Radioen

On air

Notturno  |  Young Fathers - I Saw

play_arrow Live
search

/ Grouss ugeluecht Policekontroll am Garer Quartier

Eng Rei Verstéiss festgestallt

Grouss ugeluecht Policekontroll am Garer Quartier

Gëschter gouf et eng grouss ugeluechte Policekontroll am Garer Quartier. Tëscht véier Auer mëttes an eelef Auer owes goufen an der Joseph Junck Strooss an an der rue du Fort Neipperg Persounekontrollen duerchgefouert.

auto_stories

1 min

Am Mëttelpunkt stoung d‘Bekämpfung vun der Drogekriminalitéit, Verstéiss géint d‘Waffegesetz, et goufen och Pabeier, Openthaltsgeneemegunge an Autorisatioune fir Bistroen kontrolléiert, sou d‘Police.

Déi 89 Policebeamten hunn am ganze 85 Persoune kontrolléiert, et goufe kleng Quantitéiten Drogen an eng verbuede Waff confisquéiert, zwou Persoune goufen an de Centre de rétention bruecht.