search

/ Grujeleg Decouverte zu Nanzeg: Jonke Student dout bei der Autobunn fonnt ginn

Frankräich

|
reading time

1 min

Grujeleg Decouverte zu Nanzeg: Jonke Student dout bei der Autobunn fonnt ginn

Zu Nanzeg ass virgëschter um Donneschdegmoie schonn d’Läich vun engem Medezinsstudent no bei der Autobunn A33 fonnt ginn. D’Hannergrënn vu sengem Doud sinn nach onkloer.

reading time

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

D’Affer, dat 2006 gebuer war, huet nobäi gewunnt. De jonke Mann war zu Fouss vun enger Studentesoirée heemkomm. 

D’Affer hat eng Plastikstut um Kapp, déi awer net zougezu gewiescht wier. Dem zoustännege Geriichtsmedezinner no kéint de jonke Mann vun engem Auto ugestouss gi sinn.