D’Nora Schneider wat mat der "Organisatioun géint Heescheverbuet" dës Aktioun organiséiert huet, erkläert, datt et hinne virun allem ëm de Message geet, datt een d’Aarmut misst bekämpfen, an net déi aarm.
“Dat heescht, Saachen ze maachen, fir d'Aarmut erofzesetzen, fir d'Schéier tëschen Aarm a Räich ze verklengeren. An dat heescht, mir fuerdere spezifesch méi Social Housing. Bei de Gemengen hu mir am Moment zwee Prozent vu Social Housing an dat sollt fënnefanzwanzeg Prozent sinn. Dat geet einfach net duer. Et ass katastrophal. Duerno natierlech eidel Haiser, Haiser mat deene Spekulatioune gemaach ginn, dierf och net sinn. Do fuerdere mir méi héisch Sanktiounen.”
D'Nora Schneider stoung och well am Kader vun de Chamberwalen d'lescht Joer fir déi Lénk am Zentrum mat op der Lëscht.