arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hannergrënn vun der Caritas-Affär: Transkript vun der Episod 8

2. Staffel vum Doku-Podcast Zeenewiessel

|
headphones

28 min

Hannergrënn vun der Caritas-Affär: Transkript vun der Episod 8

An de Méint virum Milliounebedruch ass d’Caritas och schonn am Viséier vun Arnaqueuren. Firwat huet d’Finanzdirektesch dann tëscht Februar a Juli 2024 trotzdeem 125 Viremeneten a Spuenien gemaach? A wiem hunn déi spuenesch Konten eigentlech wierklech gehéiert?

headphones

28 min

Léonardo Kahn Donneschdeg, 11. Mee 2023, ee Mataarbechter aus dem Finanzdepartement vun der Caritas kritt ee Mail vum marc.crochet@gmx.de.

MCgmx Hello, hope you are doing well today? I will need you to sort out some payments for me today. Kindly email me when you are ready to process the payments, so I can email you the payment details.

Regards,

Marc Crochet

Léonardo Kahn Néng Méint méi spéit kritt d’Caritas-Finanzdirektesch ee ganz änleche Message. Dir erënnert Iech vläicht un de Mail, mat deem dës Serie an der éischter Episod ugefaangen huet. An deem och ee sech als de Caritas-Generaldirekter ausginn huet. Dee Mail also mat deem de Milliounebedruch da säi Laf geholl huet. 

D’Saach ass: Mat esou Bedruchsversich war d’Caritas och virdru scho konfrontéiert. Trotzdeem seet d’Finanzdirektesch, datt si dann op ee falsche Marc Crochet eragefall wier. Wéi kann dat sinn? 

Ëm dës an aner oppe Froen an der Caritas-Affär geet et an der aachter a leschter Episod vun eiser Serie “Carambolage”. 

Charel Weiler Bei enger Katastroph do leeft alles schif, wat nëmme schiflafe kann ... 

Djuna Bernard ... datt enorm vill Worst-Case-Zenarioen zesummegefall sinn.

Tom Weidig Ech mengen dee Podcast, dee war ganz wichteg fir d'Opklärung. 

Taina Bofferding Do kritt een heiansdo méi Informatioune mat wéi mir an eiser Spezialkommissioun.

Léonardo Kahn Mäin Numm ass Léonardo Kahn an dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Eng Recherche vum Pia Oppel a Jean-Claude Franck. 

Episod 8: Net just ee Bedruch. 

Bis elo si mir an eiser Chronologie vun der Caritas-Affär an all Episod zäitlech ee Schrëtt no vir gaangen: vu Februar 2024 un, wou de Milliounebedruch ufänkt bis an den Hierscht vun deem Joer, wou vun der Caritas da quasi näischt méi iwwereg bleift. 

Haut maache mir de Konträr a ginn als éischt nach emol e puer Schrëtt zeréck. Nämlech an d’Joer éier d'Caritas 61 Milliounen Euro geklaut krut. Pia a Jean-Claude, wat verréit eis d’Joer 2023 iwwer d’Geschicht, ëm déi et an dësem Podcast geet? 

Pia Oppel Ma datt d’Caritas u sech eng gewëss Routine entwéckelt hat, fir mat Bedruchsversich ëmzegoen. Mir krute vu méi Sourcen an der Caritas gesot, datt dat heefeg virkomm ass, also wierklech eppes relativ Alldeegleches war. Dat ass bis ewell esou ëffentlech net bekannt. An et geheit nach emol eng nei Luucht op dës ganz Affär.

Jean-Claude Franck Et ginn e puer spannend Beispiller, zu deene mir och Dokumenter gesinn hunn. Notamment zwee Fäll, an deenen d’Caritas tatsächlech op esou Messagen eragefall ass. Wat intern och alles diskutéiert ginn ass.  

Léonardo Kahn Wat war da genee geschitt, Jean-Claude? 

Jean-Claude Franck Ma deen ee Fall geet op de Januar 2023 zeréck. Also ee gutt Joer éier dann déi riseg Fraude ugefaangen huet, déi mir jo all elo scho gutt kennen.  

Pia Oppel Bei deem Bedruchsversuch vu Januar ‘23 war et en änleche Setup. Eng Persoun huet sech als Marc Crochet ausginn. Déi Kéier ass just gefrot ginn, datt seng Pai an Zukunft op een anere Konto iwwerwise gëtt. 

Jean-Claude Franck D’Mailadress, vun där déi Ufro koum, war xox1066@talktalk.net. Dat ass awer kengem opgefall an d’Caritas iwwerweist d’Suen dann effektiv op deen anere Konto. D’Bank mierkt awer, datt eppes net stëmmt, an den Transfert gëtt gestoppt. 

Pia Oppel An deem Fall ass et iwweregens d'RH-Direktesch, déi op de Bedruch erafält. Mee de ganzen Direktiounscomité, zu deem jo och d’Finanzdirektesch gehéiert, kritt da mat, wat geschitt ass, an den Tëschefall suergt do och fir Diskussiounen. 

Léonardo Kahn Dir sot virdrun, datt Dir zwee Beispiller kennt aus dem Joer ‘23, wou d’Caritas op ee Bedruch era gefall ass, wéi ass deen zweete Fall da verlaf? 

