Den Jack Lang huet gëschter um Samschdeg als President vum IMA, dem Institut du Monde arabe, demissionnéiert. Dat, wéinst dem Drock vu baussen, heescht et.
No der Publikatioun vun deenen Dokumenter huet déi Franséisch Justiz eng Enquête ugekënnegt, iwwer déi finanziell Relatiounen déi den Jack Lang a seng Duechter zum Sexualstroftäter haten.
arrow_back_ios
search
Frankräich
|Géint Ex-Kulturminister gëtt enquêtéiert wéinst Relatioun zum Sexualstroftäter Epstein
Nodeems an de leschten Deeg nei Dokumenter aus de sougenannten Epstein-Files public gemaach goufen, koum ënner anerem eraus, datt de fréiere PS-Kulturminister Jack Lang enk Relatiounen hat mam Jeffrey Epstein, souwuel frëndschaftlecher ewéi och finanzieller Natur.
(Foto: EPA/MICHEL EULER / POOL MAXPPP OUT)