Léonardo Kahn Freideg, 19. Juli 2024 um 10h44. De Kardinol Jean-Claude Hollerich an de Weibëschof Leo Wagener kréien e Mail vun der Marie-Christine Ries, d’Vertriederin vun der kathoulescher Kierch am Caritas-Verwaltungsrot.
Marie-Christine Ries D'Caritas huet 61 Milliounen Euro verluer. Dovunner 33 Milliounen Euro lignes de crédit bei zwou Banken.
Léonardo Kahn Et ass net deen éischte Message iwwer d’Caritas-Fraude, deen de Kardinol kritt. Schonn dräi Deeg virdrun, wéi de Bedruch grad intern opgeflunn ass, gëtt hien informéiert, wat geschitt ass. De Jean-Claude Hollerich huet dat anescht duergestallt.
Taina Bofferding Ech zitéieren hei de Kardinol, dee sot ...
Jean-Claude Hollerich Et huet kee vun der Caritas sech bei mir gemellt, fir ze soen, wat geschitt ass.
Taina Bofferding Déi Reaktioun ass net appropriéiert.
Théo Péporté Fir mech ass a bleift d'Caritas e Stéck vum Handele vun der Kierch, ouni dat mer eigentlech d'Kierch net brauchen.
Léonardo Kahn Am Summer 2024 ass d’Caritas an enger existenzieller Kris. An de Bistum léisst déi kathoulesch Organisatioun falen: Firwat?
Mäin Numm ass Léonardo Kahn an dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Carambolage heescht eis zweet Serie am Zeenewiessel. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimlech alles schifleeft, wat nëmme schiflafe kann, verziele mir an aacht Episoden. Eng Recherche vum Pia Oppel a Jean-Claude Franck.
Episod 5: De Bistum.
Mir sinn elo um hallwe Wee an eiser Rees duerch déi onglaublech Geschicht vun der Caritas-Affär. Mir hu gesinn, wéi de Bedruch intern an der Caritas verlaf ass. Wéi d’Finanzdirektesch, hir Direktiounskolleegen an och de Verwaltungsrot sech verhalen hunn. Elo maache mir lues a lues de Bléck no bausse méi grouss op ... an als éischt kënnt de Bistum un d’Rei. Jean-Claude, Pia, wat steet fir d’kathoulesch Kierch dann hei um Spill?
Pia Oppel Ma fir d’Kierch geet et u sech ëm eng ganz einfach Fro. Nämlech, ob si d’Caritas brauch, oder net.
Jean-Claude Franck D’Caritas ass ee Moyen fir Mënschen an Nout ze hëllefen. A fir sech och um ëffentlechen Debat iwwer sozial Froen ze bedeelegen.
Pia Oppel Am Summer 2024 muss de Bistum entscheeden, ob dat alles Grond genuch ass fir d’Caritas ze retten oder net.
Jean-Claude Franck Mir wëssen, datt dat net geschitt ass. Amplaz huet d’Kierch sech vun der Caritas distanzéiert.
Jean-Claude Hollerich D'Caritas gehéiert jo net dem Äerzbistum.
Pia Oppel Dat sot de Kardinol Jean-Claude Hollerich am September 2024 géintiwwer RTL.
Léonardo Kahn A wat ass un där Ausso drun, d’Caritas géing net dem Bistum gehéieren?
Jean-Claude Franck Dat stëmmt esou hallef, well et feelt awer eng wichteg Informatioun. De Bistum ass de Grënner vun der Fondatioun Caritas.
Léonardo Kahn Hänkt de Bistum dann als Fondateur juristesch mat an dëser Affär dran?
Jean-Claude Franck Neen, juristesch gesinn ass de Bistum als Fondateur net fir dat responsabel, wat bei der Caritas geschitt. En nennt d’Verwaltungsrotsmemberen. An hëlt doduerch Afloss op d’Ausriichtung vun der Organisatioun. Mee de CA dréit dann d’Responsabilitéit. Net de Bistum.
Pia Oppel Och finanziell ginn et hei keng Obligatioune fir de Bistum fir sech ze engagéieren.
Jean-Claude Franck Wourëms et also geet ass, ob d’Kierch sech responsabel spiert fir d’Caritas ze retten. Net aus juristesche Grënn, mee aus moraleschen, oder wann een esou wëllt och aus politesche Grënn.
Pia Oppel De Jean-Claude Hollerich huet déi Responsabilitéit géintiwwer RTL vu sech gewisen. A fir d’éischt emol mam Fanger op anerer gewisen.
Jean-Claude Hollerich Et huet kee vun der Caritas sech bei mir gemellt, fir ze soen, wat geschitt ass. Weeder den Direkter nach d‘Presidentin vun der Fondatioun si bei mech komm, fir mir ze erklären. Ech gutt just en E-Mail vun e puer Zeile geschéckt. Dat war alles.
Jean-Claude Franck Effektiv hu weder den Direkter nach d’Presidentin vun der Caritas sech beim Kardinol gemellt. Mee datt kee sech gemellt huet, stëmmt net. De Kardinol krut och net just ee Mail.
Pia Oppel En plus hu mir erausfonnt, datt de Bistum ufanks duerchaus probéiert hat an der Krisegestioun ze intervenéieren.
Léonardo Kahn Dat heescht?
Pia Oppel Ma de Kardinol kritt schonn deen Owend, wou de Bedruch intern opgeflunn ass, eng SMS, datt d’Caritas 61 Milliounen Euro geklaut krut.
Jean-Claude Franck De Verwaltungsrot vun der Caritas hat sech d’Aufgaben opgedeelt. Also och wie mat wiem Kontakt ophëlt. Mat der Regierung, mam Bistum, mat verschiddenen Affekoten a Beroder, a sou weider.
