arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Georges Mischo: “Kloer nee” zu engem Récktrëtt

Reaktioun op Bréif

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Georges Mischo: “Kloer nee” zu engem Récktrëtt

Den Aarbechts- a Sportminister Georges Mischo seet, hien hätt an de leschte Wochen a Méint ni un ee Récktrëtt geduecht. “Kloer nee”, esou den CSV-Politiker de Mëtteg am 100,7-Interview. Hien hätt ee Récktrëtt och vu kengem no geluecht kritt.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Sportsminister Georges Mischo | © MSP
Sportsminister Georges Mischo (Foto: MSP)

Hie géif dovun ausgoen, datt hie bis 2028 Minister wäert bleiwen. Iwwer eng Regierungsëmbildung hätt hie just Rumeuren an der Press gelies.

Bréif vun OGBL an LCGB

D’Lëtzebuerger Land hat e Freideg iwwer méiglech Ëmbildunge geschriwwen, an iwwer ee Bréif vun OGBL an LCGB un de Premier mat schaarfe Kriticken um Georges Mischo.

Dëst Schreiwes, dat dem 100,7 virläit, wier eng “frontal Attack”, esou de Minister haut am 100,7-Interview. 

"Ech bedaueren et just, datt et esou perséinlech ginn ass, datt et wierklech gutt ferme ënner de Rimm gaangen ass. Dat bedaueren ech. Mee ech sinn awer elo keen, deen do revanchard ass, respektiv iergendwéi nodroend ass. Also ech wëll einfach elo no vir kucken. Ech hu mer déi Kriticken zu Häerz geholl. A voilà, ech sinn elo fokusséiert op d'Saachen. Ech wëll elo, datt mer zesummen déi grouss Dossieren uginn, datt mer déi och diskutéieren. Datt mer konstruktiv matenee schaffen. An dat ass dat Eenzegt, wat mech elo interesséiert. Ech kucken elo no vir an net méi zréck."

An hirem Bréif vum 19. Oktober un de Premier haten OGBL an LCGB vun enger “attitude disruptive” vum Aarbechtsminister geschriwwen, deen net “à la hauteur des exigences de son mandat ministériel” wier.

D’Gewerkschaftsunioun hat dem Luc Frieden och geschriwwen, datt si net méi dat néideg Vertrauen an den Aarbechtsminister Georges Mischo hätt. Iwwer dëse Bréif hat d’Lëtzebuerger Land virun enger Woch als éischt Medium geschriwwen.

play_arrow Lauschteren