Déi israeelesch Arméi gräift zudem geziilt Deeler vun der iranescher Féirung an der Haaptstad un. Et wéilt een de Wee op Teheran fräi maachen, esou d‘Arméi.
En Uelegtanker gouf virun der Küst vun Oman an den arabeschen Emiraten ugegraff. Véier vun 20 Leit vun der Besatzung goufe blesséiert. U Bord ware 15 Inder a 5 Iraner. De ganzen Tanker gouf doropshin evakuéiert. Omanesch Medie mellen, datt den Ugrëff, Deel vun den iranesche Vergeltungsattacken wier.
Hormus-Passage blockéiert
Den Iran huet an der Regioun och Allieierten,wéi d’Huthu Rebellen am Jemen déi d’Mieres-Strooss vun Hormus ëmmer nees viséiert hunn. Teheran huet annoncéiert, datt de Passage elo ganz zou wier. Hormus ass ee wesentleche Passage tëschent dem Persesche Golf an dem Golf vum Oman. E Fënneftel vum weltwäite Pëtrolstransport hänkt vun där Strooss of.
Hotel zu Dubai a Brand
Wéinst der Eskalatioun tëschent Israel, den USA an dem Iran, stinn och d‘Golfstaate weider ënner Beschoss. Zu Dubai si bei der Ofwier vun Dronenattacken zwee Mënsche blesséiert ginn. D‘Geräischer vun den Explosioune wieren duerch Ofwierrakéiten ze erklären.
Scho gëschter koum et zu Dubai zu engem Feier an engem bekannte Luxushotel. D‘Autoritéiten hate vun engem „klenge Feier“ geschwat. Op Videoe war awer ze gesinn, datt d‘Baussemauere vum risege Komplex iwwer e puer Stäck gebrannt hunn.