Radioen

On air

Vue sur mer  |  Leon Haywood - I Want'a Do Something Freaky To You

play_arrow Live
search

/ Gefaangenenaustausch tëschent USA a Russland

No Bal engem Joer

Gefaangenenaustausch tëschent USA a Russland

Wéi de de Wall Street Journal, dee sech op de CIA berifft, mellt, huet Russland d‘Doppelstaatlerin Xenia Karelina fräi gelooss. Am Géigenzuch hunn d‘USA den Doppelstaatler Artur Petrow fräi gelooss. Dem Doppelstaatler haten an den USA 20 Joer Prisong gedrot wéinst Verstéiss géint d'Exportgesetz.

auto_stories

1 min

Bigstock | © Bigstock
Symbolbild (Foto: Bigstock)

Den Austausch war um internationale Fluchhafe vun Abu Dhabi. Déi Vereenegt Arabesch Emiraten haten d‘Vermëttlerroll iwwerholl, wéi de russeschen Inlandsgeheimdingscht FSB confirméiert.