Pia Oppel An d’Marie-Christine Ries, déi fir de Bistum schafft, huet d’Aufgab de Kardinol an de Weibëschof um Lafenden ze halen. Si mécht dat och a schéckt dann no deem éischten SMS reegelméisseg Updatë per Mail.
Léonardo Kahn A wéi reagéiert de Kardinol op déi Mailen?
Jean-Claude Franck Et schéngt, wéi wann ufanks keng Reaktioun kéim. Mee de Kardinol huet de 25. Juli, also 9 Deeg nodeems hie vum Bedruch gewuer gëtt - dann ee Gespréich mat der Marie-Christine Ries.
Pia Oppel Hei muss ee kuerz preziséieren, weder de Kardinol nach d’Marie-Christine Ries ware bereet sech eis géintiwwer dozou ze äusseren.
Léonardo Kahn Hutt Dir dann trotzdeem kënnen erausfannen, wat an deem Echange vum 25. Juli gesot gouf?
Jean-Claude Franck Jo, op d’mannst zum Deel, well mir d’Rapporte vum Caritas-Verwaltungsrot konnte consultéieren. An an deene Rapporte steet eppes Wichteges, wat bis haut och net bekannt ass. An zwar, datt de Kardinol de 25. Juli d'Demissioun vum ganze Verwaltungsrot gefuerdert huet.
Léonardo Kahn De ganze Verwaltungsrot? Wéi kënnt et zu där Fuerderung?
Jean-Claude Franck Majo, de Kardinol schéngt zur Conclusioun komm ze sinn, datt d'CA-Memberen d’Responsabilitéit missten droen, fir dat wat geschitt ass.
Pia Oppel Dat kann een esou gesinn, mee den Timing vun där Fuerderung ass awer erstaunlech. De Jean-Claude Hollerich fuerdert dat de 25. Juli. Mee den Dag virdrun hat d’Regierung grad kloer gemaach, datt se just nach de Verwaltungsrot wéilt als Uspriechpartner hunn.
Luc Frieden Eisen eenzegen Interlocuteur kann nëmmen de Verwaltungsrot sinn. Mir musse mat engem schwätzen. Mee mir mengen, datt den aktuellen, de ganzen Daily Management vun der Caritas, déi Leit, déi dat maachen, déi kënnen net eis Interlocuteure sinn.
Pia Oppel Deen Dag, wou de Luc Frieden dat do seet, entscheet de Caritas-Verwaltungsrot jo dann och, eng Prozedur anzeleeden, fir d’Direktiounsmembere méiglecherweis ze entloossen. Déi véier Direktere sinn dann am Krankeschäin, éier dat geschitt.
Jean-Claude Franck D’Caritas huet also deen Ament de facto keng Direktioun méi fir d’Dagesgeschäft ze geréieren. De Verwaltungsrot steet ganz eleng do fir d’Krisegestioun an der Caritas ze maachen. An deen Ament seet dann de Jean-Claude Hollerich déi 14 Membere vum CA missten demissionéieren.
Léonardo Kahn A wéi reagéiert de Verwaltungsrot dann dorobber?
Jean-Claude Franck Mir wëssen, datt si dat net gemaach hunn. Mee firwat, dat geet net aus de Rapporten ervir. Dofir hu mir bei der Nathalie Frisch, der Spriecherin vum Verwaltungsrot, nogefrot.
Pia Oppel Wat hutt Dir dovunner gehal, wéi Dir dat héieren hat?
Nathalie Frisch (laacht) Kann ech mäin zweeten Joker zéien? Nee, also fir mech war dat einfach eng Frechheet. Fir eis war einfach dat Verantwortungsgefill par rapport zu den, zu de Salariéen an de Beneficiairen do, woufir mir et net gemaach hunn. Op eng gewësse Manéier, et hätt een et vläicht dee Moment solle maachen.
Pia Oppel Wann de Verwaltungsrot effektiv zeréckgetruede wier, da wier déi waarm Gromper nämlech effektiv beim Bistum gelant, dee Leit hätt misse fannen, fir d’Kris bei der Caritas dann ze geréieren.
Jean-Claude Franck Dat schéngt och de Kardinol da gemierkt ze hunn, well e seng Meenung no e puer Stonne schonn nees ännert.
Nathalie Frisch Ech huelen un, do si vläicht e puer aner Leit hannendrun, déi dann awer vläicht gesot hunn, bass du der de Konsequenze bewosst.
Well ech menge seng Reaktioun war jo an deem Sënn evident a spontan a mindestens net ganz iwwerluecht. Loosst mer emol esou ganz fei probéieren auszedrécken.
Jean-Claude Franck Op deem Dag wou de Jean-Claude Hollerich de Verwaltungsrot als éischt zum Récktrëtt opfuerdert a seng Meenung dann nees ännert, kënnt awer nach eng aner Propos vum Verwaltungsrot, déi vum Kardinol ënnerstëtzt gëtt.
Léonardo Kahn An déi wier?
Jean-Claude Franck A fir den Erny Gillen ze froen, ob hien den CA kéint am Alldag bei der Krisegestioun ënnerstëtzen. Esou eng Persoun ass gesicht ginn, eebe well de facto keng Direktioun méi do war.
Léonardo Kahn Ech mengen hei musst Dir kuerz erklären. Wien ass den Erny Gillen, a wat genee gouf hie gefrot ze geréieren?
Pia Oppel Den Erny Gillen war laang Caritas-Direkter. Awer och Generalvikar, also nom Äerzbëschof den zweete Mann am Bistum.
Jean-Claude Franck Also hie war selwer laang Joren de Lien tëschent Caritas a Kierch, ëm deen et eis an dëser Episod geet.
