D‘Spidol gëllt israeelescher Duerstellung no als Hamas-Kommandozentral. De palestinensesche Gesondheetsministère, dee vun der Hamas kontrolléiert ass, huet matgedeelt, datt bei der Attack 15 Mënschen ëm d‘Liewe komm a 60 weiderer blesséiert gi wieren.
D‘Autoritéit hat behaapt, datt mat der Ambulanz Blesséierter bei de Grenziwwergang transportéiert gi wieren, fir an Ägypte kënne behandelt ze ginn. D‘Informatioune vu béide Säite kënnen net onofhängeg iwwerpréift ginn. D‘Weltgesondheetsorganisatioun huet sech an enger éischter Reaktioun schockéiert gewisen. Medezinesch Ariichtunge missten ëmmer geschützt ginn. D‘WHO huet en direkte Waffestëllstand gefuerdert.