Radioen

On air

Notturno  |  Jules Ahoi - Magnolia

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Groussbritannien kann elo awer Flüchtlingen an de Ruanda ausweisen

London ëmgeet ee Geriichtsurteel

Groussbritannien kann elo awer Flüchtlingen an de Ruanda ausweisen

London huet e Wee fonnt, fir een Urteel vum Ieweschte Geriicht ze ëmgoen an awer Flüchtlingen an de Ruanda auszeweisen. De britteschen Inneminister James Cleverly ass haut zu Kigali fir een neien Asylpakt ze ënnerschreiwen.

auto_stories

1 min

D‘Supreme Court hat deen Accord mam Ruanda als illegal verworf. An dësem neien Accord wiere verschidde Punkte geännert ginn, zum Beispill gëtt de Ruanda d‘Garantie, déi Flüchtlingen, déi aus Groussbritannie kommen, net an een Drëttstaat auszeweisen. An de Ruanda soll vun der Regierung zu London als sécheren Drëttstaat agestuuft ginn.

Déi konservativ Regierung wëllt Asyldemandeuren, déi irregulär a Groussbritannien areesen, direkt an de Ruanda ausweisen, wou se dann eng Asyldemande kënne maachen. E Retour a Groussbritannien ass ausgeschloss.