Pia Oppel An de 25. Juli rifft de Kardinol dem Erny Gillen un a freet, ob hie kéint de Krisemanagement bei der Caritas iwwerhuelen, als eng Zort provisoreschen Direkter. Et gouf jo ee gesicht, deen am Alldag kéint d’Caritas leeden, well d’Direktioun net méi do war.
Pia Oppel Den Erny Gillen seet Neen. Firwat, dozou komme mir nach.
Pia Oppel Moien. Ech hu Rendez-vous mam Här Gillen. Sinn ech do op der richteger Plaz?
Pia Oppel Um Belair, an deem ale Klouschter vun de Franziskanerinnen, lount den Erny Gillen ee klenge Büro.
Erny Gillen Jo, et ass alles, wat ee brauch.
Pia Oppel Den Erny Gillen huet sech virun enger Rei Jore selbstänneg gemaach a beréit Organisatiounen a Betriber an eethesche Froen.
Erny Gillen Well d'Moral net vum Himmel fält, muss ee se handwierklech maachen. A Moral an Eethik huet mech mäi Liewe laang beschäftegt.
Léonardo Kahn Wat muss een nach iwwer dem Erny Gillen säi Parcours wëssen?
Pia Oppel Also 1985, mat 25 Joer, gëtt hien als Priister geweit. Mee de Beruff vum Paschtouer huet hien ni exercéiert. Hie mécht en Doktorat an der Eethik, dann enseignéiert hien um Seminaire.
Jean-Claude Franck A mat der Caritas war den Erny Gillen schonn als Jugendlechen a Kontakt komm.
Erny Gillen Also ech hu mat 15 Joer, dat däerf een haut bal net méi soen, deemools no Aarbecht gesicht an der grousser Vakanz, ne, an do hunn ech am Wort gelies, datt d'Caritas Moniteure géif sichen.
Pia Oppel Vun do un ass den Erny Gillen ëmmer nees bei Caritas-Kolonien dobäi. An hie bleift der Caritas erhalen. Ufank den 90er gëtt hien Direkter. D’Caritas ass deen Ament nach eng ganz kleng Organisatioun. Mee wiisst awer séier.
Jean-Claude Franck D’Caritas gëtt da bis 2013, also bal ee Véierelsjoerhonnert, vun engem geweite Priister geleet.
Erny Gillen Ech si jo dann e Kierchemann gewiescht, mee awer e Kierchemann, deen elo net mam réimesche Col duerch d'Landschaft gelaf ass, mee dee mat rouden oder bloen oder grénge Krawatten ënnerwee war.
Pia Oppel D’Caritas, déi virun 100 Joer entstanen ass, war ni eng Initiativ vu “Kierchemänner”, fir dem Erny Gillen säin Term ze iwwerhuelen. D’Caritas ass eng Organisatioun, déi aus der Zivilgesellschaft eraus entstanen ass.
Erny Gillen Den Impuls ass ganz kloer aus der, wat mir haut géife soen, Société civile chrétienne komm.
Jean-Claude Franck Eréischt Ufank den 90er, also wéi den Erny Gillen dann och Direkter gëtt, iwwerhëlt dann de Bistum eng méi formell Roll. Aus der ASBL Caritas gëtt eng Fondatioun, an de Bistum ass de Fondateur vun där Fondatioun.
Pia Oppel A wéi den Erny Gillen et beschreift, gouf et an deene Joren eng Zort Konkurrenz tëschent Kierch a Caritas.
Erny Gillen Also heiansdo ass gesot ginn an och geschriwwe ginn, d'Caritas ass dat schéint Gesiicht vun der Kierch. Dat heescht, do kënnt eigentlech dat zum Ausdrock, wat d'Kierch eigentlech misst sinn. A mir waren natierlech der Meenung, datt déi institutionell Kierch misst méi Caritas ginn.
Pia Oppel Wat hätt dat da bedeit am Prakteschen, wat hätt se gemaach?
Erny Gillen Also ech menge selwer och zum Deel op den Terrain goen. A selwer och erliewen, wat Aarmut ass, fir ze verstoen a wellecher Welt, datt mir do ënnerwee sinn.
Pia Oppel Ënner dem Erny Gillen ass d’Caritas och zu enger kritescher Stëmm am ëffentlechen Debat ginn. An dat huet zu Tensioune geféiert. Zum Beispill wéi hien am Mee 2003 d'Octavepriedegten hält.
Erny Gillen Dat heescht owes, wou d'Kierch, also d'Kathedral gerammelt voll war an och d'Politiker vun der deemoleger Zäit do souzen. Do hunn ech eng Priedegt iwwer d'Flüchtlingsfro an iwwer déi kal a waarm Häerzer gehalen. Déi och Welle geschloen huet.
Jean-Claude Franck Am Viséier vum Erny Gillen senger Ried war den haitege Premier. De Luc Frieden war déi Zäit Justizminister an och zoustänneg fir d’Immigratioun.
Erny Gillen An dat ass ausgedroe ginn am Paschtoueschgaart. No der Schlusspressessioun. Dat heescht, wou de Bëschof Franck deemools dem Här Juncker hat missen an d'Ae kucken, dee sech do geiergert huet. A sengem deemolege Finanz- a Justizminister, dee sech op d'Féiss getrëppelt gespiert hat.
Pia Oppel Fir en net ze nennen, de Luc Frieden
Erny Gillen Jo, jo, dee war gemengt. A mir hunn dat och bis op d’Televisioun matenaner ausgedroen deemools. Dat heescht, do hat déi institutionell Kierch natierlech den Androck, datt d'Caritas oder ech perséinlech do e Stéck ze wäit gaange war.