Pia Oppel Dat ass da just zwee Méint méi spéit, am Mäerz ‘23. Do huet sech dann een als ee Partner vun der Caritas am Bangladesch ausginn. An deen huet da mat gefälschten Dokumenter gefrot fir Sue fir ee Projet op een anere Konto ze iwwerweisen. 

Jean-Claude Franck Dee Konto ass zwar bei enger Bank a Mexiko. An d’Dokumenter sinn och net esou iwwerzeegend gefälscht, wann ee se sech méi genee ukuckt. Mee et ginn dann trotzdeem ronn 130.000 Euro iwwerwisen. 

Léonardo Kahn Dat ass jo da schonn eng gréisser Zomm dat doten.

Pia Oppel Definitiv! Mee och dës Kéier geet et nees gutt aus. D’Caritas mierkt, datt eppes schifgaangen ass, well de Partner am Bangladesch nofreet, wou d’Sue bleiwen. An tatsächlech geléngt et dee Virement dann nach zeréckzeruffen. 

Jean-Claude Franck Eenzege Käschtepunkt vun deem Tëschefall sinn d’Bankfraise fir de Réckruff vun de Suen. De Schued hält sech also a Grenzen, wéi eng Mataarbechterin aus dem Finanzservice der Finanzdirektesch matdeelt. An zwar an engem Mail mam Titel “Urgent Fraude”. 

Bonjour à tous, les frais retenus s’élèvent à 97 Euros (7 Euros BCEE + 90 Euros Banque mexicaine).

Pia Oppel An deen Tëschefall huet dann net just fir Diskussiounen am Direktiounscomité gesuergt. Well zousätzlech geet elo och ee Mail un d’ganzt Caritas-Personal. Mat enger Warnung viru Frauden, wou Leit sech per Mail oder um Telefon als een aneren ausginn. 

Ce type d’attaques devient de plus en plus sophistiqué et peut, entre autres, utiliser des emails ou des appels téléphoniques pour obtenir des informations voir même des transferts d’argent. 

Jean-Claude Franck D’Instruktioun un d’Personal ass kloer. 

Tout mail d’origine inconnue ou suspecte est à tranférer immédiatement à support.informatique@caritas.lu. 

Pia Oppel A genee esou reagéiert dann e puer Woche méi spéit, also am Mee 2023, zum Beispill de Mataarbechter aus dem Finanzservice, vun deem mir um Ufank vun der Episod héieren hunn. 

Jean-Claude Franck Dat ass dee Mail, mat deem mir dës Episod ugefaangen hunn, an dee vun engem marc.crochet@gmx.de koum. 

MCgmx Hello, hope you are doing well today? I will need you to sort out some payments for me today...  

Pia Oppel Do schreift also nees eng Persoun, déi sech als de Caritas-Generaldirekter Marc Crochet ausgëtt. De Mataarbechter, deen op der Aarbecht iwweregens effektiv Englesch schwätzt, gëtt gefrot fir ronn 80.000 Euro un eng tierkesch Bank ze iwwerweisen.  

Jean-Claude Franck De Mataarbechter mierkt awer wat leeft an informéiert dann net just den IT-Service. Mee e seet och der Finanzdirektesch an dem richtege Marc Crochet Bescheed, datt sech hei Mol nees ee Kriminellen als de Caritas-Generaldirekter ausgëtt.  

Pia Oppel An de richtege Marc Crochet reagéiert nach emol mat enger Warnung. 

Marc Crochet This is a problem that can, and will repeat itself. This is not mere spam. This is a personalised and targeted criminal approach. That means you all need to be extremely cautious when finance related communication comes from 'me'.

Jean-Claude Franck Dee "me" steet tëschent Guillemeten, also gemengt ass: wann ee sech als Marc Crochet ausgëtt a Sue freet, da sitt wgl. alleguer extreem virsiichteg a kläert dat direkt mat mir of. 

Pia Oppel Dee Mail geet un eng ganz Partie Responsabeler an der Caritas, dorënner d’Finanzdirektesch. An och hei sinn d’Instruktiounen nees ganz kloer. 

Marc Crochet Best is to give me a call in order to cross-check, and to do that with anyone in a position to issue such orders, whenever something is 'out of the ordinary'.  

Pia Oppel An de Mail hält op mat engem Luef fir de Mataarbechter, deen déi versichten Arnaque bemierkt a gemellt huet. 

Marc Crochet You did well! 

Léonardo Kahn A wéi mir wëssen, kritt d’Finanzdirektesch selwer dann am Februar 2024, also néng Méint méi spéit, e Mail vun engem falsche Marc Crochet. U sech also näischt Neies?

Jean-Claude Franck Genee, well de Mail, dee si de 7. Februar 2024 krut, koum jo vun der Adress marc.crochet55@gmail.com. Also net vu senger professioneller Adress an et goung och hei direkt ëm Suen. 

MC55 Bonjour, Je m'occupe actuellement d'une transaction financière importante, ce dossier doit rester strictement confidentiel ... 

Pia Oppel An d’Finanzdirektesch seet jo dann, si wier dorobber eragefall. Dat nodeems et an de Méint virdrun déi vill Diskussioune gouf iwwer genee déi Zort Arnaquen. 

