Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Tom Misch & Poppy Ajudha - Disco Yes

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gesondheetsrisiko Thon?

Ze vill Quecksëlwer am Bechsenthon

Gesondheetsrisiko Thon?

Eng Etüd vu Bloom, der franséischer Organisatioun fir den Erhalt vun de Mierer, huet Enn Oktober fir Opreegung gesuergt: Den Thon aus der Béchs, esou de Constat, ass mat Quecksëlwer belaascht. Bloom schwätzt vun engem Skandal vu risegem Ausmooss.

auto_stories

5 min

headphones

5 min

© picture alliance / FotoMedienService | Ulrich Zillmann play_arrow
Foto: picture alliance / MedienService | Ulrich Zillmann

Text: Pebia Urban

All zéngt Béchs, déi getest gouf, louch iwwer dem gesetzleche Grenzwäert vun engem Milligramm Quecksëlwer pro Kilo. Fir Bloom, der franséischer Organisatioun fir den Erhalt vun de Mierer, ass dëst ee Skandal. Virun allem, well fir den Thon aner Grenzwäerter fir Quecksëlwer gëllen, wéi fir aner Zorte Fësch: Vill méi héich Grenzwäerter.

De Virworf un d'Politik: Beim Verkaf vun Thon géif déi ëffentlech Gesondheet bewosst a Gefor bruecht ginn. 

Gëft am Fësch

Wie Fësch ësst, mécht eppes Guddes fir seng Gesondheet. Ob Protein fir d'Muskelen, Vitaminn D fir d'Schanken oder Omega-3 Fetter fir d'Gehier: Dat sinn alles Nierstoffer, déi de Mënsch brauch. Esou kritt een dat op d'mannst vu Klengem u gesot. Mee grad dee beléiftste Fësch aus der Béchs - den Thon - ass staark mat Quecksëlwer belaascht, wéi d'Etüd vun der Organisatioun Bloom erausfonnt huet. An zwar 2 bis 3 Mol esou vill, wéi et iwwerhaapt fir frëschen Thon erlaabt ass.

Quecksëlwer ass e gëftegt Schwéiermetall. Wat ass dann esou geféierlech um Quecksëlwer, a fir wien ass et am Geféierlechsten? D'Julie Guterman, d'Fuerscherin déi hanner dem Rapport "Du Poison dans le Poisson" vun der Organsaitioun Bloom stécht, erkläert.

"C'est un puissant neurotoxique. Une fois qu'il atteint le cerveau, il peut causer de graves problèmes neurologiques. Les populations les plus sensibles au mercure, c'est les fœtus et les jeunes enfants. Le mercure va provoquer des graves troubles cognitifs."

Dës kognitiv Stéierunge kënne sech zum Beispill duerch ee méi niddregen IQ oder Opmierksamkeetsstéierunge bemierkbar maachen.

Dräi verschidde Grenzwäerter

Den eigentleche Skandal gesäit déi franséisch Organisatioun awer virun allem doran, datt d'Politik verschidde Limitte festleet, wat Grenzwäerter vu schiedleche Stoffer ugeet. Fir de Quecksëlwer gëtt et zum Beispill 3 verschidde Grenzwäerter: Am Cabillaud dierfen zum Beispill maximal 0,3 Milligramm Quecksëlwer pro Kilo Fësch dra sinn. Beim Thon par contre gëllt de labberste Grenzwäert vun engem ganze Milligramm Quecksëlwer pro Kilo Fësch.

Fir d'Fuerscherin vu Bloom Julie Guterman ass kloer. Domat soll d'Thon-Industrie bevirdeelegt ginn. Wann een nämlech deen niddregste Quecksëlwer-Grenzwäert beim Thon géing uwenden, dierft Thon kaum nach verkaaft ginn.

"Les pouvoirs publics ont travaillé en pleine connivence avec l'industrie du thon pour créer des normes sur mesure afin de protéger les ventes de thon et pas la santé publique."

