Viru kuerzem ass de Guy Conter an d’Pensioun gaangen, an dat war e Choix, deen hie ganz bewosst geholl huet, an et ass him och net schwéier gefall. Dat wëll elo awer net heeschen, datt hie säi Beruff net gäre gemaach huet.
“Ech wëll och nach aner Saache maachen”
Als Mënsch muss ee wëssen, wat een de Leit nach ka ginn, a wat een de Leit net méi ka ginn, seet de Guy Conter. An dobäi zielt och d’Energie, déi een nach huet, an och déi Energie, déi een net méi huet.
“Ech hunn dat laang genuch gemaach an ech hunn och fonnt, datt et elo géif duer goen, well ech och nach aner Saache wëll a mengem Liewe maachen. A well ech och gär déi Fräiheet hätt, fir déi aner Saachen a mengem Liewen ze maachen.”
De Museker geet awer ni an d’Pensioun
De Guy Conter fiert mat der Musek weider, well hien och aktuell nach ëmmer a verschiddenen Orchestere matspillt oder aushëlleft. An och wann d’Brass Band vum Conservatoire hie brauch, ass hie sécher derbäi.
“Et wäert ni esou sinn, datt ech radikal keng Musek méi wäert maachen.”
D’Instrumentekëscht bleift awer och emol zou
Hien hëlt awer net méi all Dag en Instrument an de Grapp, ausser natierlech wann hien e Projet huet oder fir en Optrëtt. Da gëtt geprouft. De Guy Conter seet selwer, datt et, egal op wéi engem Niveau, ouni Prouwen net geet.
“Mee wann ech weess, ech hunn elo zwee, dräi Méint näischt, da bleift d'Këscht awer zou.”
“Ech konnt net Nee soen!”
De Guy Conter huet zwou Duechteren, déi allen zwee och Musek gemaach hunn. Déi eng Duechter huet talentéiert Cello gespillt, an huet sech awer fir de Beruff vun der Infirmière decidéiert. Déi aner Duechter, d'Esther, ass bei der Musek bliwwen an huet Musical studéiert. A wou si d’Annonce gemaach hat, datt si eben d’Musek zu hirem Beruff wéilt maachen, do konnt de Papp net Nee soen.
“Dat ass ganz richteg. Mee ech war mir awer och bewosst, wat dat heescht. Ech hu ganz vill mam Esther doriwwer geschwat, wat hatt wollt a wat hat sech virgestallt hatt.”