Léonardo Kahn Si wollt sech jo bis ewell net äusseren zu allem, wat Dir bei Ärer Recherche erausfonnt - ass dat nach ëmmer esou? 

Jean-Claude Franck Jo, mir hunn hiren Affekot rezent op en Neits kontaktéiert a mir hunn nach emol nogefrot, ob et méiglech wier méi Äntwerten op eis Froen ze kréien. 

Pia Oppel Oui, bonjour, c’est Pia Oppel de la radio 100,7. J’essaie de joindre Maître Reuter. Est-ce qu’il est disponible ?

Pia Oppel Mee d’Äntwert bleift, datt weder den Affekot nach seng Cliente sech wëllen äusseren. Wat net esou verwonnerlech ass, vue datt och eng Justizenquête hei nach amgaangen ass. 

Jean-Claude Franck D’Finanzdirektesch ass direkt am Juli zejoert inculpéiert ginn, wéinst der Roll, déi si bei de frauduléise Virementen a Spuenie gespillt huet. Hiren Affekot seet allgemeng, si wier net um Ursprong vun der Fraude a si hätt och net dovunner profitéiert. 

Pia Oppel Ënner deene ville Froen, déi mir der Finanzdirektesch iwwer hiren Affekot zoukomme gelooss hunn, war ënner anerem déi, firwat si bei deene frauduléise Viremente géint Reegele verstouss huet, déi si selwer an der Caritas mat ausgeschafft huet. 

Léonardo Kahn Wat waren dat genee fir Reegelen? 

Pia Oppel Dat ware Reegelen, déi d’Caritas virum Risiko vu Geldwäsch sollte schützen. Grouss ONGen, grad wa se international Hëllef leeschten, musse sech esou Reegele ginn. 

Jean-Claude Franck Zum Beispill huet d’Caritas am Prinzip keng anonym Donen ugeholl. Dat fir ze verhënneren, datt Suen aus illegale Quelle bei hir landen. An d’selwecht huet se ganz genee missen iwwerpréiwen, wou d’Suen um Terrain higinn. 

Pia Oppel Also et sollt verhënnert ginn, datt d’Organisatioun zum Beispill engem lokale Partner Suen iwwerweist, dee seet e géif déi Sue fir de Bau vun enger Schoul benotzen, mee schlussendlech géifen d’Suen da fir illegal Zwecker genotzt ginn - oder souguer an den Hänn vun Terrorgruppe landen. 

Léonardo Kahn Vun Terrorgruppen? 

Pia Oppel Jo, effektiv, grad dowéinst ginn et fir de ganzen Entwécklungshëllef-Secteur streng Reegelen. Do ass och d’Regierung derhannert gewiescht déi lescht Joren, well Lëtzebuerg international Obligatiounen huet, eben am Kampf géint Geldwäsch a géint Terrorfinanzéierung. 

Jean-Claude Franck A wéi dës Reegele genee sollten an der Caritas ausgesinn, doriwwer ass déi lescht Joren an där karitativer Organisatioun diskutéiert ginn. Dat seet de Responsabele vum internationalen Departement bei der Caritas, de Michael Feit. 

Michael Feit Ich kann als Beispiel nehmen, dass halt gefordert wurde von ihr, dass wir eine ‘copie certifiée conforme’, also eine Originalkopie jedes Ausweises einer Person, der wir Geld im Südsudan zum Beispiel schicken, haben sollten. Das ist im Südsudan gar nicht möglich. 

Jean-Claude Franck D’Finanzdirektesch hätt an deenen Diskussiounen ëmmer fir méiglechst strikt Reegele plaidéiert. 

Michael Feit Sie sagte halt, nein, sie möchte halt dieses was sie vorgeschrieben hat. 

Pia Oppel An dat ass dann nees ee Punkt, dee Froen opwerft. Well der Finanzdirektesch hiert Verhalen tëschent Februar a Juli ‘24, also wärend dem Bedruch, da jo ee ganz anert ass. Si huet jo zum Beispill gehollef d’Rechnungen ze fälschen, déi fir e Gros vun de frauduléise Viremente genotzt goufen. 

Jean-Claude Franck A si krut gesot, déi Sue wiere fir ee geheime Projet fir eng Firma ze kafen. Et war also kee Geheimnis, datt op deenen 125 frauduléise Viremente falsch Destinäre stoungen - also datt déi Suen net bei der Caritas Internationalis landen, oder bei der tierkescher Partnerorganisatioun vun der Caritas, der ASAM. 

Léonardo Kahn Klenge Rappel: Dat sinn d’Destinatären, déi op deene frauduléise Viremente genannt ginn. Mir haten dat an de viregten Episode schonn erwäänt, datt d’Suen op 14 spuenesch Konten iwwerwise ginn. Wat wësst dir dann doriwwer, wiem déi Kontoen da wierklech gehéiert hunn? 

Pia Oppel Ma mir hunn doriwwer e puer Saachen erausfonnt. An déi Recherche huet mech op eng zimmlech onerwaarte Plaz bruecht. Guy Grandgirard Venez, bonjour!

Pia Oppel Bonjour!

Pia Oppel Nämlech bei eng kleng Konsumenteschutzorganisatioun zu Nanzeg. 

