Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Generell Zoustëmmung fir dem Claude Meisch seng Ziler

Entrevue tëscht Educatiounsminister an Deputéierten

Generell Zoustëmmung fir dem Claude Meisch seng Ziler

Eng breet Majoritéit vun den Deputéierten ass averstane mat den Ziler, déi den Educatiounsminister Claude Meisch sech gesat huet. D’Oppositiounsparteien hate gëschter eng Entrevue mam Claude Meisch an der zoustänneger Chamberkommissioun.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Chambre des députés play_arrow
Foto: Chambre des députés

Et wier ee gréisstendeels averstane mat de Pläng vum Educatiounsminister, mee d’Oppositiounsparteie froe sech nach, wéi genau dës Ziler konkret sollen ëmgesat ginn.

Manktem u Konzepter

Villes am Beräich vun der Educatioun géif den Oppositiounsparteie gefalen, mee et géif u Konzepter feelen, ënnersträicht d'LSAP-Deputéiert Francine Closener.

“D'Reform vum Sproochenunterrecht, wéi dat do soll fonctionéieren, wéi de Rapprochement soll fonctionéieren tëscht Maison relais a Schoul, wéi de Lokaldirekter soll fonctionéieren. D'Alphabetiséierung op Franséisch soll jo weiderlafen, an dann iergendwann erëm eng Kéier solle jo d’Kanner mat deenen zwou Sproochen zesummekommen. Wéi geet dat?”

Froen zum Personal am Enseignement

Och am Bezuch op d’Moyenen a punkto Personal, déi géifen agesat ginn, goufe Froen opgeworf. De Ben Polidori, Deputéierte vun de Pirate, fuerdert eng Valoriséierung vum Enseignement.

Enseignante sollte bei administrativen Aufgaben ënnerstëtzt ginn, genee wéi am Ëmgang mat verschiddene Kanner.

Dat gesäit den Educatiounsminister Claude Meisch och esou. Esou soll et an Zukunft och méi Plazen am Land ginn wou Educateuren ausgebillt ginn. Et sollen och méi Méiglechkeete geschaf ginn, fir Educateur ze ginn, sou de Claude Meisch.

„An och zum Beispill an der Grondschoul méi Perspektive schafe fir Enseignanten, fir ënnerschiddlech Aufgaben och do kënnen ze iwwerhuelen, och.”

Kritik un der geplangter Alphabetiséierung op Franséisch

De Fred Keup, ADR Fraktiounspresident, war guer net averstane mat engem Punkt aus dem Koalitiounsaccord, nämlech der Alphabetiséierung op Franséisch.

“Wou gesot gëtt, dat géif elo evaluéiert ginn an da géif ee kucken, mee am Fong huet een d'Gefill, wi wann déi Evaluatioun guer net géif ofgewaart ginn, mee dass et scho preparéiert gëtt an dass et ganz kloer am Kapp ass vum Claude Meisch och, dass op Franséisch muss alphabetiséiert ginn.”

Do géif den Ament e Pilotprojet lafen, deen no e puer Joer kéint evaluéiert ginn a fréistens kéim eng Generaliséierung fir d’Rentrée 2026-27 a Fro, erkläert de Claude Meisch.

Lauschterenplay_arrow

Edukatioun
Politik a Gesellschaft