arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grand-Duc Guillaume: "D'Roll vum Monarch ass et politesch neutral ze sinn"

Interview

|
headphones

3 min

headphones

17 min

play_arrow

Grand-Duc Guillaume: "D'Roll vum Monarch ass et politesch neutral ze sinn"

Deen neie Grand-Duc Guillaume wëllt sech komplett aus politeschen Diskussiounen eraushalen. Dat betount hien am 100,7-Interview. Deen neie Staatschef gesäit seng Roll als "Rassembleur" a weist sech "erliichtert", datt de Grand-Duc an der neier Verfassung keng politesch Pouvoire méi huet. 

headphones

3 min

headphones

17 min

play_arrow

play_arrow De ganzen Interview mam neie Grand-Duc Guillaume kënnt Dir hei lauschteren

"Ech gouf mäi Liewe laang op dëse Moment preparéiert", seet den neie Grand-Duc Guillaume am 100,7 Interview. Seng Roll géif hien als Bréck gesinn, tëschent Traditioun an Innovatioun, an der Lignée vu senge Virfaren, mee:

"Ech komme mat mengem eegene Stil. Ech sinn eng Persoun, déi gären op d'Leit duergeet, déi gären och um Terrain ass, déi gären nolauschtert. Et ass wichteg fir e jonke Grand-Duc, deen tëschent de Generatiounen ass. Mat 43 Joer spieren ech mech de Jonken no an de manner Jonken och. A fir do wierklech de Lien tëschent de Generatiounen ze sinn."

Mee d'Zäiten hu sech geännert:

"Ech weess, mir hunn nei Defien, aner Defien. De Rôle, mengen ech, vun engem Grand-Duc an dësen Zäiten, ass e Rassembleur ze sinn, dee ka Leit ronderëm federéieren, besonnesch an der haiteger Zäit, déi heiansdo e bësse méi polariséiert ass wéi an der Vergaangenheet."

An de polariséierten Discours awer wëllt den neie Grad-Duc sech net amëschen.

"Nee, ech mengen net. Ech mengen d'Roll wierklech vum Monarch ass, als Rassembleur politesch neutral ze sinn."

Politesch Neutralitéit "eng gutt Saach"

Dës politesch Neutralitéit vum Staatschef ass haut méi kloer, no der Verfassungsännerung, déi dem Grand-Duc Henri säi Refus fir d'Euthanasiegesetz virun iwwer 15 Joer ze ënnerschreiwen, ausgeléist hat, an duerch déi sämtlech politesch Pouvoire vum Grand-Duc ofgeschaaft goufen.

"Haut hu mir eng Verfassung eeben, wou ech mengen, datt de Grand-Duc seng Neutralitéit voll kann ausspillen. An dat ass eng ganz gutt Saach."

Op d'Fro, ob hien dat esouguer als eng Erliichterung géing ugesinn, sot den neie Grand-Duc: "Jo, ech mengen et ass wierklech eng Erliichterung."

Zeréckhalend vis à vis vun der Press

Hie géif zouversiichtlech an d'Zukunft kucken. Déi meescht Leit géife senger Meenung no d'Monarchie nach ëmmer als positiv gesinn, esou nach den neie Grand-Duc Guillaume. Vill Interviewe mat der Press kann ee sech och vun him an Zukunft awer net erwaarden.

"Mir hunn d'Press, déi eng ganz wichteg Roll an onser Gesellschaft spillt. An dowéinst ass et fir ons extreem wichteg, ganz transparent ze sinn. Mee et soll net ze reegelméisseg gemaach ginn. Dat heescht, mir reservéieren ons wierklech Schlësselmomenter, déi mir decidéieren da mat der Press ze kommunizéieren."