieren. Schliisslech sollen de Staatschef an d’Regierung jo op enger Linn leien.
Wat gëtt et um Galadinner ze iessen
D’Fro, déi sech natierlech jidderee stellt: Wat steet beim Galadinner um Menu? Den Yves Arend huet eis et verroden. Als Entrée gëtt et eng Mousseline de noix de Saint Jacques bretonnes aux écrevisses. Den Haaptplat ass ee Fondant de filet de boeuf mat Gromperen a Geméis. Den Ofschloss ass ee Crousstillant glacée nougatine.
De Menu gëtt vum Kach vum Palais, dem Franck Panier, zesummegestallt. De Menu gëtt der groussherzoglecher Koppel proposéiert, a si hëlt dann déi lescht Decisiounen. Et gëtt och op Allergien opgepasst an Alternative fir Leit, déi kee Fleesch iessen. Den Yves Arend erkläert och, datt de Service à la française ass. Dat heescht, d’Iesse gëtt op Plateauen zerwéiert, an all Gaascht hëlt sech eppes vum Plateau erof.
Et ass eng grouss Ekippenaarbecht, betount den Yves Arend. Mee eng Aarbecht, déi vill Spaass mécht. An och am Palais muss um Enn vum Dag alles nees opgeraumt a gebotzt muss ginn, genau wéi doheem och.