Radioen

On air

Tockcity  |  CVC - The Lowrider (Just About Meant To Be)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Philippe Lazzarini: "Gaza ass d'Hell op der Äerd"

NO-Agence fir palestinensesch Flüchltingen

Philippe Lazzarini: "Gaza ass d'Hell op der Äerd"

Gaza ass d‘Hell op der Äerd. Dat sot de President vun der UNO-Agence fir palestinensesch Flüchltingen, no senger Visitte am Palestinenser-Gebitt, dat zanter zwee Méint intensiv vun Israel bombardéiert gëtt.

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
(Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib)

Iwwerall wiere Leit, si géifen an de Stroosse liewen an hätte guer näischt méi. Dat eenzegt wat se géife froen, wier, a Sécherheet bruecht ze ginn. Mee dat wier onméiglech, ou de Philippe Lazzarini op X.

Déi palestinensesch Gesondheetsautoritéiten, déi vun der Hamas kontrolléiert ginn, hunn de Moien di israeelesch Arméi beschëllegt, eng Klinik am Norde vun der Gazasträif gestiermt ze hunn, nodeems se se deeglaang belagert hat.

Israel mellt iwwerdeems och weider Fortschrëtter bei der Militär-Offensiv géint d‘Hamas an der Gazasträif. D‘Arméi hätt déi lescht Hamas-Zentralen am Norde vun der Gazasträif ëmzéngelt, Honnerte vun Hamas Kämpfer hätten sech an de leschten Deeg erginn, esou den israeelesche Verdeedegungsminister.