Russesch Spëtzepolitiker géifen zanter Méint allméiglech Efforten maachen, fir d‘Produktioun vu Marschfluchkierper ze erhéijen. Dat huet de brittesche Verdeedegungsministère haut matgedeelt.
En plus géif Russland zanter Abrëll manner Rakéiten asetzen. Et wier deemno warscheinlech, datt een en vue vun engem Asaz am Virfeld vum Wanter Material wëll spueren.