Datt Lëtzebuerg no den 3 Joer Pandemie esou e positive Bilan kann zéien, géif um robuste Gesondheetssystem leien, mengt d’Nach-Gesondheetsministesch Paulette Lenert. E System, deen net esou "doutgespuert" gi wier, wéi dat a villen anere Länner de Fall wier. An e System, bei deem d'Leit "gutt Aarbechtskonditiounen hunn, an déi motivéiert waren, duerch déi ganz Kris erduerch".
Paulette Lenert weist op demographesch Entwécklungen hin
Gutt Aarbechtskonditioune wieren och gekoppelt un d’Ausbildung vu medezineschem Personal – an dat misst an den Ae vum Paulette Lenert zu Lëtzebuerg ugebuede ginn: "Mir brauchen am Fong eng Fachuniversitéit, déi dat dann och ka prozedural ofwéckelen."
Et géifen awer och nach weider grouss Erausfuerderunge ginn, esou d’Paulette Lenert:
"Mir dierfen net ënnerschätze wat eis Grenzgänger wäerten ausmaachen. Mir hunn ee rezente Phänomen, wou ëmmer méi Leit de Wee aus der Grenzregioun op Lëtzebuerg sichen an eise Gesondheetssystem, well et bei hinnen eben och deels ofgebaut gëtt."
Derbäi kéim déi demographesch Entwécklung – et géifen ëmmer méi eeler Leit ginn, déi méi séier krank ginn, an déi géife souwuel d’Strukture wéi och d’Finanze belaaschten.
12 Dossieren en cours
Och bei den IRMen huet d’Paulette Lenert de Bilan gezunn; 2018 wieren et am ganze Land 7 IRM ginn; bis Enn 2023 géif déi Zuel op 13 klammen. Et géifen och nach dräi Demandë vu Spideeler an zwou Privatdemanden virleien. Déi Dossiere wieren awer nach net ofgeschloss.
Insgesamt 12 Dossieren géifen an den Tiräng op déi nächst Regierung waarden, esou d’Paulette Lenert – eng ganz Partie, dorënner en Haus fir weiblech Sans-abris, wieren sou gutt wéi fäerdeg.