Um Site, deen d‘Universitéit zesumme mam Zentrum entwéckelt huet, hu Wieler ee Mount virun de Nationalwalen d‘Méiglechkeet online ze kucken, mat wéi enge Politiker a Parteien si déi meeschten Usiichten deelen.
44 Multiple-Choice Froe muss ee beäntweren. Zu Theemen ewéi dem Index, der Aarbechtszäitverkierzung an dem Auslännerwalrecht klickt een un, ob een domat averstanen ass oder eben net. Um Enn ginn d‘Äntwerte mat de Positioune vun de Parteien a Kandidate verglach.
Et ass déi véiert Nationalwal, wou de Site an den Asaz kënnt. Bei de leschten Nationalwalen 2018 hate 60 Prozent vun alle Kandidaten a Kandidatinne matgemaach. Dës Kéier wieren et der méi, seet dee Marc Schoentgen vum Zentrum fir politesch Bildung.
"Mir hu 75 Prozent vun deene 600 Kandidaten, déi bei de Wale matmaachen, déi hunn deen Tool benotzt. Deen ass och nach ëmmer oppen, dat heescht, Kandidate kënnen sech nach aschreiwen. An all Parteien, déi a mindestens engem Walbezierk matmaachen, maachen dës Kéier och mat."
Op der Pressekonferenz gëtt nach eng Kéier betount, datt d‘Donnéeë vun de Benotzer net gesammelt ginn. D‘Resultater sinn also anonymiséiert.
Donnéeë fir d'Fuerschung
Mat all den Donnéeë kann d‘Universitéit da weider fuerschen. Zum Beispill kann een d‘Äntwerte vun de Kandidate mam offizielle Walprogramm vun hirer eegener Partei vergläichen, erkläert de Raphaël Kies vun der uni.lu.
"Au sein même d'un parti, les candidats peuvent prendre des positions différentes. Et ça, c'est très intéressant aussi de voir s'il y a une congruence de la position des candidats d'un même parti par rapport à la position officielle du parti. Donc une question intéressante c'est de savoir dans quelle mesure les candidats suivent la ligne du parti ou prennent une position différente."
Bei de leschte Walen 2018 hunn iwwer 210.000 Leit d‘ Froen op smartwielen.lu beäntwert. De Site gëtt a véier Sproochen ugebueden an ass gratis.