Pia Oppel Voilà, mir sinn de 14. September 2024. Et ass elo zwee Méint hier, datt bekannt ginn ass, datt d'Caritas 61 Milliounen Euro geklaut krut. An haut de Moien ass dann och elo offiziell annoncéiert, datt d'Caritas hir international Aktivitéite komplett muss stoppen.
Ech fannen, et ass een Dag, dee schonn an der Geschicht vun där heiter Affär, en zimmlech trauregen Déifpunkt markéiert. Ech hoffen op alle Fall, datt mir mat deene Leit, déi do betraff sinn, datt si eis erzielen, wat dat konkret an hirem Liewen heescht. Dat ass op alle Fall Deel vun dëser Geschicht.
Pacoto David Hi Pia, I'm happy to get back to you to answer the questions that you've raised earlier. Pia, it's something that’s difficult to imagine. It’s a really difficult situation.
Léonardo Kahn De 14. September 2024 ass et offiziell: D'Caritas Lëtzebuerg muss hir international Aktivitéite stoppen. Entwécklungsprojeten an humanitär Nouthëllef fir Dausende Mënschen an enger Dose Länner si betraff. Am Südsudan, am Laos an zu Lëtzebuerg verléieren eng 130 Leit, déi fir d’Caritas geschafft hunn, hir Aarbecht. Weder d’Regierung, nach de Bistum, oder privat Donateure ware bereet, déi néideg Sue fir eng grouss Rettungsaktioun bäizesteieren.
Djuna Bernard Eis Fro ass, wou ass den Här Bettel?
Xavier Bettel Et deet mir och leed fir d'Leit am Ausland.
Djuna Bernard Also ech fannen dat éierlech gesot, datt en haut net do war.
Christian Billon Je peux vous dire que j'avais des gens en face de moi qui étaient en larmes et je trouvais ça parfaitement scandaleux.
Xavier Bettel Also de Feeler läit elo net bei der Regierung.
Léonardo Kahn D’Decisiounen, déi leschte Summer geholl goufen, hunn d’Liewe vu ville Mënschen uechter d’Welt komplett op d’Kopp geheit. Mat wéi enge Konsequenzen?
Mäin Numm ass Léonardo Kahn an dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Carambolage heescht eis zweet Serie am Zeenewiessel. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schifleeft, wat nëmme schiflafe kann, verziele mir an aacht Episoden. Eng Recherche vum Pia Oppel a Jean-Claude Franck.
Episod 7: International Konsequenzen
Déi national Aktivitéite vun der Caritas, an och d’Personal aus deem Beräich, sinn zum ganz groussen Deel vun enger neier Organisatioun iwwerholl ginn. Bei den internationalen Aktivitéiten ass dat net gelongen. Pia, Jean-Claude, firwat sinn déi zwee Beräicher esou ënnerschiddlech behandelt ginn?
Jean-Claude Franck Et goufen effektiv e puer Facteuren, déi et méi schwiereg gemaach hunn déi international Aktivitéiten zum Beispill och un eng komplett nei ASBL ze iwwerdroen. Mir erklären och nach wat konkret d’Schwieregkeete waren.
Pia Oppel Mee ënner dem Stréch ass et natierlech och hei eng Fro gewiescht vu finanzielle Moyenen, a vu politeschem Wëllen.
Léonardo Kahn A béides huet bei den internationale Projeten da gefeelt?
Pia Oppel Jo, op d’mannst an den éischte Woche vun der Kris. Well d’Dynamik huet sech e bëssi verännert, tragescherweis eréischt wéi d’Caritas am Hierscht bis d’Enn vun hiren internationale Projeten annoncéiert huet.
Jean-Claude Franck Mee dat huet dann och näischt méi dru geännert, datt eng vun de gréissten ONGen hei am Land, déi international Hëllef geleescht huet, dat elo net méi mécht. An datt d’Caritas hiert ganzt Personal am Ausland huet mussen entloossen.
Pia Oppel Ech hu mat enger ganzer Rei Leit geschwat, déi fir d’Caritas am Laos an am Südsudan geschafft hunn. A mat enger Persoun spezifesch sinn ech all déi Méint zënter de Bedruch opgeflunn ass am Austausch bliwwen.
Pacoto David My name is Pacoto David Langoya. And I've been working with Foundation Caritas Luxembourg since 2021.
Pia Oppel De Pacoto David ass 33 Joer al. Säi Parcours an dee vu senger Famill si markéiert vun de Konflikter an hirem Heemechtsland, dem Südsudan.
Léonardo Kahn Dat heescht?
Pia Oppel Ma de Südsudan ass net just eent vun den äermste Länner, mee och dat jéngste Land op der Welt. 2011 huet de Südsudan sech vum Sudan onofhängeg erkläert, e puer Joer nodeems ee vun de längste Biergerkricher um afrikanesche Kontinent op en Enn gaangen ass.
Jean-Claude Franck Wéinst deem Konflikt waren dem Pacoto David seng Elteren Enn den 80er an d’Nopeschland Uganda geflücht.
Pacoto David So basically, I was born in a refugee camp. And I grew up in a refugee camp. I had actually the bigger part of my teenage life spent in a refugee camp.
