Radioen

On air

Notturno  |  Kit Sebastian - Elegy For Love

play_arrow Live
search

/ HCPN schafft un neiem Urgence-Kit fir de Fall vun enger Kris

National Sécherheet

HCPN schafft un neiem Urgence-Kit fir de Fall vun enger Kris

Lëtzebuerg wëllt an den nächste Méint déi staatlech Virbereedunge fir Krisen entwéckelen, esou den Haut-Commissariat à la Protection Nationale (HCPN). D'EU-Kommissioun huet leschte Mëttwoch en Aktiounsplang presentéiert mat 30 verschiddene Mesuren, deen dofir suerge soll, datt ee besser op Naturkatastrophen oder e Krich preparéiert wier.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Bigstock / photkas play_arrow
(Foto: Bigstock / photkas)

Um Site infocrise.lu fënnt ee schonn eng Checklëscht vu Saachen, déi een doheem sollt stockéiert hu fir de Fall vun enger Kris.

De Guy Bley vum Haut-Commissariat à la Protection Nationale (HCPN) erkläert, wéi esou e Kit sollt ausgesinn. 

"Dat ass ee, ech soe mol een normale Stock, deen een, deen en doheem huet, wou ee weess, wou huet ee seng Medikamenter leien, wou huet ee vläicht e bësse Reserve vu Waasser, wou huet ee bësse Reserve fir ze iessen."

Der EU-Kommissioun no soll jidderee sech fir 72 Stonne selwer mat deem Wichtegste kënne versuergen. Bis ewell ass déi Lëtzebuerger Checklëscht net esou detailléiert.

Zesummenaarbecht mat Benelux an den nordeuropäesche Länner

Elo wëllt Lëtzebuerg sech zesumme mat de Beneluxlänner a mat den nordeuropäesche Länner, wéi zum Beispill Finnland, zesummesëtze fir den aktuellen Urgence-Kit ze iwwerschaffen an ze developpéieren, esou de Guy Bley vum HCPN.

Den Urgence-Kit ass awer net dat eenzegt, dat d'Lëtzebuerger Regierung ausschaffe wéilt. Dobäi kéim och eng Risikoanalys, zum Beispill iwwer d'Resilienz vun de kriteschen Infrastrukturen, erkläert de Guy Bley.

12 Pläng fir verschidden Zenarien

Lëtzebuerg hätt an de leschte Jore scho verschidde Pläng fir verschidden Urgencëfäll entwéckelt. Op infocrise.lu fënnt een ënner anerem d'Prozedure bei enger Cyberattack, bei engem nuklearen Accident oder enger Energiepann. Am Ganze fënnt een do 12 Pläng.

Wat generell Liewensmëttel- a Waasserreserve fir d'Bevëlkerung ugeet, esou wéi Däitschland se zum Beispill huet, do géif den Ament doriwwer nogeduecht ginn, esou de Guy Bley. Weider Detailer konnt hien dozou awer net ginn. 

Lauschterenplay_arrow