Radioen

On air

Moiesstudio  |  Gossip - Heavy Cross

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zwee Mënsche kommen zu Mannheim ëm d'Liewen - Täter ass wuel psychesch krank

Auto rennt a Leit

Zwee Mënsche kommen zu Mannheim ëm d'Liewen - Täter ass wuel psychesch krank

Zu Mannheim hunn d‘Enquêteure weider Detailer bekannt ginn nodeems gëschter um Méindeg en Auto an e Grupp Leit gerannt war. Zwee Mënsche koumen dobäi ëm d‘Liewen.

auto_stories

1 min

Groussasaz zu Mannheim, Däitschland | © picture alliance/dpa | Dieter Leder
Groussasaz zu Mannheim, Däitschland (Foto: picture alliance/dpa | Dieter Leder)

Hanner dem Steier souz ee 40 Joer alen däitsche Staatsbierger. Den Enquêteuren no géifen et Indicë ginn, datt hie psychesch krank ass.

De presuméierten Täter ass direkt no der 

Aenzeie soen, datt den Auto mat héijer Vitess op d‘Plaz gerannt komm wier, wou de Fuesmaart ass. Nieft zwee Doudesaffer geet vu 5 bis 10 Blesséierte rieds. 

Déi däitsch Inneministerin Nancy Faeser, déi um Rosenmontag-Ëmzuch zu Köln war, huet hir Visitten do ofgebrach wéinst dem Virfall zu Mannheim. Déi geplangte Kavalkaden an der Géigend sinn ofgesot ginn, ënner anerem déi vu muer Dënschdeg zu Heidelberg.

D'Spueresécherung zu Mannheim | © picture alliance/dpa | Boris Roessler
D'Spueresécherung zu Mannheim (Foto: picture alliance/dpa | Boris Roessler)