Pia Oppel D’Eltere kréien am Flüchtlingscamp ee Stéck Land zur Verfügung gestallt, dat si als Bauere konnten notzen.
Pacoto David And my father also used to do some small business of buying produce, you know, and selling it again. And my mom also used to make some alcohol locally and that used to generate some money.
Jean-Claude Franck 2005 geet de sudaneesesche Biergerkrich op een Enn. Dem Pacoto David wiere gär zeréck an hir Heemecht gaangen. Do hätt d’Famill nämlech méi Land gehat.
Jean-Claude Franck Mee d'Kanner hätte warscheinlech net méi kënnen an d’Schoul goen. Ganz einfach well et an där Géigend deen Ament kaum Infrastruktur gëtt, weder Schoulen, mee och kaum Stroossen oder Spideeler.
Pacoto David So they made a difficult decision to stay in the refugee camp.
Pia Oppel Als eelste vun néng Geschwëster gëtt de Pacoto David deen éischten a senger Famill, mat engem Schoul- an engem Unisofschloss. Bei der Zeremonie fir säin Diplom sinn d’Elteren dobäi.
Pacoto David And I think my parents were excited to go the university and a graduation going on. To hear your names being called out, the excitement and everything.
Pia Oppel D’Famill struewelt fir d’Käschte vun de Schoulen a vun der Uni ze stäipen. Mee och dem Pacoto David seng aacht Geschwëster kréien eng gutt Ausbildung.
Jean-Claude Franck Zwee vu senge Geschwëster sinn nach op der Uni, déi jéngsten dräi sinn nach an der Schoul. Alles dat finanzéieren elo déi eelste Geschwëster.
Pacoto David So it’s like responsibility on responsibility on responsibility.
Pia Oppel Fir säi Master ass de Pacoto David op Budapest, mat engem Stipendium vun der UN-Organisatioun fir Ernärung a Landwirtschaft, der FAO.
Pacoto David Contrary to what other people do when they go to Europe, they say, this is an opportunity, I don't want to go back to Africa. I just wanted to finish the course and come back home.
Jean-Claude Franck Am Juni 2021 kënnt de Pacoto David dann zeréck a seng Heemecht. Obwuel et weiderhin arméiert Konflikter am Land ginn an déi ekonomesch Situatioun katastrophal ass.
Pacoto David As long as there is some sort of stability, then there is hope we can make it.
Pia Oppel Wéi hien zeréck am Südsudan ass, fänkt de Pacoto David u fir d’Caritas Lëtzebuerg ze schaffen.
Léonardo Kahn A wat genee ass säin Job da bei der Caritas?
Pia Oppel Hie leet een Team, dat sech haaptsächlech ëm d’Bekämpfung vun Ënnerernärung këmmert. Wat am Südsudan ee risege Problem ass. Iwwer d’Hallschent vun der Populatioun huet reegelméisseg net genuch ze iessen.
Jean-Claude Franck D’Caritas Lëtzebuerg ass spezifesch an enger Regioun aktiv: si huet hiren Haaptbüro zu Torit, eng Stiedchen net wäit fort vun der Haaptstad Juba, zimmlech am Süde vum Land. An da gouf et nach eng kleng Antenn an enger ganz ländlecher Géigend, zu Palotaka.
Pia Oppel Vun do kënnt dem Pacoto David seng Famill ursprénglech och.
Pacoto David In the context of South Sudan I would describe it as heaven in South Sudan. Our area was not blessed with minerals or oil and other things, but we were blessed with very good soil.
Pia Oppel An et geet beim Pacoto David senger Aarbecht dann effektiv och vill ëm landwirtschaftlech Projeten, déi vun der Caritas op d’Bee gestallt ginn.
Jean-Claude Franck Notamment gëtt lokal eng speziell Zort Miel hiergestallt, dat ugeräichert gëtt mat Närstoffer. Dëst Miel ass geduecht fir Kanner a Fraen, déi ënnererniert sinn.
Pacoto David That we distribute to malnourished children, malnourished, pregnant and lactating women, and to all categories of people who are at risk of malnutrition at a community level.
Jean-Claude Franck An d’Lëscht vun Aktivitéiten ass nach vill méi laang. Dausende Leit sinn agebonnen. Et gëtt Hunneg- a Kaffiproduktiounen, Traktere gi verlount, Waasserpompele gebaut, a sou weider.
Pia Oppel Am Juli 2024 ass geplangt, d’Aktivitéiten nach weider auszebauen.
Pacoto David I remember we had just commissioned some machines and some support. We had lots of activities planned.
Jean-Claude Franck Mee ronn 5.600 Kilometer wäit fort vu Palotaka, an der rue Michel Welter am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg, gëtt deen Ament kloer, datt keng Sue méi do si fir d’Projeten am Südsudan.
Pia Oppel D’Informatioun, datt d’Caritas Lëtzebuerg 61 Milliounen Euro geklaut krut, dréngt am Juli ‘24 net direkt bis op Palotaka duerch. Datt eppes net an der Rei ass, mierkt de Pacoto David dann awer, well op eemol näischt méi virugoung.
Jean-Claude Franck A wéi hien zu Torit, also am Haaptbüro, ass, freet hie beim Finanzchef no, dem Christopher Mutinda. Him begéine mir herno nach emol.