Guy Grandgirard Alors, les petites présentations, donc Esteban qui est un stagiaire de la Faculté de Droit… 

Pia Oppel D’Association de défense des consommateurs de France ass u sech eng kleng loutrengesch Konsumenteschutzorganisatioun. Si huet hir bescheide Büroen um éischte Stack vun engem groe Gebai net wäit fort vun der Nanzeger Gare. 

Guy Grandgirard Et puis Brian Petropavlovski, qui est salarié de l’association et qui est juriste. Mon Collaborateur on va dire direct sur les arnaques pures.

Pia Oppel D'accord.

Pia Oppel Empfaange ginn ech vum President vun der Associatioun. Ee pensionéierte Fonctionnaire, dee scho Joerzéngte benevole am Konsumenteschutz engagéiert ass.

Guy Grandgirard Moi je suis donc Guy Grandgirard, je suis le président de l'Association de défense des consommateurs de France depuis maintenant un certain nombre d'années. 

Jean-Claude Franck Déi lescht Joren huet de Guy Grandgirard sech op een Theema ageschoss: Online-Frauden, op déi Privatleit erafalen. Meeschtens well se gemengt hunn an ee profitabele Business ze investéieren. 

Guy Grandgirard Vous avez plein de sites qui sont ouverts pour dire ‘regardez on a un bon placement qui va vous garantir 24 pourcent de garantie nette par mois’. C'est beaucoup, hein?

Et évidemment, il arrive ce qui doit arriver, c'est qu'on fait un versement, deux versements, trois versements. Puis à un moment donné, on coupe les ponts. 

Pia Oppel D’Sue sinn da meeschtens fort. Vill Affer melle sech deen Ament beim Guy Grandgirard a senger Ekipp. Mat hirem ganzen Dossier. 

Guy Grandgirard Et on va découvrir que tel site est frauduleux. Alors on va trouver les numéros téléphone, on va trouver les noms utilisés. On va trouver les contrats, les propositions commerciales, on va trouver les IBAN.

Jean-Claude Franck Also d’Kontosnummeren, op déi d’Leit hir Suen iwwerwisen hunn. Oder vu wou aus si op d’mannst wärend e puer Méint ee fake Rendement geschéckt kruten, fir datt se weider investéieren. 

Guy Grandgirard Et quand on regarde tout ça, on peut faire une enquête en ligne, et dire aux consommateurs qui vont venir après: n'y allez pas! 

Pia Oppel Wat de Guy Grandgirard mécht ass d’Lienen tëschent all deenen Dossiere retracéieren, déi d’Victimme bei him mellen. 

Guy Grandgirard C'est une simplicité enfantine. Tout est public, hein.

Jean-Claude Franck De Guy Grandgirard publizéiert seng Enquêten online. Do gëtt ee gewuer, wéi eng Telefonsnummere fir eng Arnaque benotzt goufen. Oder och wéi eng Kontosnummeren, am Numm vu wéi enge Societéiten opgemaach goufen. 

Pia Oppel An dobäi fält dann op, d’Telefons- a Kontosnummeren, déi vu kriminelle Reseaue genotzt ginn, dauche seele just an enger Arnaque op. 

Léonardo Kahn Wat heescht dat genee? 

Pia Oppel Ma mir hunn eis zum Beispill een Dossier ugekuckt vun enger Arnaque, wou eng Koppel gemengt huet, si hätt bal 55.000 Euro an eng Studentewunneng investéiert. 

Pia Oppel Donc ça c'est le contrat frauduleux.

Guy Grandgirard Donc vous avez en apparence un contrat magnifique. Et puis là, voilà, vous avez un IBAN, et c'est ça que moi je rentre, à partir de là, je prends l'IBAN là je regarde, si je connais, je rajoute dans mon tableau des paiements, comme ça je sais qu'il est utilisé par deux, trois, quatre, cinq, six sites internet.

Pia Oppel Also, déi selwecht Kontosnummeren dauchen och an aneren Arnaquen op. An deem heite konkrete Fall, zum Beispill dann an enger Fraude, wou ee säin Erspuertes bei enger falscher Bank gefrot gëtt unzeleeën, oder fir a Parkplazen ze investéieren. 

Jean-Claude Franck An an dësem risege Spannennetz, an deem de Guy Grandgirard d’Verbindungen tëschent deenen Dausende Kontosnummeren, Societéiten an Arnaquë retracéiert, do dauchen da Lienen zur Caritas-Affär op. 

Léonardo Kahn A wat fir Liene sinn dat genee? 

Jean-Claude Franck Ma hei musse mir an der Zäit dann nees eng Kéier sprangen. Nämlech bei dës Nouvelle vum 24. Januar 2025. 

Pierre Reyland Gudden Owend, et gëtt eng nei Entwécklung an der Caritas-Affär. Aacht Leit goufe festgeholl bei Police-Aktiounen a Bulgarien, Frankräich a Groussbritannien. 

Jean-Claude Franck Eng Woch no där doten Nouvelle ass iwweregens nach eng néngte Persoun festgeholl ginn. Déi néng Leit sinn elo alleguerten hei zu Lëtzebuerg an Untersuchungshaft, dat krute mir vun der Justiz confirméiert.

Pia Oppel A wat mir deemools am Januar och gemellt hunn, ass dat hei. 