Léonardo Kahn Et gouf also Tensiounen an där Zäit, wou Kierch a Caritas an der Persoun vum Erny Gillen ganz enk matenee verstréckt waren. Mee déi Ära geet jo dann 2013 op en Enn, hat dir virdrun erwäänt. Wat bedeit deen Depart da fir d’Relatioun tëschent Kierch a Caritas?
Jean-Claude Franck De Lien ass an deene Joren duerno manner enk, well et kënnt nach ee Changemeng. D’Statute vun der Caritas gi geännert, esou datt den Äerzbëschof net méi automatesch President vun der Fondatioun Caritas ass.
Pia Oppel Dat geschitt op Wonsch vum Jean-Claude Hollerich, deen 2011 Äerzbëschof ginn ass. An anescht wéi seng Virgänger net méi wëllt d’Caritas presidéieren.
Léonardo Kahn Dat heescht, d’Kierch an d’Caritas ginn hei op Distanz?
Pia Oppel Wärend enger Zäit gesäit et effektiv esou aus. Mee interessant ass, datt et grad elo déi lescht Joren, eebe wéi de Marc Crochet 2021 Generaldirekter bei der Caritas ginn ass, nees ee Rapprochement gouf.
Jean-Claude Franck Dat hate mir schonn an enger viregter Episod kuerz erwäänt. De Marc Crochet war beméit, Projete mat der Kierch ze realiséieren. An och déi chrëschtlech Wäerter, déi eng Caritas ausmaachen, nees méi an de Mëttelpunkt ze stellen.
Léonardo Kahn Kierch a Caritas sinn also iwwer d’Joerzéngte méi oder manner enk verstréckt gewiescht. Mee da kënnt de Summer 2024. D’Caritas steet kuerz virum Aus, an de Bistum muss entscheeden, ob d'Kierch kann op d’Caritas verzichten. Mir wëssen elo, datt de Kardinol Jean-Claude Hollerich sech um Ufank an d’Krisegestioun amëscht. De 25. Juli 2024 fuerdert hien, datt dee ganze Verwaltungsrot soll demissionéieren. Hien ännert seng Meenung dann awer séier nees. An da mécht hien nach eng aner Propos. An zwar datt den Erny Gillen kéint als Krisemanager bei der Caritas intervenéieren. Wéi koum et zu där Propos genee?
Jean-Claude Franck Also ursprünglech koum déi Propos aus dem Caritas-Verwaltungsrot selwer. An et ass dann de Kardinol, deen den Erny Gillen de 25. Juli urifft a freet, ob hie bereet wier déi Aufgab ze iwwerhuelen. Wat iwweregens nach eng Kéier weist, datt et wuel e Kontakt tëschent der Caritas an dem Kardinol an deenen éischten Deeg gouf.
Erny Gillen Also ech hat, wou ech gefrot gi sinn, hunn ech mir en Dag et schlecht goe gelooss. Well ech einfach emotional sinn, ech natierlech zu Déifst verwuess mat deem, wat d'Caritas duerstellt an der Symbolik an an der Realitéit vun der Gesellschaft.
An hu mech gefrot, kanns de do hëllefen oder kanns de net hëllefen?
Pia Oppel Krut der gesot, wann Dir Här Gillen do elo intervenéiert, da leeë mir och d’Suen derbäi op den Dësch fir dat Ganzt ze retten? War dat kloer oder war et net kloer?
Erny Gillen Also zu deem Zäitpunkt mengen ech war et kloer, datt si d'Caritas géife fale loossen.
Pia Oppel Fir engem ze soen, hei iwwerhuel déi Aufgab, a mir loossen dech an engems direkt falen, dat ass bal eng Saach vun der Onméiglechkeet, neen?
Erny Gillen Mee vis-à-vis vun Onméiglechkeete seet een Neen, ne?
Pia Oppel Siwen, aacht Minutten hätt d’Gespréich op dem 25. Juli mam Kardinol gedauert, seet den Erny Gillen.
Jean-Claude Franck Wat de Kardinol him genee sot, wëllt den Erny Gillen net verroden. Mee seng Conclusioun vun deem Gespréich war déi hei.
Erny Gillen Also ech denken, de Kardinol Jean-Claude Hollerech, deen huet jo Perspektiven op dem Weltniveau, wann een dat esou ka soen, also innerhalb vun der Kierch, an hien huet dee Moment natierlech och mussen oppassen, wéi hie selwer sech duerstellt a wéi eng Roll datt hie selwer als Kierch wëllt elo hei iwwerhuelen op dem Lëtzebuerger Terrain.
Jean-Claude Franck Kuerz zum Kontext: De Jean-Claude Hollerich huet am Vatikan zu den enkste Beroder vum Poopst François gehéiert. An de Medien ass déi lescht Jore gäre spekuléiert ginn, ob de Jean-Claude Hollerich selwer emol kéint Poopst ginn.
Pia Oppel Eppes wat vill Experte vum Vatikan zwar fir ausgeschloss halen. Mee elo nom Doud vum Poopst François bleift ze gesinn, wéi d’Saach dann ausgeet. Kloer ass awer egal wéi: de Jean-Claude Hollerich ass a bleift beméit fir op internationalem Niveau an der kathoulescher Kierch eng Roll ze spillen.
Léonardo Kahn Den Erny Gillen seet also: de Jean-Claude Hollerich huet sech wärend der Kris bei der Caritas bedeckt gehalen, fir datt dës Affär net op hien, respektiv op de Bistum zeréckfält. Wat ass vun där Kritik ze halen?
Jean-Claude Franck Also wat ee kloer gesinn huet ass, datt de Bistum sech op Distanz gehalen huet. Mat Ausnam vun deene punktuellen Interventioune vum Kardinol ganz um Ufank vun der Kris, huet de Bistum sech komplett passiv verhalen.