Pacoto David Christopher told me that it seems there's a situation at the head office in Luxembourg. He told me the office in the Luxemburg has been defrauded of millions of euros.
Pia Oppel De Pacoto David liest alles, wat hien online iwwer de Milliounebedruch bei Caritas ka fannen.
Pacoto David It was very tough for me. Because for me, looking at the magnitude of the money that was reported to have been defrauded, then definitely you know that we are heading for something bigger.
Jean-Claude Franck A fir hien ass kloer, datt dëse Bedruch wäert Konsequenzen hunn, och zu Palotaka.
Pacoto David Just like anywhere. If it rains heavily, you know there could be flooding and flooding carries lots of things, you know, it could be quite damaging.
Jean-Claude Franck D’Ekipp am Südsudan schrauft all d’Aktivitéiten op ee Minimum zeréck.
Pacoto David I think people had some faint hope that maybe the organisation could continue in a certain way.
Pia Oppel Mee dann, den 11. September, ass eng Visiokonferenz mat de Caritas-Responsabelen zu Lëtzebuerg.
Pacoto David And this is where the reality came out, you see, look guys, we really tried to save the International Cooperation Department, and it didn't really work out.
Jean-Claude Franck An da kënnt d'Flutwell, mat där de Pacoto David vu Juli u rechent. D’Team kritt gesot, datt d’Caritas hire Büro am Südsudan Enn Oktober definitiv zoumécht, jidderee gëtt entlooss.
Pacoto David I saw people shedding tears. And me myself I became emotional. It’s tough.
Pia Oppel Jorelaang krut d’Ekipp am Südsudan ageschäerft si misst d’Finanze genee am Bléck halen. D’Sue fir d’Projete goufe just an Tranchen iwwerwisen. Well een eben dovunner ausgaangen ass, datt se op engem Lëtzebuerger Konto méi sécher wiere wéi an engem Krisegebitt.
Pacoto David We loved the job and we thought we did everything right on the ground.
Léonardo Kahn 55 Leit verléieren deen Dag hiren Job. Wat heescht dat fir si?
Jean-Claude Franck Déi meescht Leit vum Personal si Südsudaneesen. A Leit wéi de Pacoto David, mat engem Unisdiplom, sinn éischter d’Ausnam. Déi meescht hu weider keng Formatioun a riskéieren elo mat hire Famillen an d’Aarmut ze falen, well et an der Géigend soss kaum esou gutt bezuelten Aarbecht ze fanne gëtt.
Pacoto David Lots of staff are sad now. They're home. People are asking themselves, what next, what's the future? This is horrible. That means, someone if they can’t send somebody to school, we are killing dreams.
Pia Oppel Et sinn also 55 Aarbechtsplaze verluer gaangen. Mee och d’Projete selwer kënnen net méi weidergeféiert ginn. Mat engem direkten Impakt op d’Mënschen an dëser Géigend.
Pacoto David I think the situation. Do we have lots of households on the ground now who have no food. We had emergency situations on the ground, and there are some responses, but there are thousands of households.
Jean-Claude Franck De Pacoto David begéint de Leit aus där Communautéit am Alldag nach ëmmer. An d’Fro, déi hien am heefegste gestallt kritt, ass: wéini kënnt d’Caritas Lëtzebuerg zeréck?
Pacoto David Now for sure they’re missing Caritas Luxembourg. You could feel it, when you come on the ground that something is missing from the community.
Pia Oppel Bis ewell huet de Pacoto David nach keen neien Job fonnt. Zënter November a bis op Weideres muss hien ouni Salaire iwwer d’Ronne kommen.
Jean-Claude Franck D’Schoul an d’Uni vu senge klenge Geschwëster versicht hien esou gutt et geet awer vu sengem Erspuerten nach weider ze finanzéieren.
Pia Oppel De Pacoto David ass iwwerzeegt, datt hie wéinst senger gudder Ausbildung a senger Beruffserfarung all d’Chancen op senger Säit huet fir aus där Situatioun erauszekommen an déi hie wéinst dem Bedruch bei der Caritas geroden ass.
Pacoto David I think it's all about being positive. I would always prefer to be optimistic than being a pessimist.
Jean-Claude Franck Zu senge Pläng fir d’Zukunft gehéiert fir sech dëst Joer ze bestueden.
Pacoto David Actually, we don’t expect anything like a big wedding at this moment. So a simple traditional one.
Léonardo Kahn De Pacoto David huet gesot: déi Responsabel vun der Caritas hunn eis erkläert, datt si alles gemaach hu fir déi international Projeten ze retten, mee dat huet net geklappt. Mir kommen domadder nach enger Kéier op d’Fro vum Ufank zeréck, firwat genee huet dat net geklappt?
Pia Oppel Ma déi Fro hu mir ville Leit gestallt, dorënner och dem Aussen- a Cooperatiounsminister.
Xavier Bettel Bonjour Madamm Oppel, wéi geet et Iech?
Pia Oppel Gutt. An Iech?
Xavier Bettel Ech maachen dat doten awer aus.
Pia Oppel Sot mir nach wat dat ass, wat do leeft?
Xavier Bettel Dat do ass “Tannhäuser”.
Pia Oppel Sidd Dir an där Stëmmung?