Pierre Reyland Eisen Informatiounen no handelt et sech ëm Leit, déi hir Konte fir d'Fraude zur Verfügung gestallt hunn, an déi dobäi eppes verdéngt hunn. 

Jean-Claude Franck Fir méi prezis ze sinn, déi néng Leit hunn a Spuenie Societéite gegrënnt, fir an deenen hiren Nimm da Bankkonten opzemaachen, déi fir de Bedruch genotzt goufen.

Léonardo Kahn Mee wéi hutt Dir dat erausfonnt? 

Pia Oppel Ma dat ass net esou schwiereg fir d’Nimm vun deene Societéiten ze fannen. Well déi Informatiounen am spuenesche Firmeregëster publizéiert ginn. Mam Numm vun engem vun deenen néng Männer, déi elo hei zu Lëtzebuerg an Untersuchungshaft sinn, hu mir direkt e puer esou Societéite kënne fannen. 

Jean-Claude Franck Déi Societéite sinn och genee an deem Zäitraum entstanen, wou d’Caritas déi 61 Milliounen Euro geklaut krut. 

Léonardo Kahn An de Lien zu den Arnaquen, déi de Guy Grandgirard dokumentéiert, wou ass deen elo genee? 

Jean-Claude Franck Ma déi Societéiten, déi mir am spuenesche Firmeregëster fonnt hunn, déi dauchen um Site vun der Association de défense des consommateurs de France op. An och eng vun de spuenesche Kontosnummeren, op déi Sue vun der Caritas iwwerwise goufen, ass do opgelëscht.

Pia Oppel A fir mech ze vergewësseren, datt et effektiv esou ass, datt Affer vun aneren Arnaquë mat genee deene Societéiten a Kontosnummeren a Kontakt waren, déi och an der Caritas-Affär eng Roll kéinte gespillt hunn, sinn ech eeben op Nanzeg gefuer. 

Léonardo Kahn A wat war deng Conclusioun, Pia, no dengem Echange mam Guy Grandgirard? 

Pia Oppel Ma datt d’Informatiounen, déi um Site vu senger Konsumenteschutzorganisatioun stinn, effektiv op konkreten Dossiere baséieren, déi och dokumentéiert sinn. Déi Lienen tëschent der Fraude bei der Caritas an deenen aneren Arnaquë ginn et also effektiv. 

Léonardo Kahn Mee wéi komme Leit dann iwwerhaapt dozou déi Konten opzemaachen, déi da vu kriminelle Reseaue genotzt ginn? 

Jean-Claude Franck Ma wat jo net verwonnert ass, datt Krimineller, déi hir Sue mat Arnaquë verdéngen, d’Konten, déi si dofir benotzen am léifsten net an hirem eegenen Numm opmaachen. Soss kéinte si jo direkt vun der Justiz gepëtzt ginn, wann eng Fraude bis opfält. 

Pia Oppel Amplaz siche si Leit, déi bereet sinn, dat ze maachen. Dat funktionéiert bei ville Frauden no engem ganz änleche Schema. 

Guy Grandgirard Alors officiellement ils ne savent pas. On fait simple, ils ouvrent un compte mais ils ne savent à quoi il sert. 

Jean-Claude Franck Also, wat de Guy Grandgirard seet, ass dat hei: am Reegelfall stellen déi Leit wéineg Froen, respektiv kréien och net ganz vill Informatiounen, wat genee mat deene Konte geschitt. 

Guy Grandgirard De toute façon on leur explique bien qu'elles ne craignent rien. Parce que les escrocs sont persuadés que de toute façon on ne les trouvera pas.

Pia Oppel De Guy Grandgirard gesäit dat ëmmer nees, notamment wann et da mol zu engem Prozess kënnt. An dee ganze Fonctionement vun enger Arnaque, oder eebe méi Arnaquen, ausernee gepléckt gëtt. 

Guy Grandgirard Il y a eu un procès à Toulouse là-dessus, les mules c'était deux Français qui étaient deux concubins et qui avaient besoin d'argent, ils ont accepté d'ouvrir une bonne quinzaine, vingtaine de comptes et de sociétés en Espagne et au Portugal. 

Jean-Claude Franck “Money mules” ginn esou Leit genannt. Deen Term “Mules”, oder Mauliesel, kënnt aus dem Drogenhandel, wou Leit eebe wéi Pakiesele agesat gi fir Drogen ze schmuggelen.  

Pia Oppel An hei ginn eebe Konten opgemaach, fir geklaute Sue vun A op B ze kréien. D’Money mules maachen déi Transaktiounen deels mol net selwer, esou datt een aneren dee Konto dann u sech kontrolléiert. 

Jean-Claude Franck Money Mules ginn iwwer déi verschiddenst Weeër rekrutéiert, heefeg iwwer Social Media, an dacks kréie se eng kleng Remuneratioun fir dëse Service. 

Guy Grandgirard On leur donnait de l'argent, on leurs payait les billets de train ou les billets d'avion. Elles étaient accompagnées jusqu'à la banque, elles ouvraient le compte, puis ça y est, c'était fini, elles avaient touché 1.500, 2.000 euros, puis elles repartaient, quoi. Donc en fait, c'est des personnes qui souvent sont des personnes qui sont dans des situations sociales compliquées. 

