Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
search

/ Gesondheetssystem steet virum Kollaps: Bëbeeën erfréieren an der Gazasträif

Israeleesch Attacken op Spideeler

Gesondheetssystem steet virum Kollaps: Bëbeeën erfréieren an der Gazasträif

An der Gazasträif steet de Gesondheetssystem virum komplette Kollaps. Dat wéinst den israeeleschen Attacken. Dat sot den UN-Héichkommissär fir Mënscherechter an engem Rapport.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Besonnesch d‘Attacken op Spideeler wiere fir déi Betraffen eng déidlech Fal. Israeelesch Behaaptungen, datt palästinensesch Terroriste sech an de Spideeler géife verstoppen, wiere vage an net beluecht, heescht et weider.

Wéinst den aktuell niddregen Temperaturen an der Regioun sinn hënt eng Rei vu Bëbeeën an der Gazasträif erfruer. Et feelt um Allernéidegsten.