Radioen

On air

Notturno  |  Anna Butterss - Doo Wop

play_arrow Live
search

/ Gréissere Rettungsasaz: Cargo-Schëff a Petrolstanker anenee gerannt

Groussbritannien

Gréissere Rettungsasaz: Cargo-Schëff a Petrolstanker anenee gerannt

Dat deelt déi brittesch Küstenwache mat. Onkloer ass, wéi et den iwwer 30 Affer geet, déi u Land bruecht gi sinn. Dat mellt d'BBC.

auto_stories

1 min

Containerschëff | © picture alliance / imageBROKER | Dieter Mahlke
Containerschëff (Foto: picture alliance / imageBROKER | Dieter Mahlke)

Déi iwwer 20 Leit aus dem Equipage vum Tanker wieren onblesséiert an a Sécherheet, mellt d‘BBC mat Verweis op de CEO vu Stena Bulk. Dat ass déi Firma, der den Tanker gehéiert.

Um Tanker wier ee gréissert Feier ausgebrach, esou Medien. Op Videoe wier schwaarzen Damp ze gesinn. Ee Rettungshelikopter, Rettungsbooter, ee Fliger a Schëffer an der Ëmgéigend goufe mobiliséiert fir d‘Feier ze läschen, esou d‘Autoritéiten.

Eng méiglech Verknaschtung géif analyséiert ginn, heescht et weider. D'Cargoschëff soll der däitscher Reederei Köpping gehéieren. D'Ursaach vum Virfall ass nach onkloer.