Radioen

On air

Notturno  |  Horse Lords - Zero Degree Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Groussbritannien: Brittesch Regierung ruddert zeréck beim Klimaschutz, esou BBC

Dereguléierung

Groussbritannien: Brittesch Regierung ruddert zeréck beim Klimaschutz, esou BBC

Déi brittesch Regierung wéilt beim Klimaschutz e grousse Schrëtt zréckgoen, dat mellt BBC.

auto_stories

1 min

Rishi Sunak | © picture alliance / Photoshot | -
Rishi Sunak (Foto: picture alliance / Photoshot | -)

Ënner anerem wéilten de Premier Rishi Sunak a seng konservativ Regierung d'Enn vum Verbrenner-Motor ëm fënnef Joer no hanne verréckelen – bis d'Joer 2035 am Plaz vun 2030. Am Ganze kéinte bis zu aacht zentral Klimaschutz-Mesure vun där konservativer Regierung gekippt ginn. Dorënner d'Enn vun neie Gasheizunge bis 2035, sou d'BBC. De Rishi Sunak huet de BBC Bericht net dementéiert a sot hie géif an de nächsten Deeg weider Detailer ginn.