Radioen

On air

Tockcity  |  High Vis - Guided Tour

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Glyphosat: EU-Verhandlungen iwwer Verlängerung vun der Zouloossung

Planzeschutzmëttel

Glyphosat: EU-Verhandlungen iwwer Verlängerung vun der Zouloossung

D‘Zouloossung vun deem ëmstriddenen Herbizid Glyphosat ass haut a muer nees Theema an der EU: D‘Kommissioun a Vetrieder vun den EU-Länner beroden haut am zoustännege Comité iwwert der Kommissioun hir Propose, d‘Autorisatioun vum Glyphosat ëm weider zéng Joer ze verlängeren.

auto_stories

1 min

Déi aktuell Zouloossung leeft Mëtt Dezember aus. De Vote iwwer d‘Verlängerung soll muer sinn. Lëtzebuerg stëmmt geint eng Verlängerung vun der Autorisatioun vum Herbizid, dat hat den Agrarminister Claude Haagen am 100Komma7-Interview gesot.