Radioen

On air

Moiesstudio  |  Marion Zovilé-Braquet

play_arrow Live
search

/ Grouss Stroosseprotester a Südkorea erwaart

Chaotesche politesche Kontext

Grouss Stroosseprotester a Südkorea erwaart

A Südkorea ginn haut dausende Leit op de Stroosse vu Seoul erwaart, dat wärend d‘Land mat engem ëmmer méi chaotesche politesche Kontext konfrontéiert ass.

auto_stories

1 min

Protester an der südkoreanescher Haaptstad Seoul | © picture alliance / NurPhoto | Chris Jung
Protester an der südkoreanescher Haaptstad Seoul (Foto: picture alliance / NurPhoto | Chris Jung)

De Freideg war eng Tentative gescheitert, de President Yoon Suuk Yool festzehuelen. Zënter deem senger versichter Aféierung vum Krichsrecht den 3. Dezember steet de Yoon Suk Yol ënner massiver Kritik. Hien ass vum Parlament suspendéiert ginn, bleift awer offiziell am Amt, bis datt d'Verfassungsgeriicht säi Récktrëtt confirméiert oder ofleent. Den Optakt vum Prozess ass fir den 14. Januar geplangt.