Radioen

On air

Notturno  |  Coco - Come Along

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gemeinsam Deklaratioun um G20-Sommet

Weltpolitik

Gemeinsam Deklaratioun um G20-Sommet

Am Passage iwwert den Ukrain-Krich gëtt souwuel op Fuerderunge vu Russland wéi och op Fuerderunge vum Westen agaangen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / dpa / Kay Nietfeld
(Foto: picture alliance / dpa / Kay Nietfeld)

D‘Europäesch Unioun, d‘USA a weider Partner hunn e grousse Schinnen- a Schëfffahrtsprojet lancéiert. Dat sot den Joe Biden um G20-Sommet zu New Deli. De Projet soll Europa, den Noen Osten an Indien besser matenee verbannen, esou den US-President um Sommet an Indien.

Gemeinsam Ofschlosserklärung

Déi 20 gréisst Industrinatioune hunn och, trotz grousse Meenungsënnerscheeder zum russesche Krich an der Ukrain, eng gemeinsam Ofschlosserklärung ënnerschriwwen. Am Passage iwwert den Ukrain-Krich heescht et, déi "meescht Länner" géifen de Krich an der Ukrain schaarf condamnéieren. Et steet och dran, et wieren och aner Opfaassunge ginn. Den Diplomaten no gouf de klengste gemeinsamen Nenner fonnt.

Beim Sujet Klima gouf et keen Appel fir aus den fossilen Energie erauszeklammen. Vun Ëmweltschützer gëtt et dowéinst Kritik.