An der Reegel ginn esou Gespréicher vun enger Delegatioun, ënner der Leedung vum Mossad-Chef geféiert. Andeems dës Kéier awer eng Delegatioun geschéckt gëtt, déi manner Pouvoir huet, wéilt de Premier Benjamin Netanjahu op Zäit spillen, bei der Ëmsetzung vun enger zweeter Phas vun der Wafferou, soen Experten.
arrow_back_ios
search
search
/ Gespréicher iwwer Suite vun der Wafferou: Netanjahu spillt op Zäit
Noen Osten
Gespréicher iwwer Suite vun der Wafferou: Netanjahu spillt op Zäit
Muer um Samschdeg sollen zu Doha am Katar indirekt Gespréicher iwwer d'Suite vun der Wafferou an der Gazasträif geféiert ginn. Israel wëllt elo emol just eng Aarbechtsdelegatioun dohinner schécken. Dat mellt den ëffentlech rechtleche Radio.
auto_stories
1 min

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza)