Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
search

/ Gazasträif: Siwen auslännesch ONG-Mataarbechter sinn ëm d'Liewe komm

Beim Verdeele vu Liewensmëttel

Gazasträif: Siwen auslännesch ONG-Mataarbechter sinn ëm d'Liewe komm

An der Gazasträif si siwen auslännesch Mataarbechter vun der amerikanescher ONG World Central Kitchen bei engem israeelesche Bombardement ëm d‘Liewe komm. D'ONG huet dëst och confirméiert. Den EU-Diplomatiechef Josep Borrell, grad ewéi déi polnesch Regierung, fuerderen Explikatiounen.

auto_stories

1 min

Gazasträif | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi

Och hire palästinensesche Chauffeur koum ëm d‘Liewen. D‘Mataarbechter vun der Hëllefsorganisatioun wieren an engem däitlech gekennzeechente Gefier ënnerwee gewiescht fir Iessen am Norde vun der Gazasträif ze verdeelen. Et wier onverzeilech, datt Israel grad dunn eng Attack lancéiert hätt, esou d‘ONG op hirem Internetsite.

De Chef vun der ONG, e bekannte Kach, huet Israel schaarf verurteelt. Israel misst ophalen, blann Attacken ouni Rücksicht op Zivilisten ze maachen. Hien huet och der israeelesche Regierung virgehäit, Hëllefsliwwerungen an d‘Gazasträif weider ze erschwéieren, wärend ONGe virun enger Hongersnout an der Gazasträif warnen.

D‘Doudesaffer wieren aus Australien, Polen, USA, Kanada an de palästinensesche Gebidder. Déi israeelesch Arméi sot an enger éischter Reaktioun, si géif den Tëschefall genee ënnersichen. Israel gouf rezent ëmmer nees kritiséiert fir bei den Attacken an der Gazasträif net genuch Récksiicht op Zivilisten an op ONGen, déi de Leit hëllefen, ze huelen.

D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hiert Bäileed ausgeschwat. Den Nouthëllefscoordinateur vun de Vereenten Natioune Martin Griffiths huet déi verstuerwe Mataarbechter als Helde bezeechent.