Radioen

On air

Notturno  |  Nea Lone - Hey Boy

play_arrow Live
search

/ Grousst Feier an engem Paräisser Recyclingzenter

Ursaach nach onbekannt

Grousst Feier an engem Paräisser Recyclingzenter

Zu Paräis gouf et gëschter um Méindegowend e grousst Feier an engem Recyclingszenter an der Banlieue. Eng grouss schwaarz Dampwollek ass iwwer d'Stad gezunn. D'Pompjeeën hunn de Leit geroden, d'Géigend vum Feier ze vermeiden an hir Fënsteren zouzeloossen.

auto_stories

1 min

Nodeems Miessunge vun der Loftqualitéit gemaach goufen, hunn d'Pompjeeë verséchert: D'Konzentratioun vun eventuell gëftege Substanze géif ënner den erlaabte Limitte leien. 

D'Ursaach vum Feier ass nach net bekannt.