Xavier Bettel Et heescht “Le choeur des pélerins”.
Pia Oppel De Xavier Bettel war zejoert wéineg visibel am Caritas-Dossier. Bei den zwou Haaptreunioune vun der Chamber zur Caritas-Affär am Juli an am September ass hien net dobäi.
Jean-Claude Franck De Cooperatiounsminister verstoppt net, datt hien dee ganzen Dossier op Distanz gehalen huet. Zum Beispill huet hie refuséiert de Christian Billon ze treffen, de President vum Caritas-Krisecomité.
Xavier Bettel Also ech stinn dozou. Ech wollt mam Här Billion selwer kee Kontakt hunn. An ech wollt net um politeschen Niveau e Rendez-vous hunn. Fir dem Här just nozelauschteren, ouni wierklech d'Aboutissants vun all deem, well mir och Zuelen net haten, kënnen ze definéieren.
Dat Einfachst wier gewiescht, ech hätt d'Scheckbuch erausgeholl. An dat wollt ech net.
Pia Oppel Dat ass dem Xavier Bettel seng Positioun, zënter dem Ufank vun der Kris bei der Caritas.
Xavier Bettel Do hu mir dès le départ gesot, ech kann net einfach elo nei Fongen deblockéiere fir Projeten, déi scho bezuelt gi sinn.
Jean-Claude Franck Scho bezuelt, well wéi am Juli de Bedruch opflitt, ass kloer, et ass eréischt d’Hallschent vum Joer, mee d’Suen, déi den Ausseministère fir déi international Projeten iwwerwisen hat, sinn all fort.
Pia Oppel Also den Ausseministère cofinanzéiert déi international Projete vun der Caritas. An en iwwerweist de Gros vun deem Budget gewéinlech ufanks des Joers.
Jean-Claude Franck Ganz konkret heescht dat, ronn zwou an eng hallef Milliounen Euro vum Staat si wéinst der Fraude net méi do. An déi Suen hu gefeelt, fir déi international Projete weiderzeféieren.
Léonardo Kahn Dat heescht et si ganz séier Sue gebraucht, fir d’Aktivitéiten iwwerhaapt nach bis Enn 2024 kënnen ze finanzéieren.
Pia Oppel Genee, an d’Saach ass, wann de Finanzement vun engem Projet ënnerbrach ass, dann ass de Risiko grouss, datt da ganz séier um Terrain näischt méi funktionéiert.
Jean-Claude Franck De Risiko ass also, datt no kuerzer Zäit vun deene Projeten net méi vill iwwereg bleift, wat een iwwerhaapt nach kéint retten.
Xavier Bettel Ech hat jo och vläicht gehofft, si hätten international oder vläicht vum Bistum, dee jo e Lien hat, oder vun anere Leit vläicht hätt do kënnen Hëllef kréien.
Léonardo Kahn An huet d’Caritas dat da versicht, fir vun anere Suen ze kréien?
Jean-Claude Franck Jo, notamment vu Partner aus dem internationale Caritas-Reseau. An do sprangen der och ganz vill an, dozou komme mir herno nach.
Pia Oppel De Bistum, dat wësse mir schonn aus de viregten Episoden, ass keng grouss Hëllef. An déi privat Donateuren, déi gehollef hunn eng nei ASBL ze grënnen, fir déi national Aktivitéiten ze iwwerhuelen, sinn net un deene vill méi komplizéierten internationale Projeten interesséiert.
Léonardo Kahn Firwat komplizéiert?
Pia Oppel Ma schonn aus finanzieller Siicht ass dat net esou evident. Déi national Aktivitéite gi quasi integral vum Staat finanzéiert. Bei den internationale Projete mussen d’ONGen ee méi groussen Undeel iwwer Eegemëttel finanzéieren. Also mat Suen, déi iwwer Donen erakommen.
Jean-Claude Franck An och juristesch ginn et Hürden, well eng ONG scho puer Joer muss an der Entwécklungshëllef aktiv sinn, éier se kann ee staatleche Co-Finanzement kréien.
Pia Oppel A genee dat ass jo d’Iddi am August ’24. Also datt eng nei Caritas d’Aktivitéiten eventuell kéint iwwerhuelen. A fir datt déi dann och Sue vum Staat kéint kréien, hätt hei also missen eng Ausnam gemaach ginn. An dozou ass den Ausseministère net bereet.
Léonardo Kahn Dat heescht, d’Iddi fir déi international Aktivitéiten ze retten, ass eigentlech direkt vun Ufank u vum Dësch?
Pia Oppel Nee, interessanterweis net direkt. Well et dauert zimmlech laang, méi prezis bis den 3. September, bis Beamte vum Ausseministère wierklech am Detail mat der Caritas iwwer all déi Saachen do schwätzen.
Léonardo Kahn OK, dat heescht den 3. September kënnt et dann zu engem Austausch tëschent der Caritas an de Beamte vum Ausseministère. An deen Ament ass dann u sech d’Bild kloer. Et gi keng Sue vum Staat oder vum Bistum fir d’Projeten op d’mannst nach bis d’Enn vum Joer weiderzeféieren. An all Versuch d’Aktivitéiten un eng nei ONG ze transferéieren ass vu vireran zum Scheitere verurteelt: well déi géif da jorelaang kee Co-Finanzement vum Staat kréien. Hunn ech dat richteg verstanen?
