Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Hausfra, Sexfournisseurin a Boxsak ... awer keng Partnerin

Gewalt a Bezéiungen

Hausfra, Sexfournisseurin a Boxsak ... awer keng Partnerin

Statistesch gesi ginn zu Lëtzebuerg all Dag zwou Fraen Affer vun haislecher Gewalt. All drëtt Fra weltwäit huet scho kierperlech oder sexuell Gewalt vun hirem Partner erlieft. An an der EU gi pro Dag zwou Frae vun hire Liewenspartner ëmbruecht. Fir Fraen ass dat eegent Doheem dacks déi geféierlechste Plaz. D'Michelle Barthel huet mat zwou Frae geschwat, déi Gewalt vum Partner erlieft an iwwerlieft hunn.

auto_stories

8 min

headphones

7 min

© Adobe Stock / motortion play_arrow
Foto: Adobe Stock / motortion

Am Kader vun der Orange Week an dem Internationalen Dag géint Gewalt u Fraen, de 25. November, huet de radio 100,7 virun dräi Méint en Opruff an de soziale Medie lancéiert. Gesicht goufe Betraffener vun haislecher oder sexueller Gewalt. Op dëser Plaz héiert a liest Dir Reportagë vu Fraen, déi Gewalt erlieft hunn a mat eis hir Erfarunge gedeelt hunn. D'Nimm vun de Betraffene goufe geännert an d'Stëmme si vu Schauspillerinnen nogeschwat. Dës Inhalter kënne verschidde Persoune belaaschten oder beonrouegen. 

“Ech hunn éierlech einfach geduecht: Et ass warscheinlech gläich eriwwer.” 

Dat ass d'Marie. Si erënnert sech zeréck un hir Gedanken aus där Nuecht, déi hir wuel fir ëmmer am Gediechtnes wäert bleiwen. Hiren deemolegen Ex-Partner, mat deem si zu deem Ament awer nach zesummen an hirer Studentewunneng wunnt, rappt hir hiren Handy aus dem Grapp a geheit en duerch de Raum. Hie beschëllegt si mat anere Männer ze schreiwen. Hie schléit d'Marie an d'Gesiicht. D'Bëlz op der Stier wäert een nach Deeg duerno gesinn. Dann, nach eng Kéier, mat der flaacher Hand. Esou fest, datt d'Marie no hanne mam Réck op d'Bett fält. Ronderëm nëmmen nach Piipsen. Hie sëtzt sech op hire Broschtkuerf. Seng Hänn ronderëm hirem Hals.

“Ech kann net soe fir wéi laang. Et war op alle Fall genuch, fir datt ech wierklech laang keng Loft méi krut.”

Hien deet seng Schong un a verléisst d’Wunneng. D'Marie ass net ganz bei sech.

“Ech souz einfach just um Bett an hunn iergendwéi probéiert, op mech kloer ze kommen.”

Hausfra, Sexfournisseurin a Boxsak ... awer keng Partnerin

Mee da kënnt hien erëm. Hien besteet drop, datt et säi Recht wier, datt d’Marie dës Nuecht bei him am Bett géif bleiwen. Spéiderhi betruecht eng komplett surreal Situatioun. An deem Moment mécht d’Marie awer, wéi hie verlaangt.

Am Gespréich beschreift d'Marie dës Nuecht als ee vun deenen traumateschste Momenter vun där Zäit. Mee déi ganz Bezéiung ass gepräägt vu jorelaangem Mëssbrauch, Manipulatioun a Gewalt.

Reegelméisseg verléiert hire Partner bei Konflikter d’Kontroll. Hie geheit Saachen duerch d'Géigend oder schléit an d'Mauer. Zweemol muss d'Marie eng nei Dier kafe goen, well hie se futti geschloen huet.

Och déi ganz Aarbecht doheem bleift um Marie hänken. Si ass fir hien eng Hausfra, eng Sexfournisseurin - wéi d’Marie sech selwer beschreift - an e Boxsak. Awer keng Partnerin.

D'Marie fillt sech wärend der Bezéiung gezwongen, mat him ze schlofen. Wa si Nee seet, da gëtt hie rosen, mécht dem Marie Virwërf an erpresst si.