Pia Oppel Wann de Kardinol hei awer beméit war säin eegene Ruff ze schützen, da war dat vläicht net déi beschten Approche. Op d’mannst war dat mäin Androck, an ech hunn den Erny Gillen dowéinst och dorobber ugeschwat.
Pia Oppel D’Fro, déi sech natierlech do stellt, ass et fir hie manner problematesch, datt d'Caritas ënnergeet, wéi datt hie se rett?
Erny Gillen Also déi Fro, wann ech op sengem Stull géif sëtzen, géif ech mir déi stellen. Mee hien huet dann awer d'Léisunge fir sech fonnt, andeem datt hie seet: Ma jo, meng Caritas, dat ass dat, wat se zu Bouneweg an der Por maachen.
Pia Oppel An dat ass en anere wichtege Punkt. Fir de Kardinol ass d’Caritas méiglecherweis einfach keen esou wichtegen Deel vun der Kierch.
Léonardo Kahn Wéi kënns du zu där Conclusioun?
Pia Oppel De Jean-Claude Hollerich huet an de leschte Joren dacks dofir plaidéiert, datt d’Kierch sech soll op hire Kär-Business konzentréieren, de Glawen.
Jean-Claude Franck Do läit de Kardinol och op enger Linn mam Poopst François, an och mat deem senge Virgänger. Déi hunn allebéid a Fro gestallt, wat esou grouss a professionell sozial Organisatioune wéi d’Caritas der Kierch bréngen.
Pia Oppel An dat ass och, wat de Jean-Claude Hollerich seet. Der Caritas hir Aktivitéite wieren “net mat der Glawensgemeinschaft verbonnen”, sot hien an engem Interview.
Jean-Claude Franck Anescht wéi eeben déi karitativ Aarbecht zum Beispill an der Bouneweger Por, esou de Jean-Claude Hollerich.
Pia Oppel An d’Fro, déi mir eis du gestallt hunn ass: wat huet dat, wat do zu Bouneweg gemaach gëtt, da mam Glawen ze dinn?
Jij Linster Mäin Numm ass Jij Linster-Besch. Ech si Coordinatrice vun der Sozialekipp vu Bouneweg, déi all Dënschdeg Moien hei Iesssaachen ausdeelen, respektiv de Vestiär ophunn an e Café virun der Kierch zerwéieren.
Pia Oppel Virun der Dier waart vu ganz fréi moies un eng laang Schlaang vu Leit. Well den Undrang ze grouss ass, ginn 150 Tickete verdeelt. Wien en Ticket huet dierf sech fënnef Liewensmëttel auswielen. D’Doris ass all Woch do.
Pia Oppel Welche Nummer hatten Sie?
Doris Ja, ich hatte die acht.
Pia Oppel Nicht schlecht! Das heißt, Sie waren früh da, um die zu bekommen?
Doris Ja, ich bin schon 5 Uhr hier.
Pia Oppel Im Regen? Wo haben Sie da gewartet?
Doris Im Regen hier. Ja!
Pia Oppel Leit, déi Hëllef brauchen, ginn et der vill zu Bouneweg. Net wäit fort vun der Bouneweger Kierch ass den Drogekonsumraum Abrigado. Direkt ëm den Eck ass de soziale Bistro Courage, dee bis zejoert vun der Caritas bedriwwe gouf.
Pia Oppel Wohin gehen Sie jetzt, wenn Sie Kaffee getrunken haben?
Doris Dann gehe ich schnell oben in den Bistro Social einen Bon holen für zu duschen.
Pia Oppel Und wo schlafen Sie?
Doris Ich habe ein Zimmer in Wasserbillig.
Pia Oppel Op deem Dënschdeg Moien, wou ech zu Bouneweg sinn, sinn eng 20 Benevoller am Asaz. An dorënner net just gleeweg Chrëschten.
Pia Oppel Et pour vous, est-ce que c’est aussi lié au travail de l’église?
Benevole Ah non, ah non. C’est indépendant.
Pia Oppel Donc vous ne faites pas ça parce que vous êtes croyante?
Benevole Non.
Pia Oppel D’Iddi ass net fir Mënschen an Nout ze bekéieren. Mee fir ze hëllefen. Dofir mécht d’Kierch hir Dieren op.
Jij Linster Ech menge mir sinn an der Kierch, et ass och op e Wonsch vum Här Paschtouer. Dat mam Ausdeele vun Iesswueren, dat ass op säi Wonsch hinnen entstanen.
Théo Péporté De Fong vun der Saach ass present sinn, déi Leit ze begéinen an als Persounen eescht ze huelen an net op si erofzekucken. Dat ass de Fong vun der Iddi. Dat entsprécht deem chrëschtleche Mënschebild, wat sech hannendru muss entwéckelen.
Pia Oppel Den Théo Péporté ass zënter senger Jugend an der Bouneweger Por engagéiert. Also schonn iwwer 60 Joer laang. Viru senger Pensioun war hie Spriecher vum Bistum.
Jean-Claude Franck Elo ass hie Member an där Associatioun, déi déi karitativ Aarbecht an der Bouneweger Por organiséiert. D’Aarbecht vun där de Kardinol an den Interviewen esou gär schwätzt.
Theo Péporté: Mee dat gëtt et op anere Plazen och. Et gi Kongregatiounen, et ginn ONGen, déi sech d'Inspiration chrétienne verstinn an esou, dat gëtt et alles nach. Also et gëtt nach en Handelen. Mee d'Caritas war d'Flaggschëff vun deem Handelen.
Brauche mir dat haut? Jo, mir brauchen et onbedéngt haut.
