arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréng Luucht fir d'Republikaner fir d'Walkreesser an Alabama ze änneren

USA

|
reading time

1 min

Gréng Luucht fir d'Republikaner fir d'Walkreesser an Alabama ze änneren

Den amerikanesche Bundesstaat Alabama däerf d'Walkreesser esou änneren, datt nëmmen an engem Walkrees eng Majoritéit vu schwaarze Wieler:inne besteet. Dat notzt de Republikaner bei de sougenannte Midterm-Kongresswalen am November, well schwaarz Wieler:innen normalerweis majoritär d'Demokrate wielen.

reading time

1 min

© EPA/SERGEI ILNITSKY
(Foto: EPA/SERGEI ILNITSKY)

Dat Iewescht Geriicht huet eng vun de Republikaner initiéiert nei Gestaltung vun der Kaart vun de Walkreesser guttgeheescht. Doduerch fält ee vun den zwee Walkreesser ewech, an deene schwaarz Wieler a Wielerinnen an der Majoritéit sinn. 

Dat kéint dem Donald Trump bei de Midterm-Walen am November hëllefen, d‘Majoritéit vun de Republikaner am Representantenhaus an am Senat ze behalen.