Jean-Claude Franck Déi Leit, déi bis ewell am Caritas-Dossier festgeholl goufen, déi kréie reprochéiert genee dat ze sinn, Money mules. Dat krute mir esou och vun der Justiz confirméiert. Soe mir awer och, datt och fir si d’Présomption d’innocence gëlt. 

Pia Oppel An d’Servicer vun dëse Money mules si wuel net just fir de Milliounebedruch bei der Caritas genotzt ginn, wéi een eebe mam Guy Grandgirard sengen Enquêtë ka gesinn. 

Léonardo Kahn Jo, well d’Societéiten an d’Konten, déi vun deene presuméierte Money mules opgemaach goufen, och fir aner Arnaquë benotzt gi sinn, ech verstinn. Mee wat hutt dir iech geduecht, wéi dir op déi Informatioun gestouss sidd? 

Pia Oppel Et ass a mengen Aen ee ganz kloren Indice, datt dee Milliounebedruch bei der Caritas, op d’mannst an där doten Hisiicht, also wat elo d’Finanzfluxen ugeet, ee ganz gewéinleche Bedruch ass, deen no genee deem selwechte Scheema ofleeft, wéi Dausenden aner Arnaquen eeben och. 

Jean-Claude Franck An datt dee kriminelle Reseau, dee seng Fangeren hei am Spill huet, mat grousser Warscheinlechkeet net just d’Caritas arnaquéiert huet, a sech dowéinst op eng zimmlech sophistiquéiert Machinerie konnt stäipe fir d’Suen da vu Spuenien aus verschwannen ze dinn. 

Pia Oppel Dat weist also och, datt dëse Bedruch mat zimmlech grousser Warscheinlechkeet elo net vun e puer Amateure sech ausgeduecht ginn ass. An dat huet d'Justiz jo och esou kommunizéiert, datt dat hei no organiséierter Kriminalitéit ausgesäit. 

Léonardo Kahn Hutt Dir eigentlech eng Erklärung firwat déi Konte grad a Spuenien opgemaach goufen? 

Jean-Claude Franck Nee, mee et ass keen Zoufall, datt d’Suen, déi an engem EU-Land, also am Fall vun der Caritas zu Lëtzebuerg, geklaut ginn, als éischt emol op ee Konto an engem aneren EU-Land ginn. Dat schéngt heefeg esou ze sinn.  

Léonardo Kahn A wéi geet et da vun do aus, also vu Spuenien aus, da weider? 

Pia Oppel Ma doriwwer hunn ech mat enger Persoun geschwat, zu där hirem Job et gehéiert, der Spuer vun de Suen nozegoen, déi kriminell Reseaue versiche wäiss ze wäschen. 

Max Braun Max Braun, ech sinn Direkter vun der CRF. 

Pia Oppel D’Cellule de renseignement financier huet verschidden Aufgaben. Eng dovunner ass, datt se als eng Zort séier Asaztrupp kann agräifen, wann d'Justiz géint kriminell Reseauen enquêtéiert, déi versiche grouss Zomme Sue wäiss ze wäschen. 

Max Braun Wann elo ee Virement vu Lëtzebuerg an d’Ausland geet, kënne mir eng auslännesch CRF froen: wat ass op deem Kont geschitt? Also wou d’Suen higaange sinn. An, wann nach Suen op deem Kont sinn: Kënnt dir wgl. déi Sue blockéieren?

An dann ass et natierlech un de Justizautoritéiten, le cas échéant herno déi Sue saiséieren ze goen a spéider nach och ze confisquéieren. 

Pia Oppel Ee Problem ass, datt d’Sue meeschtens net ganz laang op engem Konto bleiwen. 

Max Braun Allgemeng gëtt haut gesot, datt wann een net innerhalb vun deenen éischte 24 Stonne reagéiert, da ginn d'Chancë fir d'Suen zeréckzekréien, substanziell erof. 

Pia Oppel Dat hate mir an enger viregter Episod jo och am Fall vun der Caritas schonn erwäänt. Do goufe bis ewell keng substantiell Zommen erëmfonnt. 

Jean-Claude Franck Well wat hei da gewéinlech geschitt, ass dat hei. D’Sue gi ganz séier op esou vill aner Konten uechter d’Welt verdeelt, ginn dertëschent och heiansdo a Kryptowärungen ëmgewandelt, oder et gi carrément richteg Wuere kaf, zum Beispill a ganz groussem Stil a China, déi dann an der EU nees verkaf ginn, an esou ginn d’Suen da wäiss gewäsch. 

Max Braun D'Komplexitéit sinn definitiv déi Blanchimentsreseauen. Mir hunn haut einfach déi Situatioun, datt déi Suen eigentlech ëmmer iwwer sophistiquéiert Reseaue lafen. An dann natierlech benotzen déi Kriminell alleguer d'Servicer, déi et ginn, fir Sue vun A op B ze transferéieren. 

Pia Oppel Net all Etapp vun enger Fraude assuréiert ee kriminelle Reseau selwer, mee e gräift dann op Servicer zeréck, déi vun anere Kriminellen ugebuede ginn. Zum Beispill, denkt sech een ee Presidententrick aus a preparéiert dat, viséiert eng Entreprise. Fir dat ze maachen, brauch een eng gewëssen Expertis, wéi ee säin Affer esou manipuléiert, datt et effektiv bereet ass Suen op een onbekannte Konto ze iwwerweisen. 

