Den 100,7 sicht véier Fräiwëlleger, déi de Média de service public dobäi ënnerstëtzen, seng Missioun esou gutt wéi nëmme méiglech ze erfëllen. Ufank 2024 huet den 100,7 dofir e Publikumsrot geschaf, an deem Nolauschterinnen an Nolauschterer der Ekipp vum Radio hir fräi a kritesch Aschätzungen an Observatiounen zum Radiosprogramm an der Onlineoffer ginn.
Eng Kandidatur kann ee stellen, andeems ee sech iwwer dëse Formulaire aschreift: https://honnert-komma-siwen.limesurvey.net/129967?lang=lb&newtest=Y
De Publikumsrot huet 12 onofhängeg Memberen, déi an der Reegel dräimol am Joer zesummekommen. D’Sujete fir d‘Reunioune gi vum Rot selwer festgeluecht. D’Ekipp vum Radio liwwert déi néideg Informatiounen, fir datt d’Rotsmembere gutt preparéiert d’Reunioune kënnen ofhalen.
D’Membere vum Publikumsrot gi vum Verwaltungsrot vum 100,7 ënner de Kandidaten erausgesicht. Den Haaptkrittär ass eng gutt gemëschten Zesummesetzung wat den Alter, d’Geschlecht, d’Regioun vum Land an de sozio-professionellen Hannergrond ugeet, awer och eng Mëschung aus ganz treien a manner reegelméisseg Nolauschterer an Nolauschterinnen.
D’Mandat am Publikumsrot ass fir eemol an dauert dräi Joer, woubäi all Joer een Drëttel vun de Memberen erneiert gëtt.
De Radio 100,7, de Klassiksender Opus an d’komma-Jugendformater gi vum Média de Service public 100,7 bedriwwen, engem onofhängegen Etablissement public, dee vun der ëffentlecher Hand finanzéiert ass. De Verwaltungsrot ass mat sechs onofhängege Memberen, déi vum Verwaltungsrot selwer erausgesicht ginn, an dräi Staatsvertrieder:inne besat. De Verwaltungsrot ass fir d’Gouvernance an d’Gestioun vum Haus responsabel. Den Direkter ass de Garant vun der redaktioneller Onofhängegkeet vum 100,7.
De Publikumsrot huet eng berodend Roll. Säi Prinzip ass am Gesetz vum 22. August 2022 iwwer de Média de Service public 100,7 festgeschriwwen.