Radioen

On air

9 bis 1  |  Bishop Briggs - Good For Me

play_arrow Live
search

/ Gaza: Israeelesch Arméi soll d'Kontroll iwwer Hamas-Institutiounen hunn

Noen Osten

Gaza: Israeelesch Arméi soll d'Kontroll iwwer Hamas-Institutiounen hunn

Déi israeelesch Arméi annoncéiert, datt si d‘Kontroll vun den Institutioune vun der Hamas zu Gaza iwwerholl hätt. Israeelesch Zaldote géifen d‘Regierungsgebaier, d‘Parlament an d‘Police-Gebai an der Stad Gaza kontrolléieren.

auto_stories

1 min

Gëschter Owend schonn hat den israeelesche Verdeedegungsminister matgedeelt, datt d‘Hamas d‘Kontroll iwwer Gaza verluer hätt. Der radikaler Palestinenser-Organisatioun hir Muecht wier am gaange, zesummenzebriechen. Ziviliste géifen Hamas-Basisse plëmmen a si hätte kee Vertraue méi an hir Regierung.