Max Braun Dir hutt Leit, déi spezialiséiert sinn, fir déi Geschichten ze fannen. Déi och spezialiséiert sinn, sech eng ganz Fraude au président auszedenken, mee déi net onbedéngt Experte sinn am Hacking. 

Do kënnt dee ganze Problem vun dem ‘Crime as a Service‘. Dir fannt leider relativ einfach Leit, déi Iech dann deen Hacking-Deel iwwerhuelen. 

Jean-Claude Franck Dat erlaabt et dann zum Beispill fir Insider-Informatiounen ze sammelen aus engem Betrib. Dat brauch ee jo, wann ee sech wëllt als Chef ausginn an e Mataarbechter manipuléiere fir Suen ze iwwerweisen. 

Max Braun Domat hutt Dir da weider Informatioune fir Är Fraude virzebereeden. Da stellt Dir fest, datt Dir net onbedéngt en Expert sidd fir déi Suen ze wäschen. An dann hutt Dir leider och Leit, déi sech als ‘Crime as a Service’ ubidden, eeben halt, Är Suen ze wäschen. An do hutt Dir da scho Reseauen, jo, déi fir eng ganz Rei Frauden, fir eng ganz Rei illegal Aktivitéite benotzt ginn. 

Jean-Claude Franck Dat kéint also am Fall vun der Caritas-Affär och esou gaange sinn. Also datt d’Money mules vun Tëschemänner rekrutéiert goufen, déi dann déi IBAN-Nummeren aneren zur Verfügung stellen, fir geklaute Suen doriwwer transitéieren ze loossen. 

Léonardo Kahn An dat wier dann d’Erklärung dofir, datt Dir bei enger loutrengescher Konsumenteschutzorganisatioun Lienen tëschent dem Milliounebedruch bei der Caritas an anere vill méi klengen Arnaquë konnt fannen? 

Jean-Claude Franck Jo, genee, dat deit wéi gesot alles drop hin, datt dee Bedruch sech an deem Ekosystem vun der organiséierter Kriminalitéit beweegt. 

Pia Oppel Bon, déi eng Fro ass: Fënnt een déi Suen zeréck? Dat ass natierlech fir d'Affer och ëmmer eng wichteg. Mee déi aner ass: Fënnt een um Enn déi, déi hanner deem Ganze stiechen, well déi schaffe jo sécher net mat hiren Identitéiten, fir dat ze maachen?  

Max Braun Also et muss een ëmmer dovun ausgoen, datt déi éischt Konten, déi een identifizéiert, datt déi elo net dem Mastermind do gehéieren, déi gehéieren normalerweis, dat nennt ee Money mules. 

Jean-Claude Franck Also dat ass, wat mir och zu Nanzeg da schonn erausfonnt hunn, wéi dat mat de Money mules funktionéiert. Also, nächst Etapp. 

Max Braun An et ass absolut richteg, datt et do Konte ginn, déi benotzt ginn, fir all méiglech finanziell Fluxen. An do ass et schonn eng Erausfuerderung herno, ass et sech festzeleeën, wiem wat fir eng Sue gehéieren, déi nach op deem Kont le cas échéant sinn. 

Jean-Claude Franck Och dat hu mir an eiser Recherche am Fall vun der Caritas jo esou och gesinn. Iwwer déi Konten transitéiere méiglecherweis Sue vu lauter verschiddenen Arnaquen. Dowéinst ass et dann net ëmmer ganz einfach fir ze klären, wiem gehéiert dat, wat nach um Konto ass, wann d’Autoritéiten e bis blockéiert hunn? Nach eng Etapp weider, well d’Fro war jo...

Pia Oppel Kënnt een dann iergendwann un de Mastermind iwwerhaapt? Also ass dat an eiser Zäit iwwerhaapt nach méiglech? 

Max Braun Also, et wier elo traureg, wann ech Iech géif Nee soen. Fir mech ass et natierlech méiglech, datt mir déi Persoun identifizéieren, wat awer kloer ass, et muss een e laangen Otem hunn.

Pia Oppel Hutt Dir esou e Fall da schonn eng Kéier erlieft? 

Max Braun Jo.

Pia Oppel Méi wéi een?

Max Braun Jo, also mir hunn, mir hu schonn zesumme mat onsen auslännesche Kolleege schonn eng Rei Affäre gehat, wou een och herno Persounen identifizéiert, wou se seet, dat doten ass déi Persoun, déi do dohannert stécht. 

Pia Oppel De Max Braun ka sech net zu spezifeschen Enquêten äusseren. A scho guer net zu enger Enquête, déi nach amgaangen ass. Also hu mir iwwer d’Caritas-Affär just indirekt geschwat, wéi mir méi generell iwwer Presidententricke Rieds haten.

Pia Oppel Dir sot, ob Dir mir kënnt äntwerten, mee de Fait, datt et bei der Caritas 61 Milliounen Euro war, fält dat fir Iech aus der Rei vun deem, wat Dir bis elo gesinn hutt? Ass dat en extra grousse Coup, deen do gelongen ass oder goufen et änlech Fäll vun där Envergure schonn?  

Max Braun Also de Montant bei der Caritas ass schonn e ganz héije Montant.  

