Am Mëttelpunkt stoung d‘Bekämpfung vun der Drogekriminalitéit, Verstéiss géint d‘Waffegesetz, et goufen och Pabeier, Openthaltsgeneemegunge an Autorisatioune fir Bistroen kontrolléiert, sou d‘Police.
Déi 89 Policebeamten hunn am ganze 85 Persoune kontrolléiert, et goufe kleng Quantitéiten Drogen an eng verbuede Waff confisquéiert, zwou Persoune goufen an de Centre de rétention bruecht.