search

/ Grand-Duc Guillaume op Visitt bei den europäeschen Institutiounen an der NATO

Groussherzoglechen Haff

|
reading time

1 min

Grand-Duc Guillaume op Visitt bei den europäeschen Institutiounen an der NATO

De Grand-Duc Guillaume ass haut a muer op Visitt zu Bréissel bei den europäeschen Institutiounen a bei der NATO. Dat nach an der Suitte vum Trounwiessel. Hie gëtt begleet vum DP-Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel.

reading time

1 min

Haut huet de Grand-Duc Guillaume Entrevuë mam EU-Conseils-President António Costa a mat der Presidentin vum Europaparlament Roberta Metsola. Et steet och eng Renconter mam Personal vun der Lëtzebuerger EU-Representatioun um Programm an hie gesäit och Lëtzebuerger, déi bei den EU-Institutiounen zu Bréissel schaffen. 

Muer gëtt de Grand-Duc Guillaume an den Ausseminister Bettel vum NATO-Generalsekretär Mark Rutte empfaangen, fir iwwer déi international Sécherheet ze schwätzen, heescht et am Communiqué vum groussherzoglechen Haff.