Dëse Virworf weist d'Fabienne Clabots vun der ALVA, der Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung, zeréck. Datt den Thon an déi Kategorie mam héchste Quecksëlwer-Grenzwäert fält, géif stëmmen. Och zu Lëtzebuerg géingen déi Grenzwäerter gëllen, déi vun der EU festgeluecht ginn. Mee der EU hir Grenzwäerter hätten näischt domadder ze dinn, datt een d'Thonindustrie ënnerstëtze wéilt, seet d'Fabienne Clabots.

D'Setze vun der Limitt vum Quecksëlwer wier e kontrolléierte Prozess, bei deem Experten aus de 27 EU-Länner sech géinge beroden an diskutéiere. Iwwerdeens wieren Instanzen esou wéi d'Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet, d'EU-Kommissioun oder d'EU-Parlament an deem Prozess mat agebonnen.

Quecksëlwergehalt am Fësch schwéier ze beaflossen

D'Fabienne Clabots kritiséiert awer och, datt sech déi Grenzwäerter, déi Bloom an der Etüd nennt, op frëschen Thon bezeien, an net op den Thon aus der Béchs.

"La limite est définie sur le thon frais, donc le thon en boîte s'il dépasse la limite de 1 ne veut pas dire qu'il est non-conforme et donc il faut utiliser le facteur de conversion pour savoir s'il est conforme. C'est pour ça que c'est tellement compliqué effectivement de contrôler le thon en boîte, parce qu'il faut appliquer un facteur de conversion."

Bei der EU-Kommissioun ass de Stefan de Keersmaecker Porte parole fir d'Santé publique a Liewensmëttelsécherheet. Hie seet, datt d'Limitte fir Quecksëlwer an de Liewensmëttelen esou niddereg wéi nëmme raisonnabel méiglech wieren, an datt se zu de strengsten op der Welt gehéiere géifen. Hie verweist op d'Virdeeler vum Konsum vu Fësch.

"Nous avons mis en place des règles qui visent d'une part à protéger les consommateurs contre des niveaux élevés de contamination par le mercure par exemple. En même temps, on veut aussi permettre aux citoyens de choisir de consommer du poisson, parce que nous connaissons tous les bénéfices et les avantages pour la santé de la consommation du poisson."

Et sollt een iwwerdeems och agesinn, datt een de Quecksëlwergehalt am Fësch net beaflosse kéint. De Fësch wier jo näischt, wat een uplanzt, esou de Stefan de Keersmaecker vun der EU-Kommissioun. Den Thon hëlt de Quecksëlwer nämlech op, well e sech vun anere Fësch erniert, déi och mat Quecksëlwer belaascht sinn.

Bloom: Méi streng Grenzwäerter fir de Quecksëlwer 

De Quecksëlwer kënnt duerch mënschlech Aktivitéiten, wéi zum Beispill d'Verbrenne vu Kuel a Waasser. De Stefan de Keersmaecker betount iwwerdeems, datt d'Quecksëlwerlimitte wëssenschaftlech ënnerluecht wieren. Et géif bei net ze heefegem Konsum kee Risiko fir d'Konsumente bestoen. Eng bis 4 Portioune Fësch sollt ee pro Woch iessen. Dat wier souguer gutt fir d'Gesondheet. Beschtefalls géif ee verschidden Zorte Fësch iessen an net nëmmen Thon. Esou kéint ee sécher goen, datt een net ze vill Quecksëlwer zou sech hëlt.

Fir d'Julie Guterman vu Bloom ass dës Argumentatioun net zefriddestellend. D'Autorin vun der Etüd fuerdert ënner anerem, datt den Thon de strengste Grenzwäert fir de Quecksëlwer soll kréien, an datt Informatiounscampagnë sollen opgestallt ginn, déi virun de Risike vu Quecksëlwer warnen. De Prinzip vum "esou wéineg wéi raisonnabel méiglech" wier fir si keng Rechtfäerdegung.

Lauschterenplay_arrow