Pia Oppel Den Théo Péporté argumentéiert esou: Grad an Zäiten, an deenen ëmmer manner Leit gleeweg sinn, oder an d’Kierch ginn, misst d’Kierch bei d’Leit goen.
Théo Péporté An dat Handelen, dat an d'Gesellschaft erageet, dat gëtt gesi vun alle Leit. An dat ass och do fir d'Leit alleguerten.
Pia Oppel Also, och wann d’Caritas entretemps ee grousse Betrib mat iwwer 500 Salariéë war, déi fir hir professionell Kompetenzen an net fir hir reliéis Astellunge rekrutéiert goufen. Fir den Théo Péporté ass déi Organisatioun kloer een Deel vun der Kierch.
Jean-Claude Franck Mat där Meenung ass den Théo Péporté net eleng: ëffentlech a bannent der Kierch ass déi dote Kritik zejoert dacks ubruecht ginn.
Pia Oppel Also, datt de Bistum op d’mannst hätt misse versichen d’Caritas ze retten, vläicht mat Hëllef vu Congregatiounen an anere kathouleschen Organisatiounen.
Théo Péporté Ech weess net, ob mir méi wäit komm wären, mee mir wären anescht dru gaang. Et ass ëmmer méi einfach elo ze soen, wéi et hätt solle sinn. Also ech wëll net an där Situatioun gewiescht sinn. Mee trotzdeem.
Léonardo Kahn De Bistum huet am Summer 2024 en anere Choix geholl. Kathoulesch Acteure ginn net zesumme getrommelt, d’Caritas gëtt fale gelooss. Mee wéi ass et zu där Decisioun da genee komm?
Jean-Claude Franck Déi Fro hätte mir dem Kardinol gäre selwer gestallt. Deen huet deen Interview awer un de Weibëschof Leo Wagener delegéiert.
Pia Oppel Moien, Pia Oppel vum 100,7. Ech sinn hei fir een Interview mam Här Wagener.
Pia Oppel De Bistum huet säi Siège direkt hanner dem Cercle Cité an der Stad. Dem Leo Wagener säi Büro huet een héije Plafong - et ass e bëssi kal, well d’Heizung nuets aus war fir Energie ze spueren. Et gëtt ee Sëtzeck mat enger Fotell an engem flaachen Dësch, op deem eng kleng Skulptur steet, ee bloe Léiw.
Pia Oppel Ass dat wéinst dem Leo?
Leo Wagener Dat do ass wéinst dem Leo.
Pia Oppel Dat ass ëmmer e gutt Theema fir d’Äis ze briechen.
Leo Wagener Also et ass en Icebreaker. Et geet gemenkerhand domadder un.
Pia Oppel Majo, da sinn ech och dorobber eragefall.
Pia Oppel De Leo Wagener war laang Paschtouer, notamment och zu Bouneweg. 2013 iwwerhëlt hien d’Successioun vum Erny Gillen als Generalvikar. Deen Titel huet hien och haut nach, nieft deem vum Weibëschof.
Leo Wagener Weibëschof ass also ee Bëschof, deen dem eigentlechen Diözesanbëschof hëlleft, also eisem Kardinol Jean-Claude Hollerich. Well hien och ganz vill Missiounen huet am Déngscht vun der Weltkierch. Dofir sinn ech da méi och hei op dem lokale Gebitt zoustänneg, wann hie fort ass.
Pia Oppel Also de Leo Wagener ass am Fong den Adjoint vum Bëschof. An als Generalvikar ass hien dofir zoustänneg, datt de Bistum genuch Suen huet fir ze funktionéieren.
Jean-Claude Franck Do ass dann och direkt de Lien zur Caritas-Affär. De Bistum seet nämlech vun Ufank vun der Kris un, datt e sécher net ka finanziell hëllefen.
Léonardo Kahn Mee stëmmt dat, also datt d’Kierch net genuch Suen huet?
Jean-Claude Franck An de finanzielle Bilanen ass et e kontrastéiert Bild. 2023 huet de Bistum effektiv en Defizit vu ronn enger Millioun Euro gemaach.
Pia Oppel Mee de Bistum ass net aarm, notamment well e Gebaier an Terraine besëtzt.
Leo Wagener An et ass och esou, datt eeben, well et Immobilieprojete sinn, déi eng laang Zäit brauchen, éier se dann och Gewënner ofwerfen, datt mir do déi Suen net einfach fräi hunn an datt mir mussen Duuschtstrecken och aushalen, bis mir zu deem Rendement kommen.
Jean-Claude Franck Also, an anere Wierder, de Bistum ass zum Bau-Promoteur ginn. Ouni an Immobilieprojeten ze investéiere fäert de Bistum, datt en iergendwann seng eege Käschten net méi kann decken.
Leo Wagener An de Bistum kann net higoen a säin eegene Patrimoine a Gefor bréngen, andeem e géing puer Millioune ginn enger ganz anerer Entitéit.
Pia Oppel Zënter der Trennung vu Kierch a Staat 2018 muss de Bistum d’Paschtéier, déi nei agestallt ginn, selwer bezuelen. Virdrun huet de Staat d’Salairen all bezuelt.
Leo Wagener Also ech hoffen, datt et och eng Kéier verstane gëtt, datt mir eis an enger grousser Responsabilitéit sti vis-à-vis och vun deene Leit, déi mir beschäftegen.
Léonardo Kahn De Bistum seet also: eis Investitiounspolitik steet op wackelege Been, esou datt mir fäerten eis eegent Personal iergendwann net méi kënnen ze bezuelen. Also kënne mir der Caritas keng Sue ginn. Hunn ech dat richteg verstanen?
Pia Oppel Jo, genee dat ass d’Argument.