"Hien huet mir och deelweis virgeworf, asexuell ze sinn, well et einfach net gaangen ass. Ech hu mech dann och deelweis esou verkrampft, datt et ugefaang huet, massiv, massiv wéizedoen. An dann hunn ech deelweis wierklech gegleeft, datt ech asexuell wier."

Et dauert laang bis d'Marie dat als Vergewaltegung kann identifizéieren. De Gedanken, datt een an enger Bezéiung sengem Partner Sex schëlleg wier, sëtzt dacks nach déif an de Käpp vun de Leit. De Viol conjugal - also d'Vergewaltegung am Bestietnes - ass eréischt zanter 30 Joer zu Lëtzebuerg per Gesetz verbueden.

Angscht virun der Meenung vun aneren

Jorelaang wärend der Bezéiung probéiert d'Marie de Mëssbrauch ze verstoppen. Si schwätzt mat kengem doriwwer. Firwat? Well si sech schummt. Fir si ass alles, wat geschitt, hir Schold: Si wier him keng gutt Partnerin. Si huet Angscht do virdrun, wat d'Leit am Ëmfeld géife soen.

“Dass dann d’Äntwert gewiescht wier ‘Oh jo, do wier ech da jo scho längst fort gewiescht’ an déi loossen dat dann esou mega einfach klengen.”

An och nodeems d'Bezéiung eriwwer ass, huet si nach Angscht. Am meeschte virun der Fro: Firwat bass du dann net einfach gaangen?

"Ech hunn et einfach mat Schmink ofgedeckt" 

Eng Fro, déi och d’Alexandra schonn dacks gestallt krut. D'Alexandra ass Ufank 20 an huet sech viru ronn engem Joer vun hirem gewalttätege Partner getrennt. Hien huet vill gedronk an ëmmer erëm Droge geholl. Wéi d'Alexandra déi éischte Kéier eppes dogéint seet, schléit hie si. 

“An da krut ech eng Fauscht an d’Gesiicht. An ech sinn direkt ... also ech sinn op de Buedem gefall. Ech sinn och nach eng Zäitche leie bliwwen, well ech war sou: 'Woah, wat ass grad geschitt?'”

Duerno keeft hien hir e grousse Sonnebrëll fir dat blot A ze verstoppen. Genee wéi d'Marie schummt och d'Alexandra sech a wëllt d’Gewalt verstoppen. Et war hir penibel an hirem eegenen Doheem vun hirem eegene Frënd geschloen ze ginn.

“Ech hunn dat och kengem gewisen oder gesot. Ech hunn et dann einfach mat Schmink ofgedeckt. Ech sinn och selten aus menger Kummer erausgaangen, well bei mir doheem sinn ëmmer relativ vill Leit. Dat heescht, iergendeen hätt et bestëmmt gemierkt.”

No där éischter Kéier sinn esou Virfäll reegelméisseg geschitt. Meeschtens wann hie gedronk hat, oder wa si him widdersprach huet. Iergendwann geet d'Alexandra esou gutt wéi net méi virun d’Dier. Si isoléiert sech aus hirem sozialen Ëmfeld.

“Einfach dee Moment, wou ech um Buedem louch, an hie mech einfach mat de Féiss gerannt huet, an ech am Fong Näischt maache konnt. Ech mengen, a mengem ganze Liewen hunn ech mech nach ni sou wäertlos gefillt wéi an deem Moment.” 

Penal Poursuitten

Wéi si hire Courage zesummenhëlt, an et hirer Famill erzielt an eng Plainte wëllt maachen, gëtt si mat vill Kritik aus dem Ëmfeld konfrontéiert. Virun allem, well hie probéiert, d'Situatioun ëmzedréien.

“Also säin Denge war mir ze soen, datt ech verréckt wier, an datt ech se net méi all hätt. An datt ech am beschten iergendwou agespaart misst ginn. An datt op kee Fall iergendee mir gleewe soll, well ech wier deck manipulativ, an ech hätt hien deck oft geschloen an hei an do.”

D'Alexandra léisst sech awer dovunner net ënnerkréien. Virun allem, well si net nëmme fir sech eleng kämpft. Op de sozialen Netzwierker deelt si hir Geschicht.

