Radioen

On air

9 bis 1  |  Matthew E. White - Electric

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gréng Luucht fir Ursula von der Leyen II Kommissioun warscheinlech

VOTT AM EU-PARLAMENT

Gréng Luucht fir Ursula von der Leyen II Kommissioun warscheinlech

Am Europaparlament gëtt haut um Mëttwoch iwwer déi nei EU-Kommissioun ofgestëmmt. Eng Majoritéit fir d'Ekipp vun der Ursula von der Leyen gëllt als sécher. Déi pro-europäesch Koalitioun awer steet net geschlossen hanner hir.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Europaparlament | © European Parliament play_arrow
Foto: European Parliament

Et wäert interessant sinn ze gesinn, mat wéi vill Stëmmen dës nei Kommissioun vum Europaparlament guttgeheescht gëtt a virun allem, vu wou déi Stëmme kommen.

Gréisser Bedenke bei de Sozialisten

Et gëtt jo am Europaparlament eng informell Koalitioun tëschent där gréisster Fraktioun, der Europäescher Vollekspartei (där déi Lëtzebuerger CSV ugehéiert) an deem zweetgréisste Grupp: D’Sozialisten zesumme mat de Liberalen. 
Déi Allianz hat déi lescht Woch eng Zort Koalitiounsaccord ënnerschriwwen, mee zanterhier gëtt doriwwer diskutéiert, wat deen Accord wäert ass, an ob déi ganz Koalitioun wierklech esou geschlossen hanner där neier Ekipp ënner der Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen steet.

Sécher ass, datt dat bei de Liberalen an der EVP de Fall ass

Beim drëtte Koalitiounspartner, de Sozialisten, gesäit dat anescht aus: D'Fraktiounssëtzungen déi lescht Deeg zu Stroossbuerg hu gewisen, datt et kräfteg rumouert am Grupp. Déi 14 däitsch EU-Deputéiert vun der SPD tendéieren zum Beispill staark dozou entweder mat Neen ze stëmmen, oder sech ze enthalen.

Manfred Weber: Keng kloer Grenz no riets

Dat nämmlecht gëllt fir de Marc Angel, Lëtzebuerger LSAP-Europadeputéiert. D'Roserei iwwert d'Behuele vun der EVP a virop vun hirem Chef, dem Manfred Weber, sëtzt déif. Dat well den däitschen CSU-Politiker refuséiert, kloer Grenzen no riets ze zéien.

Hien huet an der Lescht ëmmer nees mat alternative Majoritéiten nieft där pro-europäescher Koalitioun gespillt.

Gréng sinn net Deel vun där Koalitioun

De Manfred Weber huet och refuséiert, déi Gréng mat an déi Koalitioun opzehuelen. Dat wäert och esou bleiwen, huet den EVP-Chef en Dënschdeg op Nofro betount. Trotzdeem wëllen Deeler vun deene Grénge fir d'Ursula von der Leyen II Kommissioun stëmmen. Dat kloert Bekenntnis vun der Kommissiounscheffin e Méindeg zum Green Deal fir de Klimaschutz hätt hei den Ausschlag ginn.

Net jiddereen huet sech dovun iwwerzeege gelooss. Nieft der Lëtzebuerger Grénger Tilly Metz wäerten eng Partie aus där Fraktioun haut um Mëttwoch mat Nee stëmmen.

ECR-Stëmme kommen dobäi

Dat awer dierft largement doduerch ausgeglach ginn, datt d'Ursula von der Leyen sech dës Kéier op Deeler vun de rietskonservativer ECR-Fraktioun stäipe kann. An och wa si vun eenzele wéi dem Fernand Kartheiser keng Ënnerstëtzung kréie wäert, ass um Enn domat ze rechnen, datt d'Majoritéit zesummekënnt.

Dat politescht Bild awer wat sech doraus ergëtt ass eent, dat däitlech mécht, wéi schwiereg et gëtt, an Zukunft Majoritéiten am Parlament ze bilden.

Lauschterenplay_arrow