Léonardo Kahn OK, dann zeréck bei eis Chronologie: de Bistum gouf direkt informéiert, wéi de Bedruch intern opgeflunn ass. An duerno sinn dann Updatë per Mail komm. De Kardinol fuerdert am Juli de Récktrëtt vum CA, ännert seng Meenung, freet dann den Erny Gillen fir Krisemanager ze ginn, dee wénkt of. An dann? Wéi verhält de Bistum sech da vun deem Punkt un?
Pia Oppel Ma als éischt sief erwäänt, datt ech dem Leo Wagener natierlech och Froen zu deenen Interventioune vum Kardinol am Juli gestallt hunn. Mee do krut ech ëmmer déi selwecht Äntwert.
Leo Wagener No Comment.
Pia Oppel No Comment, an der Rei.
Jean-Claude Franck An dem Leo Wagener seng Erklärung fir déi passiv Haltung, déi de Bistum vun do un ageholl huet, ass déi hei.
Leo Wagener Fir eis war kloer, deen, deen den Dossier elo an der Hand huet, dat ass de Premier. Dee jo och direkt gesot hutt, datt hie sech géif drëm këmmeren, datt en och géif d'Kommunikatioun maachen. A vun dohier war, vun eiser Säit aus, ee gewëssen Ofwaarden do.
Pia Oppel Mee an den Aussoe vum Premier gouf et eeben eng wichteg Nuance. D'Regierung wéilt alles maachen, fir datt déi sozial Aktivitéite vun der Caritas kënne weider geféiert ginn.
Jean-Claude Franck Der Caritas selwer wollt d’Regierung awer wéinst dem Bedruch bis op Weideres keng Sue méi ginn. Esou datt d'Caritas duerchaus op Hëllef ugewise war, wa se sech iergendwéi nei wollt opstellen.
Pia Oppel A well de Bistum keng Initiativ ergräift fir no Léisungen ze sichen, ass et d’Caritas, déi dann eng Reunioun mam Kardinol ufreet. Fir ëm Hëllef ze froen.
Jean-Claude Franck Ufanks proposéiert de Bistum Dezember als méiglechen Datum fir sech ze gesinn.
Léonardo Kahn Am Dezember? Bis dohinner hätt d’Caritas jo awer riskéiert scho laang Faillite ze sinn.
Jean-Claude Franck Effektiv. De Leo Wagener seet, et wier méiglecherweis am Sekretariat eppes schifgelaf. Genee konnt hien net erklären, firwat de Bistum hei net direkt d’Urgence vun esou enger Entrevue erkannt huet.
Pia Oppel Nodeems d’Caritas insistéiert huet, gëtt dann op alle Fall eng Reunioun fir de 7. August aberuff. Dat war also dann dräi Wochen nodeems d’Caritas erausfonnt huet, datt 61 Milliounen Euro geklaut goufen.
Jean-Claude Franck Fir d’Caritas sinn an der Reunioun dobäi: de Christian Billon, also de benevolle Beroder, deen de Krisecomité presidéiert. Mat dobäi sinn d’CA-Membere Marc Hengen a Marie-Christine Ries.
Pia Oppel An op der Säit vum Bistum sinn et de Kardinol, de Weibëschof, an de Finanzchef Marc Wagener.
Léonardo Kahn Wéi verleeft déi Entrevue am August dann?
Jean-Claude Franck Ma de Krisecomité proposéiert dem Bistum elo eng nei Iddi. An zwar, datt net déi al Caritas misst gerett ginn, mee datt een amplaz eng nei Caritas kéint grënnen.
Pia Oppel Dat wieren dann eng oder zwou nei Entitéite, déi déi national a méiglecherweis och déi international Aktivitéite kéinten iwwerhuelen. Ouni d’Allaaschte vun der Bedruchsaffär da mat eriwwer ze schleefen. Also d'Scholden, d’Justizprozeduren, alles dat géif dann un där aler Struktur hänke bleiwen.
Jean-Claude Franck An d’Hoffnung war, datt wann de Bistum net bereet wier där aler Struktur ze hëllefen, datt en dann awer vläicht bereet wier fir enger neier Caritas genuch Suen ze ginn, fir datt se nees kéint funktionéieren.
Pia Oppel Mee och do geet et da schonn ëm gréisser Montante vun e puer Milliounen Euro un Eegemëttel, eleng fir déi national Aktivitéiten um Lafen ze halen.
Leo Wagener An et huet een awer, ouni datt doriwwer richteg geschwat ginn ass, an der Offenheet gemierkt, datt do, wou mir eis eng Grenz gesat hätten, datt dat largement ënner deem wier, wat ee géif erwaarden.
Pia Oppel Bis zu enger hallwer Millioun Euro, dat ass dat, wat de Bistum bereet war zu enger neier Caritas bäizedroen. Mee de Krisecomité wousst, datt en domadder net ganz wäit kéint kommen.
Pia Oppel An dat wann Dir do drënner läit, datt Dir och fir si kee relevanten Acteur méi wier, oder war dat esou kloer?
Leo Wagener Neen, dat ass an där Kloerheet net gesot ginn.
Jean-Claude Franck A wéi eng nei Caritas genee géif ausgesinn, ass fir de Leo Wagener de 7. August och onkloer bliwwen.
Leo Wagener An där Reunioun hu mir gesot kritt, mir géifen ee Brouillon kréie vun de Statuten, déi mir awer bis haut net kritt hunn.
Jean-Claude Franck Den 12. August 2024, fënnef Deeg no der Entrevue tëschent Bistum a Caritas, verschéckt de Bistum säin alleréischte Communiqué zur Kris bei der Caritas. Also bal ee Mount nodeems de Kardinol per SMS iwwer de Bedruch informéiert gouf.
