An engem Schreiwes, dat vun enger Mail-Adress op dem Kindy Fritsch säin Numm verschéckt gouf, an dat eis virläit, gi schwéier Virwërf géint d‘Justiz erhuewen, a virun allem géint ee bestëmmte Member vum Parquet.
"Hätt selwer finanzielle Schued erlidden"
Dee wéilt mat der Enquête säin eegene Ruff opbauen, och wann dobäi de Ruff vum Geschäftsmann a vu senger Famill géif zerstéiert ginn. Weider gëtt am Schreiwes behaapt, datt de Kindy Fritsch an der Affär ronderëm den Investmentfong selwer finanzielle Schued erlidden hätt, an dofir och Schuedenersatz vun der Lëtzebuerger Regierung, respektiv dem Staat, géif fuerderen.
De Parquet hat gëschter gemellt, datt Perquisitioune bei sechs Persounen hei an am Ausland gemaach goufen, wéinst dem Verdacht ënner anerem vun Abus de biens sociaux, Blanchiment, Fälschung an dem Benotze vu gefälschten Dokumenter.
Affekot: Mandat géif sämtlech Virwërf ofstreiden
An enger schrëftlecher Prise de Position vum Kindy Fritsch sengem Affekot, de Maître Philippe Penning, heescht et, d‘Affär géif op onbegrënnte Virwërf vun engem eenzege minoritären Investisseur zeréckgoen. De Kindy Fritsch géif sämtlech Virwërf ofstreiden.