Pia Oppel An déi aner Fro, bon, déi ass och elo vläicht net onschëlleg genuch, mee datt et iwwer esou eng laang Dauer geet, hutt Dir dat och schonn an anere Fäll gesinn?  

Max Braun Normalerweis lafe Fraude au présidenten effektiv ëm eng relativ kuerz Dauer. Et ass awer esou, datt et och Fäll ginn, wou et méi laang dauert.  

Et ass och, wat och net onlogesch ass, ab deem Moment vun de Kriminellen, dat heescht eng Geschicht erzielt, déi kredibel ass. A wann déi Geschicht beinhalt, datt ee misst eng Rei Viremente maachen, datt dann och e puer Virementen duerchginn.  

Pia Oppel A méi wollt de Max Braun zu mengen allgemenge Froen iwwer Presidententricken, an deenen et dann offensichtlech awer ëm d’Caritas goung, net soen. 

Léonardo Kahn Dir hutt eis an dëser Episod elo op zwou ganz verschidde Piste matgeholl. Dir hutt erausfonnt, datt d’Finanzdirektesch genee wousst, wéi ee Presidententrick ausgesäit. An datt si da wärend der Fraude u sech géint hir eegen Anti-Geldwäsch-Reegele verstouss huet. An da freet ee sech, ka si wierklech hei op ee Bedruch eragefall sinn? Mee dann hu mir gesinn, datt dëse Bedruch kloer Lienen zu engem ganze kriminellen Ekosystem opweist. Notamment well déi presuméiert Money mules eeben net just an dësem Bedruch opdauchen. Elo stellt sech d’Fro, wéi passen déi zwou Saache beieneen? 

Jean-Claude Franck Leider wësse mir dat och no eiser Recherche net. Also wéi et kéint sinn, datt d’Finanzdirektesch hei dann an ee Bedruch verwéckelt wier, hanner deem ee kriminelle Reseau stécht. 

Pia Oppel An d’Justizenquête huet et bis elo och net erlaabt, do iergendee Lien hierzestellen. Et muss een déi Hypothees, datt si hei op ee Bedruch eragefall ass, also weiderhin eescht huelen. An et gëllt d’Presomption d’innocence, dat ass wichteg ze betounen.

Jean-Claude Franck Wärend dëser Recherche hu mir iwwer déi Fro, déi s Du Leo stells, wierklech vill diskutéiert. Notamment iwwer all déi vill méiglech Erklärungen, déi et kéint ginn, fir d’Verhale vun der Finanzdirektesch. 

Pia Oppel Mir hunn de Choix gemaach hei net doriwwer ze spekuléieren. Mee fir mat eiser Recherche ze weisen, wou Widderspréch eebe leien. Respektiv och, wat eis blann Flecke sinn. 

Jean-Claude Franck A wichteg ze bedenken ass och, onofhängeg dovunner wien hanner dësem Bedruch stécht, et hätt ni dierfe geléngen esou eng enorm Zomm Suen ze klauen. D’Banken, den Auditeur, d’Mataarbechterinnen am Finanzservice, d’Direktiounsmemberen, de Verwaltungsrot ... esou vill Leit hätte misse mierken, datt grad eppes schifleeft. 

Pia Oppel De Schued ass enorm, a fir ganz vill Leit, mat deene mir wärend eiser Recherche geschwat hunn, ass dat hei net just d’Geschicht vun engem Bedruch. Vill vun deene Leit struewele bis haut fir mat de Konsequenze vun dëser ganzer Affär eens ze ginn. 

Jean-Claude Franck Et bleift ze hoffen, datt et net éiweg dauert bis et zu engem Geriichtsprozess kënnt. Déi vill Affer an dëser Affär hunn Äntwerten op déi oppe Froe verdéngt. 

Pacoto David Langoya Today you go to the villages, you know, where Caritas Luxembourg has been operating for years. You still hear whispers. People are asking when is Caritas coming back? 

Léonardo Kahn Dat hei war Carambolage, eis zweet Serie am Zeenewiessel. Am Hierscht wiessele mir d’Zeen dann nees komplett. Fir eng nei Serie iwwer d’Aarbechtskonditioune vun deene Leit, déi Iech Iessen heem liwweren, wann Dir es bestellt. A wie weess, wann et wichteg nei Entwécklungen an der Caritas-Affär ginn, vläicht héiere mir eis dann och hei zu deem Theema nach emol zeréck? 

Jean-Claude Franck Dat kléngt no engem Plang, effektiv! 

Léonardo Kahn Merci op alle Fall iech zwee, Pia a Jean-Claude fir är Recherche! 

Pia Oppel Gäre Leo. 

Léonardo Kahn Fir näischt ze verpassen, abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert. Do fannt Dir och eis éischt Zeenewiessel-Serie, iwwer eng mësslongen Terrorenquête an hir Konsequenze fir zwou jonk Fraen, déi zu Lëtzebuerg gebuer sinn. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel, Charlotte Bruneau, Tessy Troes a vu mir, Léonardo Kahn. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Jo Diseviscourt, Anke Meiser a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. A wéi ëmmer: mir freeën eis iwwer Froen, Feedback an Iddie fir Sujeten! Hei eise Mail: doku@100komma7.lu