D’pro-europäesch Oppositioun erkennt dëst nach net definitiivt Resultat net un an huet Protester ugekënnegt. Si schwätze vu Walbedruch a fäerten, datt d‘Land vum EU-Kurs ofkënnt.
Dës Parlamentswale goufen als decisiv ugesinn an der Fro, a wéi eng Richtung d‘Land sech geostrateegesch beweege soll: Éischter a Richtung Russland, oder Richtung EU.