Radioen

On air

Vue sur mer  |  Maale Gars - Fonken

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Groussbritannie wëllt ee strikt Fëmmverbuet aféieren

Gesondheet

Groussbritannie wëllt ee strikt Fëmmverbuet aféieren

A Groussbritannien ass elo e Gesetzesprojet am Parlament, mat deem eent vun de striktste Fëmmverbueter soll duerchgesat ginn. Well Fëmmen déi brittesch Ekonomie all Joer Milliarde kascht, soll eng haut 15 Joer a Persoun ni méi a hirem Liewe legal mat Tubak a Kontakt kommen.

auto_stories

1 min

D'Fëmmverbuet am Fräie soll an Zukunft och ronderëm Schoulen a Spillplaze gëllen, E-Zigaretten, déi nëmmen eemol gebraucht ginn, solle komplett verbuede ginn, genee wéi Reklamm fir normal E-Zigaretten. A Groussbritannie stierwen all Joers 80.000 Leit un de Konsequenze vum Tubakskonsum.