D’Zäit tëschent senger Demissioun am Dezember an der Vereedegung – haut um Méindeg – als Deputéierte war keng einfach, wéi de Georges Mischo am 100,7-Interview zielt. Enttäuschung, an awer och eng gewëss Roserei, hu sech an där Zäit beim fréiere Sports- an Aarbechtsminister opgestaut.
Georges Mischo entschëllegt sech fir Aussoe vis à vis vu fréiere Beamten
Där Roserei huet de Georges Mischo rezent an zwee Interviewen um RTL an am Wort fräie Laf gelooss. Et misst endlech opgehale gi mam “Mischo-Bashing”, huet den Ex-CSV-Minister ënnerstrach. Dobäi huet hien awer och selwer Bashing bedriwwen.
Zum enge géint seng fréier Beamten. Fir déi Aussoe géing hie sech awer elo entschëllegen, wéi de Georges Mischo um Mikro vum 100,7 sot.
“Do sinn d’Päerd mat mir duerchgaang. Ech war ze emotional an et war e klenge Lapsus vu menger Säit.”
Zum aneren huet hien nees d’Gewerkschaften ugegraff. Fir déi Kommentarer entschëllegt hie sech ausdrécklech net.
An den Diskussioune mat de Gewerkschaften "ze séier noginn"
Zënter dem 8. Oktober 2024 – deen Dag un deem d’Gewerkschaften de CPTE verlooss hunn – hätten d’Gewerkschaften hui “geschluecht a gebeetscht”, bedauert de Georges Mischo.
Am Nachhinein – wéi hien och an den zwee Interviewe gesot huet – hätt een als Regierung méi streng an den Diskussioune misse sinn, an de Gewerkschaften net ëmmer esou liicht noginn, mengt de Georges Mischo.
“Et ass eng Regierung, déi eppes wollt änneren an eppes nei wollt maachen. Dat si Changementer, mat deenen net jidderee ka liewen. Da muss ee Kompromësser fannen. An do hu mir ze séier noginn.”
"Niveaulos, respektlos an infekt"
En extrem schlechten Nogoût huet beim Georges Mischo de Bréif hannerlooss, deen d’Gewerkschaften OGBL an LCGB leschten Hierscht un d’Regierung adresséiert haten, an an deem si sech iwwer de Georges Mischo beschwéiert haten.
Dëse Bréif wier “niveaulos, respektlos an infekt” gewiescht, esou de Georges Mischo.
Iwwerrascht war hie virun allem dovun, datt de Bréif zu engem Ament komm ass, an deem d’Stëmmung nees liicht méi entspaant war wéi nach Enn 2024, betount de fréieren Aarbechtsminister.
Demissioun koum aus fräie Stécker, esou de Georges Mischo
Jidderee mécht Feeler a sengem Beruff, esou de Georges Mischo am 100,7-Interview. Vu muer u wéilt hien awer nees no fir kucken, dat als neien alen CSV-Deputéierten. “Esou einfach kritt ee mech net ënner.”
Hie betount awer nach eng Kéier, datt hien net zu enger Demissioun gezwong gi war, mee dat aus fräie Stécker gemaach hätt, fir d’Regierung “aus der Schosslinn” ze huelen. Heiansdo misst een eeben an de saueren Apel bäissen, huet den CSV-Politiker gemengt.
Der Politik de Réck dréine "war och eng Optioun"
Spuerlos ass dat ganzt net un him laanscht gaang: Nom Récktrëtt ass hien e puer Deeg zu München ënnergedaucht. Dat op Rotschlo vu gudde Kolleegen hin, wéi de Georges Mischo erkläert. Och uschléissend Schivakanz mat de Kanner sollt de Kapp nees fräimaachen.
“Politik ass flott a wichteg, mee et ass net alles am Liewen.”
Wärend där Zäit ass de Georges Mischo all d’Optiounen am Kapp duerchgaang. Och déi, der Politik de Réck ze dréinen. Hie wier awer zur Conclusioun komm, datt hien nach net fäerdeg mat der Politik ass. Zwar wéilt hien net bis 75 Joer an der Politik bleiwen, mee vir den Ament zitt et hien nees dohin zeréck.
Fokus op Santé, Medien an den ëffentlechen Déngscht
An der Chamber – dat huet de Georges Mischo scho festgeluecht – wäert hie sech aus senge fréieren Dossieren als Sport- an Aarbechtsminister eraushalen.
“Ech gi sécher net an eng Kommissioun setzen an debattéieren do mat de Kolleege Martine Hansen a Marc Spautz, a kritiséiere si. (...) Dat wier onfair.”
Santé, Medien an den ëffentlechen Déngscht sinn déi Chamberkommissiounen, vun deenen De Georges Mischo vun haut un nees en Deel wäert sinn.
Retour an d'Kommunalpolitik?
Wat e méigleche Retour an d’Kommunalpolitik ugeet, dozou hätt hie sech nach keng Gedanke gemaach. Déi nächst Gemengewale sinn 2029.
Dat wier keng Decisioun, déi hien eleng hëlt, esou de Georges Mischo. Schliisslech hätt ee mam Christian Weis aktuell och e gudde Buergermeeschter zu Esch.