arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ginn duerch d'Akraafttriede vum EU-Asylpak d'Grenzkontrollen nees opgehuewen?

Grenzregioun

|
reading time

2 min

Ginn duerch d'Akraafttriede vum EU-Asylpak d'Grenzkontrollen nees opgehuewen?

Den europäesche Migratiouns- an Asylpak ass am Juni europawäit a Kraaft getrueden. Dohier d’Erwaardung vum CSV-Inneminister Léon Gloden, datt Däitschland seng Kontrollen op der Grenz zu Lëtzebuerg nach eng Kéier erofschrauft.

reading time

2 min

© EPA/CLEMENS BILAN
(Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

Däitschland huet nach keen Datum genannt wéini d’Kontrollen op der däitsch-Lëtzebuerger Grenz ganz opgehuewe ginn. Dat geet aus der Äntwert vum Inneminister Léon Gloden op eng question parlementaire vum Deputéierte vun de Pirate Sven Clement ervir.

"Exit-Strategie"

De Prinzip vun der fräier Zirkulatioun den am Schengener Accord verankert ass, soll an den Ae vum Léon Gloden och vun Däitschland deen Ament ëmgesat ginn. De Pakt gesäit méi restriktiv Konditioune fir wéini ee Grenzkontrolle bannent dem Schengenraum kann aféieren.

D’EU-Kommissioun koum an enger Stellungnam vum zweete Juni 2026, zur Conclusioun datt d’Proportionalitéit an d’Noutwendegkeet vun den Kontrolle bannent dem Schengener Raum misst respektéiert ginn. Der EU-Kommissioun no wier eng Exit-Strategie elo néideg.

Aussicht op Verbesserung

Verschidden EU-Memberlänner hunn ugekënnegt datt se hir Grenzkontrollen net méi wëlle verlängeren, Däitschland hätt ee méiglecht Enn vun de Kontrolle bis elo un d’Akraafttriede vum Pakt gekoppelt.

Den Inneminister erënnert drun, datt Däitschland d’Grenzkontrolle scho reduzéiert huet. Op den zwou Haaptachs mat Däitschland goufen déi fix Infrastrukture vun de Grenzkontrolle Schrëtt fir Schrëtt zréckgebaut, sou datt et op der A64 bei Tréier elo nach flexibel Kontrolle gëtt. 

Op der A8 bei Schengen, gouf de feste Kontrollposte schonn 2025 ganz ofgebaut. D’Zil war et de Verkéiersstau ze vermeiden, an d’Situatioun vun de Frontalieren an Entreprisen am Alldag ze verbesseren.

Léon Gloden wëll den Dialog sichen 

De Léon Gloden wëllt grad ewéi an de leschte Joren am Dialog mat Berlin iwwert weider Efforten diskutéieren.

Falls d’Kontrollen nach no September verlängert géife ginn, gesäit de Schengener Grenz-Kodex ee weideren Avis vun der Kommissioun fir iwwer d’Noutwendegkeet vun de Kontrolle vir. 

Aktuell gëtt och un Accorde mat Däitschland a Frankräich diskutéiert fir d’Police-Zesummenaarbecht ze verbesseren.