Pia Oppel Jo, genee dat ass de Constat Ufank September. Mee de Xavier Bettel ännert seng Approche dann duerno awer nach.
Léonardo Kahn Ah sou, dat heescht?
Jean-Claude Franck Kuerz zum Kontext, Mëtt September gëtt da kloer, datt d’Caritas hir international Aktivitéite stoppt. An dat suergt fir Kritik vun der Oppositioun an der Chamber.
Franz Fayot Dat ass ganz schwéier ze akzeptéieren. An do géife mir eis wënschen, datt och méi politesche Wëllen do wär, fir ze kucken, datt een do nei Partnere fënnt, fir déi Aktivitéiten och weiderzeféieren.
Marc Baum Dat riskéiert a Richtung humanitär Katastrophen ze goen. An dat huet mat deem Kader ze dinn, deen d'Regierung virginn huet, nämlech ze soen: mir gi keen Euro méi an d’Caritas.
Pia Oppel A wéi mir dat vu méi Sourcë beschriwwe kréien, ass de Xavier Bettel eréischt am Laf vum September dann averstanen, datt säi Ministère méi aktiv eng Hand upéckt. An och Sue bäisteiert, fir op d’mannst nach eenzel Projeten ze retten.
Jean-Claude Franck Eng Iddi, déi och virdru schonn diskutéiert ginn ass. Mee déi net zur Linn gepasst huet, déi de Minister ufanks ageholl huet. Also, ee Projet gëtt net zweemol finanzéiert.
Pia Oppel Firwat eréischt vu Mëtt September u méi konkret no Léisunge gesicht gëtt, huet de Xavier Bettel mir net erkläert. Amplaz liest de Kooperatiounsminister am Interview da vun enger Nott of, déi hie vu senge Beamte preparéiert krut.
Xavier Bettel Also hei steet ... jo, d'Prioritéit vum Ministère war am Kader vun de Méiglechkeeten d'Auswierkung op d'Mataarbechter an d'Beneficiairen um Terrain méiglechst klengzehalen. Dofir hu meng Servicer, zesumme mat der Caritas, gekuckt, Projet fir Projet, ënner wéi enge Konditiounen, déi kéinte weidergeféiert ginn.
Léonardo Kahn A klappt dat dann och, also Projeten ze retten?
Pia Oppel Jo, zum Deel schonn. Et ginn eenzel Projete weider ënnerstëtzt, deels just mat klengen Zommen an och just fir eng kuerz Zäit nach. Mee deels sinn dat och méi laangfristeg Engagementer, déi hei zustane kommen.
Jean-Claude Franck Dat geschitt ënner anerem an der Tierkei, awer och am Bangladesch, am Mali, am Laos an a Moldavien.
Pia Oppel An et gëtt och ee wichtegen humanitäre Projet gerett. Nämlech dräi Gesondheetszenteren, déi d’Caritas bis ewell mat Hëllef vum Ausseministère am Südsudan finanziell ënnerstëtzt huet.
Xavier Bettel Déi dräi Zenteren, do ass dee gréissen, deen huet 100 Better mat 30 Leit, déi do schaffen. Déi aner hunn eng Capacitéit vun 10 Better an allkéiers eng Equipe médicale vun 20 bis 15 Leit.
Jean-Claude Franck An am Hierscht ‘24 ass dann eebe kloer, wann d’Caritas ophält, da mussen déi Gesondheetszenteren och zoumaachen.
Pia Oppel Do spréngt deen Ament dann als éischt déi hollännesch Caritas an, fir ze verhënneren, datt Dausende Südsudaneese vun haut op muer den Accès zu enger Gesondheetsversuergung verléieren.
Jean-Claude Franck An eréischt méi spéit entscheet de Lëtzebuerger Ausseministère, fir da vu Januar 2025 un, dee Projet nees matzefinanzéieren.
Xavier Bettel An am Moment si se iwwer d'Caritas Holland geholl gi mat engem Finanzement vum MAE fir 2025 vun 1,1 Milliounen. Voilà. Dat sinn all déi Informatiounen, déi ech do, déi ech do hunn iwwer deen Dossier, iwwer den Dossier Sudan. Also do ass dat, wat mir hunn.
Pia Oppel Awer fir den Ernärungsprojet am Südsudan, fir deen de Pacoto David an iwwer 50 aner Leit geschafft hunn, gouf keng esou Léisung fonnt.
Xavier Bettel Ech kann net, de Steierzueler kann net responsabel si fir Mëssstänn bei der Caritas.
Jean-Claude Franck Dem Xavier Bettel seng Positioun ass also déi hei. Säi Ministère huet méi gemaach, wéi en hätt missen. An datt d’Caritas hiert Personal am Ausland wéinst dem Bedruch huet missen entloossen, ass hir eege Responsabilitéit.
Léonardo Kahn A wéi gesäit d’Caritas dat, wat da schlussendlech geschitt, nämlech datt awer vill Projete gestoppt ginn an d’Personal entlooss gëtt?
Pia Oppel Ech hunn doriwwer mam Chef vun der Cooperation internationale bei der Caritas geschwat. Hien huet dësen Departement iwwer Joerzéngte mat opgebaut.