“Am Fong war et eréischt sou richteg schlëmm fir mech, wéi aner Meedercher - dorënner och Mannerjäreger - mir geschriwwen hunn a gesot hunn, hien hätt si probéiert ze vergewaltegen. An do huet et Klick gemaach.” 

D'Alexandra geet also bei d'Police. No der Depositioun vun der Plainte gëtt och de presuméierten Täter gehéiert. Duerno muss d'Alexandra eng zweete Kéier op de Policebüro. Si huet Fotoe vun hire bloe Flecken. De Parquet hätt gär een detailléierten Zäitoflaf zu all Foto. Dorop gesäit een d'Alexandra mat engem geschwollene bloen A, iwwerall Hämatomer op den Äerm a Krazspueren.

Dann d'Decisioun: Et gi penal Poursuitten ageleet. Bei sengen Aussoe versicht de presuméierten Täter d'Schold op d'Alexandra ze drécken. Hien hätt sech ageengt gefillt an hien hätt Angscht virun hir gehat.

De Geriichtsprozess ass zu dësem Ament nach net ofgeschloss. Ob et zu enger Verurteelung wäert kommen, a wa Jo, zu wéi enger, ass nach net gewosst.

Flashbacken a Mësstrauen

Den Drock am privaten Ëmfeld gëtt méi schlëmm. Ëmmer erëm gëtt si vu Bekannten als Ligenesch duergestallt. Si géif sech dat just abilden, oder wat hir géif afale bei d'Police ze goen. Ëmmer nees muss si sech rechtfertegen. Op engem Punkt gëtt et esou vill, datt si hirt Studium ofbrécht.

“Ech hu wierklech vill gelidden. An dat dann nach a Fro gestallt ze ginn. Dat huet wéigedoen.”

Am Ufank huet dat d'Alexandra schwéier belaascht.

“Elo mëttlerweil denken ech mir: Ech weess, wat geschitt ass. Déi Leit, déi mir am nooste sti wëssen, wat geschitt ass. Sou, dat geet mir dann duer. Mee ech ginn awer keng Energie méi drop raus de Leit ze erklären, wéi et wierklech war.”

Esouwuel d'Marie wéi och d'Alexandra erliewen haut ëmmer nach Flashbacken, wou hinnen also Momenter aus där Zäit erëm eropkommen. Si sinn oder waren allen zwee an Therapie fir ze léieren, mat hirem Trauma ëmzegoen. An awer begleeden déi Erfarunge si e Liewe laang. Virun allem hir Relatiounen zu Männer hu sech geännert. Do Vertrauen opzebauen ass elo vill méi schwéier, erzielt d'Marie.

“Ech mierken eebe leider, datt ech bei verschiddene Leit - virun allem Männer - méi mësstrauesch sinn. An dann och evitéieren, eleng mat deenen an engem Raum ze sinn.” 

Duerch d'Therapie probéiert d'Alexandra elo aus dem negativen eppes Positives ze maachen a sech fir Fraen an Nout anzesetzen.

“Am Fong, dat huet mir wierklech d’Aen opgemaach, dass ech net zouloossen, dass dat mäi Liewen definéiert, mee ëmgedréit, datt ech eppes Guddes draus maachen.”

D'Affer dofir verantwortlech ze maachen, wat hinnen ugedoe gouf: Dat Konzept nennt ee Victim blaming. Bei Verschiddene sëtzt dee Reflex déif am Onbewosste verankert. Anerer benotzen et als geziilten Attack fir d'Doten erofzespillen. 

Victim blaming dréit dozou bäi, datt d'Verantwortung vum Täter ewechgeholl gëtt a suergt dofir, datt Affer sech schummen a sech dowéinst manner trauen, sech géint de Mëssbrauch auszeschwätzen an eng gewalttäteg Bezéiung ze verloossen.

Lauschterenplay_arrow

Wann Dir selwer Affer vu Gewalt gi sidd, oder eng Persoun kennt, déi Affer gouf, gëtt et Ulafstellen, un déi Dir Iech wende kënnt:

Violence.lu

HOME - Femmes en détresse A.S.B.L.

Umedo - Unité médico-légale de documentation des violences

D'accueil - Planning Familial

Alupse - Association Luxembourgeoise de Pédiatrie Sociale