[Panorama-Jingle]
Françoise Keller De Bistum äussert sech fir d‘éischte Kéier zu der Bedruchsaffär bei der Caritas.
Pia Oppel Ob a wéi de Bistum bei der Grënnung vun enger neier Caritas kéint bedeelegt sinn, gëtt am Communiqué guer net erwäänt.
Jean-Claude Franck An déi nächst Reunioun tëschent Caritas a Bistum kënnt eréischt zustanen, wéi d’Caritas schonn all hir Aktivitéite verluer huet.
Léonardo Kahn Mir hate jo scho virdrun doriwwer rieds, ob et fir d’Kierch dann iwwerhaapt relevant war, datt et eng Caritas gëtt oder net. An datt de Kardinol Jean-Claude Hollerich d’Caritas net onbedéngt als een essentiellen Deel vun der Kierch gesäit. Wat seet de Léo Wagener dann dozou?
Pia Oppel Hie widdersprécht dem Kardinol net. Kierch a Caritas, dat ass eng frëndlech Co-Existenz, méi net, esou hunn ech de Léo Wagener verstanen.
Leo Wagener Jiddwereen huet, wann een esou wëllt, seng Aarbecht gemaach op senger Plaz. Mee egal, et ass sécherlech ee Schued, et ass een immens Schued do, op ville Gebidder. Dee ganze Skandal huet sécherlech och der Kierch, dem Bistum geschuet.
Jean-Claude Franck Datt de Bistum fir säi Verhale kritiséiert gouf, doranner läit fir de Léo Wagener awer och ee gewësse Widdersproch.
Leo Wagener Mir sinn iwwer Järzéngten ugegraff ginn als Bistum, datt mir iwwer d'Wort géifen déi Lëtzebuerger Ëffentlechkeet beaflossen. Dunn hu mir aus fräie Stécker d'Wort verkaaft. Elo gëtt eis virgeworf, mir hätte keen Afloss méi op d'Gesellschaft. Do gesinn ech e puer Inkohärenzen.
Léonardo Kahn Am Summer 2024 seet de Bistum also dat hei: si kënne keng Sue bäisteiere fir d’Caritas ze retten. Si si vläicht bereet un der Grënnung vun enger neier Caritas deelzehuelen. Mee d’Suen, déi fir eng nei Caritas gebraucht ginn, mussen anerer bäisteieren. Fir d’Regierung, déi op kee Fall wëllt, datt d’Aktivitéite vun der Caritas gestoppt ginn, misst dat jo dann eng wichteg Informatioun sinn. Also datt de Bistum finanziell keen nennenswäerte Bäitrag zu engem Rettungsplang wäert leeschten. Wéini ass dee Message dann do esou kloer ukomm, mam Bistum ass an där Kris net ze rechnen?
Jean-Claude Franck Also u sech hu mir gemengt, datt dat de 7. August fir jiddweree kloer gëtt, eebe wéinst deem Treffen tëschent dem Bistum an dem Krisecomité vun der Caritas.
Pia Oppel Mee et schéngt, datt d’Regierung schonn éischter wousst, datt et an déi dote Richtung géif goen.
Pia Oppel Wéi ass dat bei Iech dee 7. August, ass dee Message ukomm, et wäert keng Caritas méi kommen, vue de Message, dee vum Bistum koum?
Luc Frieden Vläicht schonn éischter, well och ech hat mam Kardinol e Gespréich um Telefon geféiert, ech weess awer net méi genee wéini. Fir ze soen: Wat maacht Dir dann elo?
Jean-Claude Franck De Premier hat virum 7. August net just een Telefonsgespréich mam Kardinol. Mee hien huet de Kardinol och fir ee Mëttegiesse gesinn.
Léonardo Kahn A wéini war dat?
Jean-Claude Franck Dat war den 22. Juli schonn. Also sechs Deeg nodeems de Bedruch opgeflunn ass, empfänkt de Jean-Claude Hollerich de Luc Frieden an der Bëschofsresidenz.
Pia Oppel Mir wëssen net, wat genee bei deem Mëttegiesse geschwat gouf. De Bistum wollt eis dozou näischt soen. An de Staatsministère sot, Theema wier déi geplangte Visitt vum Poopst am September gewiescht.
Jean-Claude Franck Mee et kann ee sech kaum virstellen, datt déi zwee net iwwer d’Caritas geschwat hätten.
Pia Oppel An de Premier seet jo selwer, datt him d’Positioun vum Kardinol sécher scho virum 7. August bekannt war. An de Luc Frieden seet och:
Luc Frieden Wann ee seet: ech hu keng Suen, jo wat soll ech dann do maachen? Ech sinn net d’kathoulesch Kierch.
Léonardo Kahn Wat soll de Premier, oder vläicht anescht formuléiert, wat kann d’Politik maache fir d’Kris bei der Caritas an de Grëff ze kréien?
Jean-Claude Franck Dorëms geet et an der nächster Episod.
Léonardo Kahn Dat ass dann déi sechst an eiser Chronologie vun der Caritas- Affär. Merci Pia, Merci Jean-Claude!
Pia Oppel Ganz gären!
Jean-Claude Franck Merci och, a bis nächste Kéier.
Léonardo Kahn Dat hei ass Zeenewiessel, den 100,7-Doku-Podcast. Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Pia Oppel, Charlotte Bruneau, Tessy Troes a vu mir, Léonardo Kahn. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meisen, Jo Diseviscourt a Chris Zeien. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich.
Fir keng Episod ze verpassen abonéiert Zeenewiessel do, wou Dir Podcasten am léifste lauschtert. A wann Dir Froen hutt, oder eis Feedback wëllt ginn: maacht eis gären ee Mail op doku@100komma7.lu.