Michael Feit Mein Name ist Michael Feit. Ich bin Arzt und bin seit 27 Jahren bei der Caritas Luxemburg.
Pia Oppel Ech hunn de Michael Feit a seng Ekipp am November zejoert an hire Büroe besicht. Dat grousst Gebai an der Welter-Strooss am Garer Quartier vun der Stad steet deen Ament bal eidel.
Michael Feit Es ist sehr einsam geworden und ein bisschen in Auflösungserscheinung.
Pia Oppel Ënnen op der Entréesdier vum Gebai steet den Numm vun der neier ASBL Hëllef um Terrain, déi e Gros vun den nationalen Aktivitéiten a vum Personal vun der Caritas iwwerholl, awer elo deels an anere Gebaier ënnerbruecht huet.
Pia Oppel Aber man begegnet sich nicht so viel?
Michael Feit Man begegnet sich nicht mehr so viel.
Jean-Claude Franck Déi 30 Leit, déi zu Lëtzebuerg fir d’Coopération internationale geschafft hunn, sinn net vun Hëllef um Terrain iwwerholl ginn. Si hunn entretemps bal alleguer een neien Job fonnt. Deels beim Staat, oder well de Staat gehollef huet Plazen ze vermëttelen.
Pia Oppel De Michael Feit net, mee hien huet net méi laang bis d’Pensioun. Säi Plang ass fir sech da weider an der humanitärer Hëllef ze engagéieren, als Benevole.
Pia Oppel Das heißt, diese Erfahrung hat Sie nicht verbittert?
Michael Feit Nein, also verbittert ... nein.
Pia Oppel De Michael Feit huet dee ganze Summer gehofft, datt eng Léisung fonnt gëtt, fir déi international Aktivitéiten iergendwéi kënnen ze retten.
Michael Feit Wir wussten eigentlich nur, dass eine Hoffnung nach der anderen sozusagen erstarb.
Jean-Claude Franck Notamment direkt am Juli, wéi de Premier Luc Frieden annoncéiert, datt d’Caritas bis op Weideres keng Sue méi vum Staat kritt.
Michael Feit Aber ich weiß natürlich auch, dass Politik Politik ist. Das Ministerium kann uns nicht einfach Millionen und Millionen geben, wenn wir so ein Skandal bei uns haben. Der muss erst aufgearbeitet werden, das ist klar.
Pia Oppel Bei der Reunioun mat de Beamte vum Ausseministère ass de Michael Feit Ufank September och dann dobäi.
Michael Feit Wir kamen gemeinsam dazu, dass wir jetzt nicht den gordischen Knoten irgendwie lösen konnten oder halt etwas gefunden haben, was uns jetzt ein Zaubertrank wäre.
Léonardo Kahn An dat heescht, wéi geet de Michael Feit dann am September mat deem Constat ëm? Also datt d’Caritas all déi international Aktivitéiten, déi hien iwwer Joerzéngte mat opgebaut huet, dann elo muss opginn?
Jean-Claude Franck Hie versicht dat Bescht doraus ze maachen a fir méiglechst vill eenzel Projeten nach ze retten. Eeben andeems den Ausseministère da punktuell hëlleft, an och aner ONGen am Ausland.
Pia Oppel Notamment reest de Michael Feit am Hierscht op Wien, op een Treffe vun den europäesche Caritas-Organisatiounen. An der Hoffnung do Repreneure fir Projeten ze fannen. Hien huet mir deemools kuerz viru senger Réckfaart nach vun der Gare zu Wien aus ee Message geschéckt.
Michael Feit Jetzt geht es halt zurück. Gemischte Gefühle. Einerseits sehr bewegt von der Solidarität. Andererseits ist es trotzdem die Traurigkeit die überwiegt, dass alles jetzt ein Ende haben wird.
Jean-Claude Franck Dat heescht, d’Caritas Lëtzebuerg verschwënnt zwar. Mee par rapport zu den eenzelne Projeten ass et dann de Versuch de Schued iergendwéi nach ze reduzéieren. Mat Hëllef vun aneren ONGen an dann elo Enn September och vum Ministère.
Michael Feit Das Ministerium rief noch mal an und wollte noch mal ein Projekt, noch mal Details haben, weil sie das eventuell finanzieren.
Pia Oppel Trotzdeem muss de Michael Feit deenen 30 Kolleegen, déi fir de Caritas-Büro am Laos schaffen, da soen, datt si hir Aarbecht verléieren. An de Kolleegen am Südsudan, dorënner dem Pacoto David.
Michael Feit Es ist sehr traurig zu sehen, dass die lokalen Mitarbeitenden halt zum grössten Teil keine Arbeit finden und tatsächlich in die Armut gehen.
Jean-Claude Franck D’Projeten am Südsudan si vum Budget hier fir d’Caritas deen Ament déi gréisst. A well de Südsudan wéinst stännege Konflikter immens onsécher ass, sinn d’Aktivitéiten do och mat déi schwieregst fir um Lafen ze halen.
Pia Oppel An deem Kontext ass een abrupte Stopp vun de Projeten ee grousse Risiko fir d’Sécherheet vum Personal. Do virdrun huet de Michael Feit säi Verwaltungsrot och fréi gewarnt.
