D’Aarbechter:innen aus dem ëffentlechen Déngscht a vum Buedemverkéier op bal allen däitsche Fluchhäfe wäerten de Méinden hir Aarbecht néier leeën, deelt d’Gewerkschaft mat.
Hannergrond sinn d’Tarifverhandlunge mam Bund a mat de Gemengen. D’Verhandlunge solle Mëtt Mäerz weider goen.
D‘Gewerkschafte verlaange Minimum 350 Euro pro Mount méi, souwéi Primme fir spezial belaaschtend Aarbecht an ongënschteg Aarbechtszäiten. Iwwerdeems soll d’Bezuelung fir déi Leit an Ausbildung an am Stage ëm 200 Euro gehuewe ginn an et solle méi fräi Deeg agefouert ginn. Den Employeur seet allerdéngs déi Fuerderunge wieren net finanzéierbar.