Jean-Claude Franck Dee gréisste Problem am Südsudan ass, datt Zäit feelt, fir dem Personal, de Beneficiären, de lokale Partner, eng Perspektiv ze ginn. Esou wéi d’Caritas dat soss ëmmer mécht, wa se ee Büro schléisst.
Michael Feit Eine Büroschliessung ist etwas, dass man weder im Studium lernt, noch etwas was ich oft machen musste. Für die bisherigen Schließungen hatten wir immer sehr viel Zeit. Wir hatten ein Budget dafür, sodass wir unsere Büros im Kosovo, in Montenegro, in Serbien immer in lokale Hände übergeben konnten und die Projekte weiter, weil wir es auch zwei Jahre, drei Jahre vorher wussten. Die Personen hatten alle neue Jobs. Es war immer sehr schön. Wir hatten Strategien geschrieben, Exit-Strategien.
Pia Oppel Alles dat ass am Südsudan net méiglech. An et entstinn Tensiounen: d’Personal mécht sech Suergen, datt hir Büroe kéinten iwwerfall ginn.
Léonardo Kahn A wéi geet d’Caritas dann domadder ëm, datt d’Situatioun am Südsudan esou schwiereg ze handhaben ass?
Pia Oppel Ma et ginn eng Rei Precautioune geholl.
Michael Feit Wir haben einen Safe-Raum geschaffen, also mit den Vereinten Nationen einen Platz gefunden, wo sie halt hingehen können, wenn es tatsächlich zu lebensbedrohlichen Menacen käme.
Jean-Claude Franck An dann, e puer Deeg éier de Büro Enn Oktober ‘24 dann definitiv soll zoumécht, kënnt et effektiv zu engem Tëschefall.
Michael Feit Wir haben einen großen Compound da, wir haben ja zwei Büros, das sind alles Wertgegenstände. Sei es der Generator, ein neues Auto, was wir gekauft haben.
Pia Oppel Am Ganzen sinn et siwen Autoen - an déi sollten u méi Acteure verschenkt ginn. A Bürosmaterial soll ënner dem Personal verloust ginn: Tabletten, Laptoppen, a sou weider.
Jean-Claude Franck An dat kënnt bei der lokaler Diozees, mat där d’Caritas Lëtzebuerg zu Torit enk zesummegeschafft huet, net gutt un. Well déi sech erwaart huet all dat Material kënnen ze halen.
Michael Feit Es kamen Leute zu uns, die halt bewaffnet waren, wobei die Sicherheitsleute meistens bewaffnet sind. Und es ist auch nicht so, dass jetzt geschossen wurde oder sonst was. Das passierte alles nicht. Ich denke, es war ja, wenn Waffengewalt angedroht wird, ist das ausreichend als Argument.
Jean-Claude Franck Bis an dee gesécherte Raum kann d’Personal sech deen Dag net retten. Véier Paschtéier a fënnef Polizisten hätten d’Caritas-Personal menacéiert.
Michael Feit Und haben halt dann halt zu relativ drastischen Methoden gegriffen. Halt die Autos selber abgeholt, beziehungsweise die Schlüssel. Und auch Personal von uns einbestellt beziehungsweise also mehr als unfreundlich eingeladen unter Zwang dann zu ihnen zu kommen und diese Sachen weiter zu besprechen.
Pia Oppel Mir hu mat zwou Persoune geschwat, déi dësen Incident materlieft hunn. Dorënner de Finanzchef vu Caritas Lëtzebuerg am Südsudan. Hien ass deen Dag kierperlech agresséiert a mat op de Policebüro geholl ginn.
Jean-Claude Franck Fir d’Caritas-Ekipp zu Lëtzebuerg ass et an deem generelle Chaos vun der Ofwécklung vum Büro am Südsudan net méi méiglech den Incident nach opzeschaffen. An déi Responsabel zur Ried ze stellen.
Michael Feit Von Seiten des Bischof gibt es halt eine andere Beschreibung der Situation. Da wird es keine Aufarbeitung, keine Polizei, geben.
Pia Oppel Mir hunn de Bëschof vun Torit och selwer kontaktéiert. Hien dementéiert, datt et zu Menacë komm wier. Mee wat genee geschitt ass, wollt hien eis net erklären.
Jean-Claude Franck An de Bistum hei zu Lëtzebuerg ass vun der Caritas informéiert ginn, wat soll virgefall sinn. Eis géintiwwer wollt sech de Bistum net zu där ganzer Saach äusseren.
Pia Oppel De Christopher Mutinda ass nom Incident zréck a seng Heemecht Kenia gaangen. Hien huet 18 Joer fir d’Caritas am Südsudan geschafft.
Christopher Mutinda I feel that time I was left alone. That trauma is still within me. And at the end you are leaving the country or closing in on such miserable and very bad situation like that. It was very discouraging. Very discouraging.
Jean-Claude Franck Kuerz no deem Incident stoppt de Caritas-Büro am Südsudan dann definitiv seng Aktivitéiten. Fir d’Personal gouf et an den Deeg virdrun awer nach een anere Grond fir Onrou.
Léonardo Kahn Wat ass dann nach schifgaangen?
Pia Oppel Ma e puer Deeg éier de Büro sollt zoumaachen, waren déi lescht Salairen an d’Pensiounsuspréch vum Personal nach ëmmer net iwwerwise ginn.
Michael Feit Was natürlich die Stimmung entsprechend schlecht macht bei den Mitarbeitenden, aber halt auch im Umfeld.
Jean-Claude Franck D’Caritas kann déi ronn 300.000 Euro, déi d’Personal nach zegutt huet, am Hierscht selwer net méi opbréngen.
Michael Feit Sodass wir letztendlich ja den Weg gefunden haben, dass das Bistum sich bereit erklärt hat, die Gehälter und auch die Pensionsansprüche via der holländischen Caritas in den Südsudan zu transferieren.
Pia Oppel A just deen Ament, wéi d’Suen effektiv sollen iwwerwise ginn, gëtt d’Caritas nees viséiert vun engem Bedruchsversuch.
Léonardo Kahn Nach e Bedruchsversuch? Dat heescht, wat genee ass geschitt?
Pia Oppel Ma de 16. Oktober um 20h13 kritt de Finanzchef vum Bistum, de Marc Wagener, ee Mail, deen ausgesäit, wéi wann e vun enger Caritas-Mataarbechterin kéim.
Dear Mr Wagener, Please we are so sorry for any inconveniences this might cause. Can you please contact your bank to cancel the transfer and send the transfer again to our below bank details?
Jean-Claude Franck An deem Mail gëtt dann ee Bankkonto an den USA genannt. Obwuel den Transfer jo sollt an Holland goen, fir datt déi hollännesch Caritas d’Sue kéint an de Südsudan iwwerweisen.
Pia Oppel Well déi hollännesch Caritas an deenen Echangë virdrun a Kopie war, sinn d’Mail-Echangen zum Theema iwweregens effektiv op Englesch gewiescht.
Jean-Claude Franck Mee dem Finanzchef vum Bistum fält op, datt dee Message vun enger falscher Caritas-Mail-Adress komm ass. D’Sue ginn also net an d’USA iwwerwisen. A kommen da beim Personal am Südsudan un.
Pia Oppel Mee datt d’Caritas genee deen Ament, wou et ëm eng Iwwerweisung an d’Ausland geet, esou geziilt viséiert gëtt, geheit natierlech vill Froen op.
Léonardo Kahn Well et dono ausgesäit, wéi wann d’Caritas gehacked gi wier?
Pia Oppel Jo, genee. Well den Zäitpunkt an de Kontext sinn op alle Fall mat esou enger messerschaarfer Prezisioun gewielt, datt et esou ausgesäit, wéi wann anerer einfach kéinte matliesen, wéi eng Mailen do verschéckt ginn.
Jean-Claude Franck An da freet ee sech natierlech, ob dat net dann och an de Méint virdrun de Fall war, wärend dee risege Bedruch amgaange war. An ob Krimineller dowéinst genee woussten, wéi si d’Finanzdirektesch misste manipuléieren a guidéieren, fir datt näischt opflitt.
Pia Oppel Mee et muss een op dëser Plaz nach eppes aneres erwänen, wat bis elo net bekannt ass.
Léonardo Kahn An zwar?
Pia Oppel Mat esou Maile wéi deem do, wou also ee freet fir Suen op ee falsche Konto ze iwwerweisen, war d’Caritas och virdrun dacks konfrontéiert.
Jean-Claude Franck Also och schonn éier d’Finanzdirektesch am Februar 2024 dee Mail krut, wéinst deem si dann duerno iwwer 5 Méint am Ganzen 61 Milliounen Euro a Spuenien iwwerweist.
Pia Oppel Well do virdrun huet d’Caritas scho laang Erfarung mat där doten Zort Bedruch. Och mat Mailen, déi ausgesinn, wéi wa se vum Generaldirekter Marc Crochet kéimen.
Kindly email me when you are ready to process the payments, so I can email you the payment details.
Regards,
Marc Crochet
Jean-Claude Franck A wéi d'Caritas domat ëmgaangen ass, a wat dat och fir d'Finanzdirektesch bedeit huet, doriwwer schwätze mir an der nächster Episod.
Léonardo Kahn Dat ass dann déi aacht, a viraussiichtlech lescht Episod an eiser Chronologie vun der Caritas-Affär. Déi Episod publizéiere mir wéi ëmmer op engem Méindeg. Mee dat awer eréischt no der Päischtvakanz, also den 2. Juni.
Merci Pia a Jean-Claude!
Jean-Claude Franck Merci Dir, Leo!
Pia Oppel Merci och.
Léonardo Kahn Dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast.
Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel, Charlotte Bruneau, Tessy Troes a vu mir, Léonardo Kahn. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Jo Diseviscourt, Anke Meiser a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich.
Merci dem Pacoto David, deen an der Ëmgéigend vu Palotaka, zu Juba an am Flüchtlingscamp Kiryandongo am Uganda d’Geräischkulissen opgeholl huet, déi Dir an dëser Episod konnt héieren.
Fir keng Episod ze verpassen: abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert. A wann Dir Froen hutt, oder eis Feedback wëllt ginn: maacht eis gären ee Mail op doku@100komma7.lu.